Virun e puer Deeg sin ech op dësen Artikel am Telegraph opmierksam gin. Et geet hei ëm eng Fra, déi eng Aart Blinddarm Noutfall-Operatioun hat an duerno vill Kierpergewiicht verluer huet. Während d’Fra sech krank gefillt huet, schwaach, onfäheg um Liewen Deel ze huelen, hu weiblech Kolleginnen a Frëndinnen et éischter beneidenswert fonnt esou schnell esou vill ofzehuelen. Dass der Fra hier Liewe an akuter Gefoer war, schéngt bei der schneller “Diät” a Vergiessenheet geroden ze sinn. D’Auteurin vum Artikel freet sech: Wéisou ass Dënnsinn – net nëmme schlank sin – mee “Kate-Moss-dënn-sin” bei ville Fraen en ultimativt Liewensziel? Wéisou schéngt dat méi wichteg ze sin wéi d’Fähegkeet fest mat zwee Been am Liewen ze stoen? Gesond ze sin? Resilient ze sin? Freed um Liewen ze weisen andeems ee gäeren ësst am Plaz den Teller ze fäerten. Fir vill Fraen an der westlecher Welt schéngt d’Stéck Kuch déi nämlecht Gefoer auszestrahlen wéi en Grupp Taliban an hirer Stuff. Hei e puer “interessant” Fakten aus dem Artikel:
“Some 90 per cent of adult women are said to experience body image anxiety, from negative thoughts to full-blown self-loathing. A few years ago, I was asked to comment on research that suggested millions of women suffer from such negative self-image that they may feel too inhibited to attend work, or leave the house. The survey by YouGov for Tesco, suggested that as many as 8.3 million (more than one in three) women have cancelled social engagements on account of appearance anxiety, with employers estimated to lose £114.4 million a year to self-disgusted absenteeism.”
Oder och:
“The number of pre-teen children treated in hospital for eating disorders has tripled in four years, according to NHS figures. There were more than 6,500 children and teenagers treated in hospital in 2010‑11 for conditions such as anorexia, compared with 1,718 in 2007-08. The figures include 443 who received treatment before the age of 13 – a more than threefold rise. Among them were 79 children less than 10 when starting treatment, 56 aged five or under – anorexic behaviour picked up as toddlers.”
Dat ass net nëmmen traureg, mee extrem beonrouegend. Et wier naiv ze soen, dass all Iessstéierung op sozio-kulturell Faktoren zeréckzeféieren ass, mee hei ee kuerzt Beispill. D’Fra op der éischter Foto heescht Crystal Renn an ass e Plus Size Model. D’Fra ënnendrënner ass d’Cara Delevingne an ass e regulärt Model – verantwortlech fir de sougenannten “Thigh Gap Hype”, also de Fait dass d’Uewerschenkel vun der Fra sech net dierfe beréieren. (Buzzfeed huet als Witz d’Bikini-Bridge – de Bauch soll esou dënn sinn dass d’Hëftschanken erausstinn – erfonnt fir den Thigh-Gap als lächerlech ze outen, dat hu vill Frae wuel net matkrit an dat schéngt elo en neien Instagram Trend ze sin…) Wien ee méi schéi fënnt ass eng Saach vu perséinlechem Goût an doriwwer wëll ech net jugéieren. D’Fro déi sech hei awer opdrängt ass folgend: Déi gesond Fra ass keen natierlecht Model, mee en iwwergréisse Model an déi Fra, déi ganz kloer een ze niddrege BMI huet ass d’Norm an der Model Welt. Eng Persoun zu der vill jonk Meedecher eropkucken an un där sech orientéiert gëtt. Fro: Wéisou? Wéisou kucken uechter d’Welt virun allem jonk Fraen Shows wéi “Germany’s Next Top Model”? Et mécht mer Angscht, dass esou e Format, dat op absolut kee Kënnen/Charakterzuch/ënnere Wäert opgebaut ass esou vill Uklang fënnt. Fir et nach eng Kéier kloer ze maachen: D’Heidi Klum, u sech schon eng Persoun déi aller Wahrscheinlechkeet no vun engem frieme Planéit kënt fir Onheel op der Äerd unzeriichten, décidéiert mat zwee Männer wie schéin ass a wien net. Dat ass d’Format. Eng Fra gëtt hei wuertwiertlech reduzéiert op hir Abilitéit an High Heels ze trëppelen, op hir “Hip-to-Waist Ratio” an op e passabelt Gesiicht. Déi Fra déi gewënnt kënt op de Cover vun iergendengem Frae Magazin a sëtzt no dräi Joer beim Markus Lanz fir iwwer pénibel sexuell Erfahrungen ze schwätzen.
Dass et dat gëtt, dass et populär ass, dass et acceptéiert ass, léisst d’Feministin a mer waakreg gin. Viru kuerzem sot eng gutt Frëndin zu mir – en intelligente Mënsch mat dem een Gespréicher iwwer de Walter Benjamin féiere kann – hat kéint net ouni Make-Up aus dem Haus goen ouni sech derbäi manner “Wäert” ze fillen. Dat ass villäicht fir Männer dobaussen iwwerraschend, mee – sou schéngt et – an der Fraewelt ganz normal. Et gëwennt een u Wäert duerch eng perfekt Frisur, ee fitten/dënne Kierper a Mascara. Tjo. Den Ënnerscheed zu fréiere Formen vu feministeschem “Uproar” ass hei, dass Männer net onbedéngt doru Schold sin. Fraen si mëttlerweil streng bis hin zu ernidderegend mat sech selwer. Während meng männlech Kollegen/Frënn/Bekannter vill Wäert op Carrière leeën, “verléiere” jonk Fraen vill qualitativ Liewenszäit domat ze hongeren, stonnelaang am Buedzëmmer ze stoen, sech am Fitnesscenter ze quälen oder “nee” ze soen zu dem wat d’Liewen och liewenswäert mécht: e Gläs Wäin, e Stéck Kuch, e gutt Iessen…
Dat hei ass selbstverständlech keng wëssenschaftlecht Ofhandlung, dofir ass et baséiert op perséinlechen Andréck, Observatiounen an Artikelen, sou wéi Documentairen déi engem ëmmer mol erëm iwwer de Wee laafen. Ech sin allerdéngs der Meenung, dass vill Fraen u Selbstwäertgefill gewanne kéinten, wa se sech heiansdo méi op aaner Fähegkeete géife konzentréieren ewéi Ausgesinn. D’Ideal sollt jo u sech sin – genee ewéi bei Männer och – e selbststännege Mënsch ze sin, säi Liewen ze genéissen, Erfollëg ze hun am Beruff wéi och am Privatliewen. Fir all dat ze realiséieren brauch et allerdéngs Energie, Liewensloscht a Kraaft. Am Plaz a stänneger Kompetitioun mat anere Fraen ze sin – dozou féiert d’Optiméiruns-Formel an der Gesellschaft – wier et besser sech mat anere Frae verbonnen ze fillen, ausserhalb vum Ausgesinn. Dass d’Medien oft e Bild vermëttelen dat Fraen net encouragéiert hiren Intellekt oder hier Perséinlechkeet ze valoriséieren ass kloer. Dofir als Ofschloss vu menger Tirade hei e puer Documentairen/Serien, déi a mengen Aan e positivt a modernt Frae-Bild stäerken:
– MissRepresentation (Documentaire)
– Killing us Softly (Documentaire)
– The Good Wife (Serie)
–Masters of Sex (Serie)
– Orange is the New Black (Serie)