Into the Abyss

Dat occidentalt Land dat sech zu all méiglechem Zäitpunkt als Weltpolice a moralesche Virstand gesäit ass och gläichzäiteg dat eenzegt westlecht Land dat niewt demokratesch zweiwelhafte Staaten wéi China, dem Iran a Saudi Arabien, Staaten déi d’USA selwer oft genuch vun hirem Podest aus ze kritiséiere wëssen, nach d’Doudesstrof erlaabt. An dëst a méi ewéi 25 vun insgesamt 50 Staaten. Continue reading

Advertisements

A Separation

Image

A Separation ass den éischten iranesche Film den e gëllene Bier gewonnen huet an och den éischten iranesche Film den en Oscar krut fir de beschten auslännesche Film. Op der Berlinale krut en dann och nach zwee sëlwer Bieren fir déi zwee Haaptduersteller an och e Golden Globe fir de beschten friemsproochege Film gouf ëm zougesprach.

De Film gouf geschriwwen an dirigéiert vum Asghar Farhadi, den de Film just produzéiere konnt mat dem Gewënn vu sengem leschte Film About Elly an der Hëllef vun engem amerikanesche Filmfond. Während den Dréiarbechte war et dann och scho bal aus fir de Farhadi, hien haat sech an enger Ried bemierkbar gemaach an der en verschidde kontestéiert iranesch Regisseure gelueft huet an dat huet dem iranesche Ministère fir Kultur and Islamesch Guidance net gefall. Duerch eng Entschëllegung konnt dëse wäertvolle Film dann awer fäerdeggestalt a publizéiert ginn ouni der Zensur ënnerleeën ze sinn. Continue reading

Shame

Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren.  Continue reading

Melancholia

No dem epesche Prolog den de Schluss ewechhëlt a kloer mécht wourop de Film erausleeft, fänkt den éischten Deel vu Melancholia un. De Michael (Alexander Skarsgård) an d’Justine (Kirsten Dunst) fueren an enger Limousine op hir eegen Hochzäit a komme mam Auto net ëm eng Kéier. D’Gefiert ass ze laang. Se ginn ze Fouss, kommen ze spéit. Se schénge glécklech. Mais wéi och scho bei Breaking the Waves huet de Spectateur en ongutt Gefill während dem Fest. Wéi esou oft bei dem Lars von Trier waacht d’Onheel vun Ufank un iwwer allëm. D’Kameraféierung ass irritéirend a souguer schmäerzhaft unzekucken während der éischter Halschent. Séier fanne mer raus dass mat dem Justine eppes net stëmmt. Hat ass net zefridden, hat ass onroueg, leeft fort viru sengem Mann, léisst e stoen a schlussendlech alleng. Continue reading

Blue Valentine

Ech hunn an desem Moment The Summer without Men vum Siri Hustvedt fäerdeg gelies. Viru kuerzem hunn ech Blue Valentine nach eng Kéier gekuckt a festgestallt, dass et eng gutt Idi wir déi Gedanken, déi mer béid Wierker ginn hunn auszedrécken.

Blue Valentine vum Derek Cianfrance ass eng Geschicht iwwer zwee Mënschen, d’Cindy (Michelle Williams) an den Dean (Ryan Gosling), déi sech kennegeléiert, verléift an entléift hunn. Se ass schéin a romantesch, se ass traureg a se schéngt wouer. Hien ass en exzentreschen jonke Mann dien an enger Plënnerentreprise schafft, Ukulue spillt, séngt an wéi et schéngt en mëttelschwéiert Talent fir alles huet. D’Cindy ass op eng bedréckend Art schéin. Et studéiert Medizin bis dat net méi méiglech ass. Hat ass frech, clever an zu sengem Wiesen gehéiert eng eegenarteg Brutalitéit. Continue reading

The Tree of Life

The Tree of Life ass dem Terrence Malick, den eigentlech Philosophie zu Harvard studéiert huet, säi fënnefte Film. Nodeems ech mer den Trailer vill ze oft ugekuckt hunn, huet sech eng eegenaarteg grouss Virfreed entwéckelt. Dës Freed sollt net enttäuscht ginn, mais ass erhiewlech gewuess an ass zu  Bewonneren a Staune ginn. De Film huet mech matgeholl vun Ufank un, sief et a Biller vu kosmeschem Liichten oder engem Kand dat aus dem Schaum an der Buedbidde laachend eropspréngt. Dat Visuellt ass wuel den éischten Deel vun  The Tree of Life den ee bestaunt oder dee wéinstens iwwerrascht. De Malick verbënnt, sief et narrativ oder nëmme grafesch, d’Entstéiung  vun dem Universum, vu Liewe mat der Evolutioun vun enger Famill a virun allem vun dem eelste Jong aus der Famill, dem Jack. Continue reading

Nei

Laang ass et hir seit ech fir d’lescht eppes geschriwwen hunn. Mais geschwënn sollt erëm méi hei sinn. Och wéinst Filmer déi geschwënn eraus komme wäerten an villes verspriechen, och wann se kryptesch wierken. Hei ënnendrënner zwee Traileren vun The Tree of Life  vum Terrence Malick and Melancholia vum Lars von Trier.

Continue reading

‘What you call love was invented by guys like me to sell nylons’

Loosst eis ee Moment zesummen an eng Méiglechkeet eraklammen. Stellt Iech fir Dir lieft an de Siechzeger Joeren. Zu New York. Dir schafft op Madison Avenue an enger Werbeagentur. Är charmant a maskulin Art erënnert un den Humphrey Bogart an Är Fra ass en zimlech gudde Grace Kelly Verschnëtt. Dir drénkt gär a fëmmt vill. Am léifste verbréngt Dir är Zäit mat Fraen mat deenen Dir net bestued sinn a kommt meeschtens eréischt dann heem wann Är Kanner schonn an hire Virstaadt Better schlofen. Dir setzt alles drun Är Vergaangenheet net mat der Géigewaart a scho guer net mat der Zukunft ze vermëschen. Nee, Dir hutt keng Vergaangenheet. Well et gëtt nëmmen ee Wee an de weist riichtaus. Dir gitt keng Kompromësser an a gleeft drun dass ee mat Geld och déi déifst Wonnen heele kann. Meeschtens. Léift a Frëndschaft si relativ, de Mënsch en intelligent mais manipuléierbart Deier. Dir lieft fir de gudde Moment well et schéngt wei wann Dir nëmme kuerzweileg zu Gléck bereet sidd. Dir sidd den Don Draper. Continue reading

Everybody was well dressed and everybody was a mess

Somewhere ass dem Sofia Coppola säi véierte Film. D’Regisseurin huet bewisen dass si net am Schied vun engem scho bal iwwermächtege Papp stoe muss, mais sech duerchaus och selwer behaapte kann. Virun allem dierft dat mat Lost in Translation kloer gi sinn, en Film den a villen Hisiichte schéin, traureg, ästhetesch ëmwerfend an iwwerhaapt a souwisou beandrockend wor. Allerdéngs huet dëst Meeschterwierk Moossstäb gesat, un déi een nëmme schwéier erukomme kann am weidere Schafen. De Nofolger Marie-Antoinette war e charmante Film, hat awer qualitativ näischt mam Virgänger ze dinn. Ëmsou méi wore Kritiker a Cinéphiler gespaant op dëst neit Wierk an hu gehofft et kéint u Lost in Translation uknäppen. Continue reading