Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren.
Melancholia
In Film on September 26, 2011 at 8:37 pmNo dem epesche Prolog den de Schluss ewechhëlt a kloer mécht wourop de Film erausleeft, fänkt den éischten Deel vu Melancholia un. De Michael (Alexander Skarsgård) an d’Justine (Kirsten Dunst) fueren an enger Limousine op hir eegen Hochzäit a komme mam Auto net ëm eng Kéier. D’Gefiert ass ze laang. Se ginn ze Fouss, kommen ze spéit. Se schénge glécklech. Mais wéi och scho bei Breaking the Waves huet de Spectateur en ongutt Gefill während dem Fest. Wéi esou oft bei dem Lars von Trier waacht d’Onheel vun Ufank un iwwer allëm. D’Kameraféierung ass irritéirend a souguer schmäerzhaft unzekucken während der éischter Halschent. Séier fanne mer raus dass mat dem Justine eppes net stëmmt. Hat ass net zefridden, hat ass onroueg, leeft fort viru sengem Mann, léisst e stoen a schlussendlech alleng.
Blue Valentine
In Film on July 1, 2011 at 3:03 pmEch hunn an desem Moment The Summer without Men vum Siri Hustvedt fäerdeg gelies. Viru kuerzem hunn ech Blue Valentine nach eng Kéier gekuckt a festgestallt, dass et eng gutt Idi wir déi Gedanken, déi mer béid Wierker ginn hunn auszedrécken.
Blue Valentine vum Derek Cianfrance ass eng Geschicht iwwer zwee Mënschen, d’Cindy (Michelle Williams) an den Dean (Ryan Gosling), déi sech kennegeléiert, verléift an entléift hunn. Se ass schéin a romantesch, se ass traureg a se schéngt wouer. Hien ass en exzentreschen jonke Mann dien an enger Plënnerentreprise schafft, Ukulue spillt, séngt an wéi et schéngt en mëttelschwéiert Talent fir alles huet. D’Cindy ass op eng bedréckend Art schéin. Et studéiert Medizin bis dat net méi méiglech ass. Hat ass frech, clever an zu sengem Wiesen gehéiert eng eegenarteg Brutalitéit.


