
D’Sofia Coppola an allen Eieren, The Bling Ring ass bis elo bei wäitem säi schlechteste Film. D’Geschicht vun dem Grupp Jonker aus Los Angeles, denen hire gréisste Wonsch et ass mat dem Paris Hilton an dem Lindsay Lohan a Verbannung bruecht ze ginn, ass beschtefalls ënnerhalsam a gréisstendeels fad. Trotz dem Emma Watson, dat wuel déi pénibelst Persoun an der Filmgeschicht spillt, gëtt de Film wéineg hir, och wann en nach esou usgestrengt versicht op de Poubelle-Liewensstil hinzeweisen, de vun dem Paris firgelieft a vun domme klenge Meedecher nogeäfft gëtt. D’wouer Geschicht vun den Abrëch an d’Hollywood Hills Villen ass net wierklech spektakulär an zeugt vu buedeloser Banalitéit an Dommheet. Dat eenzegt Interessant um Film ass de reliéis-sektairen Hannergrond vun dem Emma Watson Personnage. Hat gouf doheem vun enger spritiueller (wahrscheinlech geeschteskranker) Mamm ënnerriicht an entwéckelt sech an d’Géigerichtung vun de gepriedegten Dogmen, déi sech mat Nächsteléift, Respekt an Weltverbesserung beschäftegen.
Ech versti wuel, dass d’Coppola mat dem Film d’Platitude, d’Stupiditéit an d’Sënnlousegkeet vun der amerikanescher Konsumkultur firféiere wollt, allerdéngs ass ëm dat net wierklech gegléckt mat dësem langweilege Film.

Op Man of Steel hunn ech mech scho seit laangem gefreet. De Zack Snyder dirigéiert (Watchmen) an de Christopher Nolan (Batman) produzéiert. Optesch ass de Film duerchaus eng Gratwanderung wann een e mat fréiere Superman Adaptatioune vergläiche wëll. De Kostüm ass net méi grad esou lächerlech an d’Faarwen souwéi och d’Kameraastellungen loossen dack un dem Nolan seng Batman Trilogie denken. Den Ufang vun der Geschicht erënnert staark un den éischte Star Trek vum J.J. Abrams an de Spectateur hofft nach op eng innovativ Duerstellung vun dem Clark senger Kandheet a Jugend, déi nëmmen deelweis kënt. Wat allerdéngs méi kënt ass eng endlos schéngend Uneneereihung vun dem jonke Kent sengen actionräichen Auserneesetzungen mat Visiteuren vu sengem Heemeschtsplanéit op der Äerd, notamment mam General Zod, de schlecht vum Michael Shannon duergestalt gëtt. Alles dat iwwer méi wéi zwou Stonnen. Och nach am Film: Räichlech nei-testamental chrëschtlech Symbolik an Opnahmen déi staark an zevill un 9/11 appelléieren. Den Henry Cavill gesäit aus wéi e Model fir Dolce & Gabbana a spillt och demno, a souguer d’Amy Adams ass net iwwerwältegend als Lois Lane. Alles an allem en enttäuschende Film. Schued.

Endlech. Le Passé vum Asghar Farhadi huet alles wat e wonnerbare Film ausmécht. Zwou Famillien treffen openeen. Dem Marie (Bérénice Bejo) säin iraneschen Ex-Mann Ahmad (Ali Mosaffa) kënt no Paräis geflunn fir d’Scheedungspabeieren definitiv ze ënnerschreiwen. Do gëtt hien mam Marie sengem neie Frënd Samir konfrontéiert, den exzellet gespillt gëtt vum Tahar Rahim, muncher kennen dëse grandiosen Acteur villäicht nach aus Un Prophète. De Samir lieft mat sengem troubléierte klenge Jong beim Marie a sengen zwee Meedecher. Séier fanne mir eraus dass dem Samir seng Fra am Koma läit an dëst fir déi gesamt Famill belaaschtend Onkloerheete mat sech bréngt.
Eemol erëm bréngt de Farhadi et fäerdeg sensibel, clever an engagéierend net nëmmen Differenzen tëscht verschiddene Kulturen duerzestellen, mais och d’Kommunikatioun vu Gefiller a Gedanken an enger Famill weist hien authentesch a komplex. Ouni eppes ze verroden soll gesot sinn, dass alleng de wonnerbare Schluss et derwäert mécht de Film kucken ze goen. Seelen wor ech gläichzäiteg esou beréiert a gebannt, d’Enn vum Film mécht en zu engem Meeschterwierk a léisst de Spectateur net méi lass, rësselt en an hofft drop, dass en aus dem Film geet an eppes behält vun der Atmosphär.