35 mm

Dänn

bicherbutték

antwerpen

bicher

pétanque

 

urbanangel

Advertisements

Filmréckbléck 2013/14 mam Chris

DF-02238.CR2

llewyn-davis

Dallas-Buyers-Club

Gravity

De Chris an ech hun eis iwwert eis léifst Filmer (d’Fotoen uewendriwwer loosse schon op esou munche Film schléissen) vun dëser Saison ënnerhaalen. Jiddfreen huet seng Top 10 firgestallt an zesummen hu mer d’Filmer diskutéiert. Vill Spass beim lauschteren a mir géifen ons natierlech och iwwer déi eng oder aner Meenung zu de Filmer déi mer beschwat hun (an och zu aneren déi mer net gesin hun) freeën.

Nach eemol dem Chris respektiv meng Top 10:

10.Captain Philips (Paul Greengrass)

9.What Maisie Knew (Scott McGehee and David Siegel)

8.Stories we Tell (Sarah Polley)

7.Gravity (Alfonso Cuaron)

6.Trance (Danny Boyle)

5.The Hunt (Thomas Vinterberg)

4.Fruitvale Station (Ryan Coogler)

3.Le Passé (Asghar Farhadi)

2.12 Years a Slave (Steve McQueen)

1.Dallas Buyers Club (Jean-Marc Vallée)

Hei ass de SoundCloud Link:

Réckbléck

Thigh-Gap a Bikini-Bridge

1293457054739

Cara Delevingne FB4

Virun e puer Deeg sin ech op dësen Artikel am Telegraph opmierksam gin. Et geet hei ëm eng Fra, déi eng Aart Blinddarm Noutfall-Operatioun hat an duerno vill Kierpergewiicht verluer huet. Während d’Fra sech krank gefillt huet, schwaach, onfäheg um Liewen Deel ze huelen, hu weiblech Kolleginnen a Frëndinnen et éischter beneidenswert fonnt esou schnell esou vill ofzehuelen. Dass der Fra hier Liewe an akuter Gefoer war, schéngt bei der schneller “Diät” a Vergiessenheet geroden ze sinn. D’Auteurin vum Artikel freet sech: Wéisou ass Dënnsinn – net nëmme schlank sin – mee “Kate-Moss-dënn-sin” bei ville Fraen en ultimativt Liewensziel? Wéisou schéngt dat méi wichteg ze sin wéi d’Fähegkeet fest mat zwee Been am Liewen ze stoen? Gesond ze sin? Resilient ze sin? Freed um Liewen ze weisen andeems ee gäeren ësst am Plaz den Teller ze fäerten. Fir vill Fraen an der westlecher Welt schéngt d’Stéck Kuch déi nämlecht Gefoer auszestrahlen wéi en Grupp Taliban an hirer Stuff. Hei e puer “interessant” Fakten aus dem Artikel:

“Some 90 per cent of adult women are said to experience body image anxiety, from negative thoughts to full-blown self-loathing. A few years ago, I was asked to comment on research that suggested millions of women suffer from such negative self-image that they may feel too inhibited to attend work, or leave the house. The survey by YouGov for Tesco, suggested that as many as 8.3 million (more than one in three) women have cancelled social engagements on account of appearance anxiety, with employers estimated to lose £114.4  million a year to self-disgusted absenteeism.”

Oder och:

“The number of pre-teen children treated in hospital for eating disorders has tripled in four years, according to NHS figures. There were more than 6,500 children and teenagers treated in hospital in 2010‑11 for conditions such as anorexia, compared with 1,718 in 2007-08. The figures include 443 who received treatment before the age of 13 – a more than threefold rise. Among them were 79 children less than 10 when starting treatment, 56 aged five or under – anorexic behaviour picked up as toddlers.”

Dat ass net nëmmen traureg, mee extrem beonrouegend. Et wier naiv ze soen, dass all Iessstéierung op sozio-kulturell Faktoren zeréckzeféieren ass, mee hei ee kuerzt Beispill. D’Fra op der éischter Foto heescht Crystal Renn an ass e Plus Size Model. D’Fra ënnendrënner ass d’Cara Delevingne an ass e regulärt Model – verantwortlech fir de sougenannten “Thigh Gap Hype”, also de Fait dass d’Uewerschenkel vun der Fra sech net dierfe beréieren. (Buzzfeed huet als Witz d’Bikini-Bridge – de Bauch soll esou dënn sinn dass d’Hëftschanken erausstinn – erfonnt fir den Thigh-Gap als lächerlech ze outen, dat hu vill Frae wuel net matkrit an dat schéngt elo en neien Instagram Trend ze sin…) Wien ee méi schéi fënnt ass eng Saach vu perséinlechem Goût an doriwwer wëll ech net jugéieren. D’Fro déi sech hei awer opdrängt ass folgend: Déi gesond Fra ass keen natierlecht Model, mee en iwwergréisse Model an déi Fra, déi ganz kloer een ze niddrege BMI huet ass d’Norm an der Model Welt. Eng Persoun zu der vill jonk Meedecher eropkucken an un där sech orientéiert gëtt. Fro: Wéisou? Wéisou kucken uechter d’Welt virun allem jonk Fraen Shows wéi “Germany’s Next Top Model”? Et mécht mer Angscht, dass esou e Format, dat op absolut kee Kënnen/Charakterzuch/ënnere Wäert opgebaut ass esou vill Uklang fënnt. Fir et nach eng Kéier kloer ze maachen: D’Heidi Klum, u sech schon eng Persoun déi aller Wahrscheinlechkeet no vun engem frieme Planéit kënt fir Onheel op der Äerd unzeriichten, décidéiert mat zwee Männer wie schéin ass a wien net. Dat ass d’Format. Eng Fra gëtt hei wuertwiertlech reduzéiert op hir Abilitéit an High Heels ze trëppelen, op hir “Hip-to-Waist Ratio” an op e passabelt Gesiicht.  Déi Fra déi gewënnt kënt op de Cover vun iergendengem Frae Magazin a sëtzt no dräi Joer beim Markus Lanz fir iwwer pénibel sexuell Erfahrungen ze schwätzen.

Dass et dat gëtt, dass et populär ass, dass et acceptéiert ass, léisst d’Feministin a mer waakreg gin. Viru kuerzem sot eng gutt Frëndin zu mir – en intelligente Mënsch mat dem een Gespréicher iwwer de Walter Benjamin féiere kann – hat kéint net ouni Make-Up aus dem Haus goen ouni sech derbäi manner “Wäert” ze fillen. Dat ass villäicht fir Männer dobaussen iwwerraschend, mee – sou schéngt et – an der Fraewelt ganz normal. Et gëwennt een u Wäert duerch eng perfekt Frisur, ee fitten/dënne Kierper a Mascara. Tjo. Den Ënnerscheed zu fréiere Formen vu feministeschem “Uproar” ass hei, dass Männer net onbedéngt doru Schold sin. Fraen si mëttlerweil streng bis hin zu ernidderegend mat sech selwer. Während meng männlech Kollegen/Frënn/Bekannter vill Wäert op Carrière leeën, “verléiere” jonk Fraen vill qualitativ Liewenszäit domat ze hongeren, stonnelaang am Buedzëmmer ze stoen, sech am Fitnesscenter ze quälen oder “nee” ze soen zu dem wat d’Liewen och liewenswäert mécht: e Gläs Wäin, e Stéck Kuch, e gutt Iessen…

Dat hei ass selbstverständlech keng wëssenschaftlecht Ofhandlung, dofir ass et baséiert op perséinlechen Andréck, Observatiounen an Artikelen, sou wéi Documentairen déi engem ëmmer mol erëm iwwer de Wee laafen. Ech sin allerdéngs der Meenung, dass vill Fraen u Selbstwäertgefill gewanne kéinten, wa se sech heiansdo méi op aaner Fähegkeete géife konzentréieren ewéi Ausgesinn. D’Ideal sollt jo u sech sin – genee ewéi bei Männer och – e selbststännege Mënsch ze sin, säi Liewen ze genéissen, Erfollëg ze hun am Beruff wéi och am Privatliewen. Fir all dat ze realiséieren brauch et allerdéngs Energie, Liewensloscht a Kraaft. Am Plaz a stänneger Kompetitioun mat anere Fraen ze sin – dozou féiert d’Optiméiruns-Formel an der Gesellschaft – wier et besser sech mat anere Frae verbonnen ze fillen, ausserhalb vum Ausgesinn. Dass d’Medien oft e Bild vermëttelen dat Fraen net encouragéiert hiren Intellekt oder hier Perséinlechkeet ze valoriséieren ass kloer. Dofir als Ofschloss vu menger Tirade hei e puer Documentairen/Serien, déi a mengen Aan e positivt a modernt Frae-Bild stäerken:

MissRepresentation (Documentaire)

Killing us Softly (Documentaire)

The Good Wife (Serie)

Masters of Sex (Serie)

Orange is the New Black (Serie)

Hall of Mirrors

29Excerpt1-articleLarge-v4                                                            (c) The New York Times

Den Dave Eggers ass de Créateur vum Verlaag McSweeney’s an dem Magazin The Believer. Hien ass ënnert aanerem bekannt fir seng Bicher A Heartbreaking Work of Staggering Genius, What is the What, Zeitoun an A Hologram for the King. Den Eggers huet außerdem eng Introduktioun fir dem David Foster Wallace säin Infinite Jest geschriwwen, d’Screenplay vum Sam Mendes sengem Film Away we Go an niewendrun och nach dem Maurice Sendak säi Kannerbuch Where the Wild Things are “frësch” geschriwwen befir de Film eraus koum. Den Dave Eggers wunnt mat senger Famill zu San Francisco an ass bekannt fir seng liberal arts Approche a seng lénks-politesch Vuen. You get the gist.

Ëm sou méi schued ass et, dass säi lescht Wierk The Circle eng kleng literaresch Katastroph ass. De Plot ass komplett prévisibel, d’Charakteren sin eesäiteg a langweileg (an zum Deel onfirstellbar stupid konzipéiert), d’Prosa ass onraffinéiert a verschidde Sätz wierken, wéi wa se och bei Jersey Shore oder Fifty Shades of Grey kéinte rëmfonnt ginn. The Circle wir doduerch  u sech komplett ze négligéieren a keng Kritik wäert, wann den Eggers net e wiirklech ambitiéist Thema erausgesicht hät, dat et ze erkläeren gëlt.

De Circle ass eng un der West Coast vun den USA ugesiedelt Technology a Social Media Firma déi ënnerhalb vu kierzester Zäit hir Konkurrenz obsolet gemaach huet. De Modell soll op eng futuristesch a weiderentwéckelt Versioun vu Google opgebaut sinn. Geleet vun dräi sougenannte “Wise Men” strieft de Circle komplett Transparenz un. Dat beinhalt ënnert aanerem omnipräsent Kameraen, komplett transparent Politiker an onzäleg mol méi kléng, mol méi grouss Versich alles ze wëssen, iwwer jiddfereen, iwwerall, zu all Zäitpunkt. Verkaaft gëtt d’abstrus Mëschung aus der Orwell and Huxley Visioun ënnert der Promesse Kriminalitéit, Korruptioun an Anti-Demokratescht Behuelen aboléieren ze wëllen. Dat wat een als “Soft Fascism” kéint beschreiwen, gëtt vun de Circle Memberen (baal jiddfree mat Internetzougang op der Äerd schéngt am Buch en Account ze hunn) ënnerstëtzt. De Circle ass den neien hellege Graal an d’Wise Men d’Reinkarnatioun vu Jesus, dem Erléiser.

Di komplett Experienz gëtt am Buch duerch d’Mae vermëttelt, eng 24 Joer aal Fra mat engem liberal arts college Hannergrond, déi ufänkt a Customer Enquiries ze schaffen an awer séier d’Ambassatrice vum Circle gëtt. Hat lieft komplett transparent, dréit de ganzen Daag eng Kamera ëm den Hals mat engem live Audio Feed. All Mënsch mat engem Circle Account kann d’ Mae op Schratt an Tratt followen. Wat et ustrengnd mécht dem Mae als Lieser op baal 500 Säiten nozekucken, ass der jonker Fra hir schéngbar grenzelos Dommheet. Den Eggers huet am Mae ee Charakter geschaaf deen ee mat frëschen Kuchdeeg vergläiche kéint: et passt perfekt an all firkonzipéiert Form. D’Mae gleeft un all Idi déi de Circle presentéiert, säi Geescht ass méi onkritesch wéi de vun enger Amöb an et kéint een et als Zouspétzung a Karikatur vun dem moderne Social Media User beschreiwen. Kontroll ass ok, Iwwerwaachung ass jo nëmme bénéficiare an e Privatliewen brauch dach souwisou keen. Freed um Liewen besteet fir d’Mae doranner, dass 100% vun de Circle Memberen hat gäeren hun. Hat wëll dass Mënsche sech u säi Liewen erënneren wann et bis eemol doud ass, a wéi kéint een e Mënsch vergiessen wann all Sekonn vu sengem waache Liewen zu all Zäitpunkt an enger riiseger Datebank verfügbar ass? D’Mae ass esou onkritesch, dass et de Lieser iergendwann an de Wahnsënn dreift an och einfach nëmmen onglaafwierdeg ass, sou wéi déi ganz Entwécklung vum Circle selwer. Och wann d’Mënschegeschlecht an der Vergaangenheet net ëmmer intelligent Verhaale bewisen huet, sou stellt sech hei d’Fro wéisou am Buch net vu Géigebeweegungen geschwaat gëtt. Op 500 Säiten gin et genee zwee Persounen deene hir Géigenargumenter zu Wuert kommen. Wa Washington D.C. vun enger privater Firma quasi gezwonge gëtt komplett transparent ze ginn, dann géif dat an der realer Welt zu Protester vu ville Säite féieren. Net esou am Buch: D’Apokalypse gëtt freedeg begréisst. Den Eggers mécht all erdenklechen Effort am Buch drop hinzeweisen wéi geféierlech et ass, wa mir eis privat Daten duerch sozial Medien un d’Privatwirtschaft oder un d’Gouvernement verkaafen oder éischter: verschenken. Him geléngt et a senger Dystopie allerdéngs net drop hin ze weisen, dass et eng Alternativ gëtt. Hien schéngt all Vertrauen an d’Mënschheet verluer ze hunn. Wann dach d’Realitéit geleeëntlech weist, dass dann awer vill Mënschen net dermat d’accord sinn, dass d’NSA méi iwwer eis wees, wéi deene meeschte léif ass. Oder de SREL.

Aanerersäits: Jo. Hien huet Recht. Wa Medienopklärung (an dat beinhalt d’Gefoeren vu soziale Medien an d’Fräiginn vu perséinlechen Donnéeën) net méi eng grouss Plaatz an eiser Gesellschaft fënnt, dann droht d’Zukunft ongemittech ze ginn. D’Verlobung vu Privatwirtschaft a Politik, déi am Buch beschriwwe gëtt, ass nëmmen eng Fro vun der Zäit. Befir mer ons driwwer freeën – wéi kléng Kanner déi en neit Spillgeschier fir de Kleesche kruuten – dass den Jeff Bezos annoncéiert Amazon géif an e puer Joer Miniatur Drohnen  an onsere Gaart schécken, komm mer denken éischt emol grëndlech driwwer no wat dat bedeit. Befir Google friddlech a fröhlech Bicher scannen dierf, komm mer froen eis ob dat esou korrekt an opreegend ass wéi et kléngt. Den Zäitpunkt verschidde Fakten iwwer eis glorifizéiert Gadgeten an Lieblingsfirmen ze akzeptéieren ass elo. Befir mer bei Amazon dem Grousspapp säi Chrëschtdaagscado-Buch iwwer lëtzebuerger Geschicht kaafen: Den Alinéa huet et sécher och. Befir mer ons en neien iPhone zouleeën, den aalen fonktionéiert dach nach ganz gutt. Befir mer all nach esou kléngen onwichtegen Gedanken op Twitter oder Facebook matdeelen (jo, ech wees, ech hu souwuel e Facebook wéi och en Twitter Account), komm mer froen ons ob mer dat net léiwer eise Frënn, Matbewunner oder eiser Famill einfach esou wëlle matdeelen.

Och wann den Eggers e wiirklecht mëttelméissegt Buch geschriwwen huet wat d’Sprooch, de Plot an d’Charakteren uginn. An engem Punkt kann a soll een dem Auteur zoustëmmen: Et ass onsexy nëmmen nach en Instrument ze sinn.

Digital ist besser?

tumblr_mtxwvxnda21qbybxvo4_500

Viru véier Joer hun ech ugefaangen zu Paräis ze studéieren. Ugefang ass villäicht ze héich gegraff, ech hu schon no e puer Méint opgehaalen, well, wéi een dat esou banal ausdréckt, ‘et sech net richteg ugefillt huet’. Zënterdem studéieren ech zwouch anescht. Dorëms soll an dësem Bäitrag awer guer net goen. Paräis läit a Frankräich. Frankräich as lues. An zimlech villem, awer virun allem wann et drëms geet eng Internetverbindung un d’Laafen ze kréien. Sou hun ech a menger klenger Wunneng bei Montmarte e Mount ouni Internetkonnektioun verbruecht.

 Wat romantesch an no Amélie kléngt, war einfach nëmmen eng groussaarteg Erfahrung, déi ech zënter deem net méi esou hat. Net nëmmen hun ech net de konstante Besoin verspuert meng sozial Netzwierk Timelines fir nei interessant Sujeten ze duerchforsten, mais och hat ech e bessert Gespier dofir wat ech mat menger Zäit ufänke wollt. Ech hu méi gelies wéi elo, hu Paräis gréisstendeels ze Fouss découvréiert, hat méi Freed dru schwammen a lafen ze goen a sou weider a sou fort. Souguer en neien Zäitverdreif, d’Photographie, hunn ech entdeckt. Kuerz : Ech hu mäi Liewe méi bewosst genoss a gespuert. Ech hu meng Emwelt méi konzentréiert wouer geholl. Ech hu mech besser kënne konzentréieren. Virun allem op eng Saach an nëmmen op déi eng Saach. Sief et kachen oder Virginia Woolf liesen. Ech si virun d’Dier gaangen ouni mäi Smartphone misse parat ze hunn. Ech war méi entspant. Souguer besser geschlof hun ech. Ech haat d’Gefill mäi Kierper hät sech méi no sengen eegene Besoinen geriicht. Wann ech midd wor, hun ech geschlof an net nach bis dräi Auer mueres sënnlos op tumblr Fotoen vu frieme Mënsche gekuckt.

Mëttlerweil beschwéieren ech mech ëmmer nees iwwer meng fehlend Disziplin, mangelnd Konzentratioun a verschwend Liewenszäit. Op mengem Nuetsdësch leie Bicher mat Rotschléi fir eng besser Konzentratioun a manner Proktrastinatioun. Et as pénibel dat zouzeginn. Ech fille mech oft wéi e klengt Kand, dat villäicht net gefrot gëtt fir matzespillen, wann et ze lang offline ass. Momenter vu Kreativtéit ginn oft zerstéiert duerch di schier Méiglechkeet dann awer léiwer di nei HBO Miniserie ze kucken.

 Wa renomméiert Auteuren wéi den Jonathan Franzen oder den David Foster Wallace sech iwwer dat modernt digitalt Zäitalter a seng Konflikter ausloossen, sou kann dat entnervend wierken, mais et ass nëtzlech a wichteg. Fir Erwuessener ass de richtegen Emgang mam Internet en Challenge, wéi dësen Artikel suggeréiert.

 Mais wann ëmmer méi jonk Kanner e Smartphone mat Internet-Accès mat an d’Schoul bréngen, dann ass dat en Thema dat sollt opbruecht ginn. Genee esou wéi Kanner a Facebook. An domadder mengen ech net emol, dass se e liicht Affer wieren fir Mënschen mat (sexuellem) Gewaltpotential, mais ech froe mech (domm an naiv wéi ech numol geleeëntlech sinn) : Wat mécht et mat Kanner sech di ganzen Zäite selwer vu baussen ze gesinn, sech duerch Fotoen a Kommentarer ëffentlech ze inszenéieren? Wat mécht et mat hiren tëschemënschleche Bezéiungen? Wann ech heiansdo eng Foto gesinn op der en 10-jähregt Meedchen poséiert (hallef ugedo, gewollt sexy Bléck, Kussmond), da gëtt mer dat ze bedenken. Et mécht eppes mat Kanner, zu allem am Internet Zougang ze hun (a si mer éierlech, deene meeschten Elteren as et egal oder se gin fiir keng Zäit ze hunn fir medial Opklärung). Lo kéint ee jo soen : Fernseh. Mais ‘Fréier’ hu mir gekuckt, wat gelaf ass. Do war och mol Jurassic Park oder e schlechten brutalen Action Film mam Arnold Schwarzenegger derbäi. Mais net all Haushalt haat e puer Téléën an oft hun d’Eltern dat schlëmmst verhënnert. Haut allerdéngs hu Kanner (déi en Zougang zu Internet hun an dat ginn der ëmmer méi) ëmmer Accès zu all Zort vu verstéirender Matière. Domat ass emol net onbedéngt pornografescht Material (och dat soll a mengen Aan net ze fréi entdeckt ginn) oder extrem Gewalt gemengt, mais och simpel Siten op deenen et beispillsweis ëm sougenannte Celebrities geet. Jonk Meedecher di iwwer dem Miley Cyrus seng Diäten an ähnlech onwichteg faits diversen liesen, kënne sech a mengen Aan net onbedéngt esou liicht zu opgeklärte Bierger entwéckelen, wéi Kanner, déi sech mat hirer Kandheet beschäftegen an net allen non-issues ausgesat gin, déi een um Internet fanne kann.

 Dofir braucht et a Schoulen onbedéngt eng bewosst Opklärung iwwer den Internet a seng Benotzung. Ganz praktesch d’Risiken erklären, awer och op sozial Netzwierker agoen, op Gefoeren, mais och op di interessant a bénéficaire Säiten hiweisen : Wikipedia, Portaler déi engem bei Léieren hëllefe kënnen…ass ganz wichteg. Wat bei Sexualitéit an Drogen gebraucht gëtt, brauch et menger Meenung no och bei dësem Sujet, näischt schéngt haut esou omnipräsent ze sinn wéi den Internet an alles wat e mat sech bréngt.

 Fir zeréck ze kommen op den Ufank, sou hoffen ech staark en equilibéieren Ëmgang ze fannen mat dem Léift/Haass Medium. Ouni Internet géif ech dat hei net schreiwen an direkt dono publizéieren an op eng Diskussioun hoffen. Ouni Internet hät ech haut awer och villäicht méi fir d’Uni geschafft. Ech verdaamen d’digitalt Zäitalter net, ech fannen et faszinéirend a begréisse vill vun den Innovatiounen déi et mat sech bruecht huet. Ech denke just, dass eiser Fräiheet, Onofhängegkeet a Kreativitéit wëllen et wichteg ass, en Ëmgang dermat ze fannen, de genau esou nuancéiert ass wéi d’Medium selwer. Responsabilitéit gëllt och hei genee wéi am ‘reale’ Liewen als wichteg, genee wéi keen endlost Vertrauen an Internet Entreprisen, deenen hire Wäert a Milliounen an a Milliarden op der Bourse gehandelt gëtt, ze hun. Net nëmme Kanner brauchen Denkustéiss an Opklärung, wann et ëm d’allëmfaassend Medium Internet geet. Och mir Erwuessener di gutt drun, eis net un den digitale Marché ze verkaafen an den Internet net als Heilsbringer ze gesinn. Et lount sech, e kritesche Bléck ze entwéckelen oder ze kultivéieren an net alles wat blénkt fir Gold ze halen. Ofschléissend dës Wieder, déi ech op Mother Jones font hun an déi ee roueg an e méi globale politesche Kontext setze kann:

“The promise of the Internet was that it would liberate people and bolster democracy, but it has become a tool for suppression and control. In fact, it is one of the most powerful instruments of control ever invented. The most essential challenge we face today is related to the real effect of the Internet. Will it impart power to people and liberate them, or will it impart more strength to the centers of power and help them oversee, control and suppress the population? That is the struggle of our generation, and it has yet to be decided.”

 

Moderne Jesus an nerveg Meedecher: Kuerz kritiséiert

hr_The_Bling_Ring_1

D’Sofia Coppola an allen Eieren, The Bling Ring ass bis elo bei wäitem säi schlechteste Film. D’Geschicht vun dem Grupp Jonker aus Los Angeles, denen hire gréisste Wonsch et ass mat dem Paris Hilton an dem Lindsay Lohan a Verbannung bruecht ze ginn, ass beschtefalls ënnerhalsam a gréisstendeels fad. Trotz dem Emma Watson, dat wuel déi pénibelst Persoun an der Filmgeschicht spillt, gëtt de Film wéineg hir, och wann en nach esou usgestrengt versicht op de Poubelle-Liewensstil hinzeweisen, de vun dem Paris firgelieft a vun domme klenge Meedecher nogeäfft gëtt. D’wouer Geschicht vun den Abrëch an d’Hollywood Hills Villen ass net wierklech spektakulär an zeugt vu buedeloser Banalitéit an Dommheet. Dat eenzegt Interessant um Film ass de reliéis-sektairen Hannergrond vun dem Emma Watson Personnage. Hat gouf doheem vun enger spritiueller (wahrscheinlech geeschteskranker) Mamm ënnerriicht an entwéckelt sech an d’Géigerichtung vun de gepriedegten Dogmen, déi sech mat Nächsteléift, Respekt an Weltverbesserung beschäftegen.

Ech versti wuel, dass d’Coppola mat dem Film d’Platitude, d’Stupiditéit an d’Sënnlousegkeet vun der amerikanescher Konsumkultur firféiere wollt, allerdéngs ass ëm dat net wierklech gegléckt mat dësem langweilege Film.

henry_cavill_in_man_of_steel-wide

Op Man of Steel hunn ech mech scho seit laangem gefreet. De Zack Snyder dirigéiert (Watchmen) an de Christopher Nolan (Batman)  produzéiert. Optesch ass de Film duerchaus eng Gratwanderung wann een e mat fréiere Superman Adaptatioune vergläiche wëll. De Kostüm ass net méi grad esou lächerlech an d’Faarwen souwéi och d’Kameraastellungen loossen dack un dem Nolan seng Batman Trilogie denken. Den Ufang vun der Geschicht erënnert staark un den éischte Star Trek vum J.J. Abrams an de Spectateur hofft nach op eng innovativ Duerstellung vun dem Clark senger Kandheet a Jugend, déi nëmmen deelweis kënt. Wat allerdéngs méi kënt ass eng endlos schéngend Uneneereihung vun dem jonke Kent sengen actionräichen Auserneesetzungen mat Visiteuren vu sengem Heemeschtsplanéit op der Äerd, notamment mam General Zod, de schlecht vum Michael Shannon duergestalt gëtt. Alles dat iwwer méi wéi zwou Stonnen. Och nach am Film: Räichlech nei-testamental chrëschtlech Symbolik an Opnahmen déi staark an zevill un 9/11 appelléieren. Den Henry Cavill gesäit aus wéi e Model fir Dolce & Gabbana a spillt och demno, a souguer d’Amy Adams ass net iwwerwältegend als Lois Lane. Alles an allem en enttäuschende Film. Schued.

Le-Passe-bilde-2

Endlech. Le Passé vum Asghar Farhadi huet alles wat e wonnerbare Film ausmécht. Zwou Famillien treffen openeen. Dem Marie (Bérénice Bejo) säin iraneschen Ex-Mann Ahmad (Ali Mosaffa) kënt no Paräis geflunn fir d’Scheedungspabeieren definitiv ze ënnerschreiwen. Do gëtt hien mam Marie sengem neie Frënd Samir konfrontéiert, den exzellet gespillt  gëtt vum Tahar Rahim, muncher kennen dëse grandiosen Acteur villäicht nach aus Un Prophète. De Samir lieft mat sengem troubléierte klenge Jong beim Marie a sengen zwee Meedecher. Séier fanne mir eraus dass dem Samir seng Fra am Koma läit an dëst fir déi gesamt Famill belaaschtend Onkloerheete mat sech bréngt.

Eemol erëm bréngt de Farhadi et fäerdeg sensibel, clever an engagéierend net nëmmen Differenzen tëscht verschiddene Kulturen duerzestellen, mais och d’Kommunikatioun vu Gefiller a Gedanken an enger Famill weist hien authentesch a komplex. Ouni eppes ze verroden soll gesot sinn, dass alleng de wonnerbare Schluss et derwäert mécht de Film kucken ze goen. Seelen wor ech gläichzäiteg esou beréiert a gebannt, d’Enn vum Film mécht en zu engem Meeschterwierk a léisst de Spectateur net méi lass, rësselt en an hofft drop, dass en aus dem Film geet an eppes behält vun der Atmosphär.

Laag vun der Natioun

5704132

Ech hu kee politesche Blog. Ech wëll dofir elo net op divers Affairen agoen, déi an de leschte Méint fir Furore gesuergt hun. Dat kann ee besser an e puer (allerdéngs net an allen) lëtzebuerger Medien noliesen an nolauschteren. Ech wëll just am Hibléck op méiglech Neiwahlen, déi mëttlerwéil vun méi wéi nëmmen enger Handvoll Bierger gefuedert ginn, op en Thema agoen, dat net direkt d’Verhaalen vun diverse Politiker betrëfft, mais dat vun dem Vollék.

Léif Lëtzebuerger (et tous ceux qui viennent de loin). Seit enger gefilltener Eiwegkeet gidd dir (jo, ech jo och) vun der nämlechter Partei regéiert. Seit laangem vun dem nämlechte Premier. E Mann an dem seng Hänn dir ärt Gléck, är Zukunft, ärt Geld geluecht hudd. Baal blann gouf joerelaang gewielt, well Hee kann dat. Hee wees wéi et leeft. Hee béit alles riicht. Hee beschützt Iech och virun der haarder Welt dobaussen an där et meeschtens keen Index an och keen 13. Mount ginn. Bis elo wor et esou.

Léif Lëtzebuerger. Eng Demokratie ass nëmmen dann gerechtfäerdeg an oprecht ze erhaalen wann all Bierger dofir eppes mécht. Dozou gehéiert Informatioun. Dat erëm mécht eegestännegt Denken méiglech. Dat erëm féiert derzou d’Realitéit ze erkennen befir d’Kand am Pëtz läit. Kuerz: Loosst ons all zesummen un dësem Daag, dem Nationalfeierdaag, den Entschloss faassen an Zukunft eis Biergerpflicht aanescht wouer ze huelen. Suen a Sëcherheet sinn net alles a scho guer net de sëchere Wee. Loosst ons zesummen Eierlechkeet fuederen a loosst ons weisen, dass een e Vollék net einfach un der Nues erëm féiere kann. Spéitstens an de Wahlen nächst Joer, oder villäicht och nach dëst Joer, sidd informéiert, integer, a frot Iech a wéiengem Land Dir liewe wëllt. An engem  Staat an dem no engem Iwwer-Papp verlaangt gëtt, oder an enger richteger Demokratie, an der Bieger bereet sinn Konsequenzen ze zéien, wann hir Politiker sech dernieft behuelen.

Kuerz: Spadalogie

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Spadalogie oder: Ech wëll mäi Geld zeréck

Konscht. Oder wéi och ëmmer een et nennt.

Se soll net do sinn fir aaner Mënschen vunn hirer Inférioritéit ze iwwerzeegen. Se soll net do sinn fir sech um Buedem a sengem eegenen Ego ze suhlen. Se soll net Ironie als eenzegt Stilmëttel benotzen. Se soll net ausschléisslech duerch (eidel!) Provokatioun geniert ginn. Se soll net bestoen fir d’ Wuert ‘Fotze’ metakritesch an e Raum ze blären. Se soll keng platt popkulturell Referenze benotzen. Se soll net langweilen, se soll net onnéideg nerven, se soll kengem Dialekt noeiferen.

Se dierf: Authentesch sinn, pathetesch sinn, traureg sinn, eescht sinn, ënnerhalsam sinn.

Am Zweifelsfall: Besser och mol roueg sinn.

The Hour

the hour bbc 4

De Simon Reynolds huet d’Retromania erkannt a benannt. Mais net nëmmen a Musék, Kleeder a Kinofilmer gëtt et e Réckbléck op vergaange Joerzéngten. Mad Men huet eis de Charme, d’Verruchtheet awer och d’Ambivalenz vunn enger Zäit gewissen, wéi mir se haut net méi kennen (wëllen). An awer ass d’Faszinatioun do, vun dem Don Draper, engem Alphamann, den esou enigmatesch ass ewéi en ongeliesent Buch, dat scho laang liicht verstëpst am Schaf steet, mais ee sech nach net gewot huet et unzepaaken a scho guer net dran ze bliederen. Vun de Fraen, déi sech zwar hirer Konditioun bewosst sinn, mais oft nach an der aaler Roll, dem aalen ze eng-uleiende Kostümrack gewollt oder ongewollt, feststiechen. Sou ass Mad Men e groussen Erfollëg wéinst staarken a gutt geschriwwene Charakteren, enger bestiechend-schéiner Ästhetik a dem Thematiséieren vunn der Geburt vun eiser moderner Gesellschaft a senge rezenten Entwécklungen. Schwaachpunkten allerdéngs sinn d’heefeg Versich e kontroverst Thema unzepaaken fir et no kuerzer Zäit onberéiert erëm faalen ze loosen, sou ass et mat dem Rassismus an der Homosexualitéit geschitt. Dëst suggéréiert dass Mad Men den Establishment zwar duerchkuckt, mais genee wéi beim Haaptpersonnage freet ee sech dack ob de Wonsch zur Ännerung wierklech besteet oder nëmmen eng geheim Faszinatioun zur Welt wéi se ass, onfair, mais gutt genuch.

c2_the_hour_the_hour_19_1_11_a-9340_2

Lo soll et hei awer net ëm Mad Men goen, mais ëm eng britesch Serie, déi der amerikanescher Pappe-Serie an dësem Punkt, de politesche vläit, iwwerlëen ass. Wou een a Mad Men an d’Universum vunn der Reklamm an der Konsum-orientéierter Manipulatioun agefouert gouf, invitéiert een The Hour an eng Sendung an der Serie (Firsicht, hei lauert eng postmodern Gefoer!). The Hour stellt d’Bel Rowley (Romola Garai) fir, d’Produzentin vunn enger fiktiver BBC Serie, déi den Challenge unhëllt d’britesch an d’global Nokrichszäit duerch éierlechen, ongefilterten (op alle Fall vu Westminster) an investigativen Journalismus ze analyséieren. D’Bel a säi gudde Frënd an Arbechtspartner Freddie Lyon (Ben Whishaw) haaten d’Idi fir The Hour, well si an enger Zäit wou d’Hochzäit tëscht der Grace Kelly an dem Prënz Rainier e medialt Megaevent wor, och bei der BBC, ë bësse kritesch Faarw un d’gro Mauere mole wollten, am beschte grell roud. De Présentateur vun der Sendung, den Hector Madden (gespillt vunn dem wonnerbaren Dominic West, de genee ewéi scho bei The Wire mat alle Waasser gewäsch ass) ass verféirerech, frech a gewollt anti-intellektuell am Kontrast zu de verkopften Bel a Freddie. Déi dräi, net zu Lescht duerch eng beandrockend Leeschtung vunn den Acteuren, bréngen et fäerdeg eng eemoleg Atmosphär opkommen ze loosen, zesummen mat dem ganzen Team vun The Hour, dat mysteriéis Chefen, häerzeg Sekretärinnen, ambitionnéiert Stagiairen an erfueren Journalisten ëmfaasst. Niewt dem Journalisms allerdéngs entwéckelen sech schnell Nieweplots, déi leider all relativ schnell a munchmol e bësse konfus entstinn, wat awer bei nëmme sechs Episoden pro Season net weider verwonnerlech ass. Och wann et an The Hour kloer ëm d’Wichtegkeet vu couragéisem, authenteschem a fearless Journalismus geet (pardon hei fir den Anglizismus, mais dat Wuert passt wuel am beschten), spillen de kaale Krich an d’nuklear Oprüstung eng grouss Roll. Elementer vunn engem Spionage-Film à la Tinker, Taylor, Soldier, Spy vermësche sech mat dem politeschen Toun den och Filmer ewéi All the President’s Men ugeschloen hunn. Nieft sérieuxen politeschen a sozialen Themen kënnt awer och d’Eegeliewen vunn dem Trio ni ze kuerz an The Hour demonstréiert esou androcksvoll wéi dat Privat sech an Zäite vu politescher Oprouer onweigerlech mat dem politesche vermëscht.

thehour1x05-2

Wat The Hour a mengen Aan besser mécht ewéi Mad Men ass de kloere Bezuch zu eiser Realitéit, och wann et zäitlech net eiser Aktualitéit zouzeuerdnen ass. Am Platz kriddeleg Themen nëmmen unzeschneiden, gi se hei ausgebaut an elaboréiert, bis eng Problematik konstruéiert ass der een sech net einfach esou duerch en Trick am Plot entzéie kann, wéi Mad Men et gäer mécht vun Zäit zu Zäit. The Hour ass e Manifest fir politescht Engagement, et weist androcksvoll jonk Mënschen déi hir eegent Liewen ënner d’Kollektivitéit stellen an Integritéit iwwer Carrière anuerdnen. Zumols de Freddie Lyon, dee vun hinnen den am däitlechsten aus der typesch-britescher Arbechterklass kënnt, huet en onermiddlechen Drang d’Wourecht opzedecken, egal wat et hie kascht. Gepuert mat engem grandiose Verstand,  engem onduerchdréngleche Charme an engem onvergläichleche Wit (och hei gëtt et leider keng adäquat lëtzebuergesch Iwwersetzung) ass hien alleng schonn e gudde Grond dës Serie ze kucken. Och d’Bel, eng Fra déi duerch hier éiergäizeg an intelligent Art beandrockt (an duerch hir phänomenal Kostümer) ass kohärent a spannend geschriwwen, genau ewéi de Personnage vum Hector, den trotz senger direkter, skandaléiser an aggressiver Allure eng Hannergrënnegkeet un den Daag leet, munchmol scho baal ze no un dem McNulty aus The Wire.

BenWhishaw1

The Hour ass geschriwwen a kréiert vum Abi Morgan, déi Fra déi och The Iron Lady a Shame geschriwwen huet. Zesumme mat hirem wonnervolle Cast (an der zweeter Season reiht de Peter Capaldi sech derbäi), enger exzellenter Cinématographie an Art Direktioun huet sie aus der BBC Serie e klengt Meeschterwierk gemaach, dat och an den USA grousse Succès font huet. Ech kéint dëse Satz elo ufänken mat ‘An esou enger Zäit ewéi där hei’, mais dat wir domm. Reklamm a Motivatioun fir politescht Engagement ass ëmmer wichteg, virun allem wann et an engem bestiechende Plot verpaakt ass. D’Wichtegkeet vu Journalismus als Deel vunn enger méi oder manner funktionéierender Demokratie ass ni ze vergiessen an drun ërennert ze ginn, dass den eenzelnen eppes ännere kann ass richteg an néideg fir dass een et net vergësst. Also, e Plädoyer fir d’Aan opzemaachen, sech ze informéieren a beschtefalls seng Pflicht als Deel vunn enger Gesellschaft wouer ze huelen.

Ech kéint elo nach lang weiderschwärmen, mais dat loosen ech léiwer sinn. Beschaaft Iech et a kuckt et.