Impressions d’un cimetière

En speiden Augustdaag um Kierfeg Père Lachaise zu Parais. D’Sonn as net mei staark, mee douce. D’Blieder fänken un en zarten Brongschimmer ze weisen, den Summer fend sain Enn. Villercher setzen roueg op den Sepulturen, Kaatzen leien am Schied enner Beem an einsam Henn schlaichen duerch dei oftmols eng Gäng. Friddlech fillt sech alles un. Daat daitscht Wuert “Friedhof” erfellt dei eischten keier an mengem Kapp seng Bedeitung. Tescht dem Jim, dem Marcel an dem Guillaume geneissen ech en melancholeschen Mueren an enger wonnerbarer Staadt.

Continue reading