Hall of Mirrors

29Excerpt1-articleLarge-v4                                                            (c) The New York Times

Den Dave Eggers ass de Créateur vum Verlaag McSweeney’s an dem Magazin The Believer. Hien ass ënnert aanerem bekannt fir seng Bicher A Heartbreaking Work of Staggering Genius, What is the What, Zeitoun an A Hologram for the King. Den Eggers huet außerdem eng Introduktioun fir dem David Foster Wallace säin Infinite Jest geschriwwen, d’Screenplay vum Sam Mendes sengem Film Away we Go an niewendrun och nach dem Maurice Sendak säi Kannerbuch Where the Wild Things are “frësch” geschriwwen befir de Film eraus koum. Den Dave Eggers wunnt mat senger Famill zu San Francisco an ass bekannt fir seng liberal arts Approche a seng lénks-politesch Vuen. You get the gist.

Ëm sou méi schued ass et, dass säi lescht Wierk The Circle eng kleng literaresch Katastroph ass. De Plot ass komplett prévisibel, d’Charakteren sin eesäiteg a langweileg (an zum Deel onfirstellbar stupid konzipéiert), d’Prosa ass onraffinéiert a verschidde Sätz wierken, wéi wa se och bei Jersey Shore oder Fifty Shades of Grey kéinte rëmfonnt ginn. The Circle wir doduerch  u sech komplett ze négligéieren a keng Kritik wäert, wann den Eggers net e wiirklech ambitiéist Thema erausgesicht hät, dat et ze erkläeren gëlt.

De Circle ass eng un der West Coast vun den USA ugesiedelt Technology a Social Media Firma déi ënnerhalb vu kierzester Zäit hir Konkurrenz obsolet gemaach huet. De Modell soll op eng futuristesch a weiderentwéckelt Versioun vu Google opgebaut sinn. Geleet vun dräi sougenannte “Wise Men” strieft de Circle komplett Transparenz un. Dat beinhalt ënnert aanerem omnipräsent Kameraen, komplett transparent Politiker an onzäleg mol méi kléng, mol méi grouss Versich alles ze wëssen, iwwer jiddfereen, iwwerall, zu all Zäitpunkt. Verkaaft gëtt d’abstrus Mëschung aus der Orwell and Huxley Visioun ënnert der Promesse Kriminalitéit, Korruptioun an Anti-Demokratescht Behuelen aboléieren ze wëllen. Dat wat een als “Soft Fascism” kéint beschreiwen, gëtt vun de Circle Memberen (baal jiddfree mat Internetzougang op der Äerd schéngt am Buch en Account ze hunn) ënnerstëtzt. De Circle ass den neien hellege Graal an d’Wise Men d’Reinkarnatioun vu Jesus, dem Erléiser.

Di komplett Experienz gëtt am Buch duerch d’Mae vermëttelt, eng 24 Joer aal Fra mat engem liberal arts college Hannergrond, déi ufänkt a Customer Enquiries ze schaffen an awer séier d’Ambassatrice vum Circle gëtt. Hat lieft komplett transparent, dréit de ganzen Daag eng Kamera ëm den Hals mat engem live Audio Feed. All Mënsch mat engem Circle Account kann d’ Mae op Schratt an Tratt followen. Wat et ustrengnd mécht dem Mae als Lieser op baal 500 Säiten nozekucken, ass der jonker Fra hir schéngbar grenzelos Dommheet. Den Eggers huet am Mae ee Charakter geschaaf deen ee mat frëschen Kuchdeeg vergläiche kéint: et passt perfekt an all firkonzipéiert Form. D’Mae gleeft un all Idi déi de Circle presentéiert, säi Geescht ass méi onkritesch wéi de vun enger Amöb an et kéint een et als Zouspétzung a Karikatur vun dem moderne Social Media User beschreiwen. Kontroll ass ok, Iwwerwaachung ass jo nëmme bénéficiare an e Privatliewen brauch dach souwisou keen. Freed um Liewen besteet fir d’Mae doranner, dass 100% vun de Circle Memberen hat gäeren hun. Hat wëll dass Mënsche sech u säi Liewen erënneren wann et bis eemol doud ass, a wéi kéint een e Mënsch vergiessen wann all Sekonn vu sengem waache Liewen zu all Zäitpunkt an enger riiseger Datebank verfügbar ass? D’Mae ass esou onkritesch, dass et de Lieser iergendwann an de Wahnsënn dreift an och einfach nëmmen onglaafwierdeg ass, sou wéi déi ganz Entwécklung vum Circle selwer. Och wann d’Mënschegeschlecht an der Vergaangenheet net ëmmer intelligent Verhaale bewisen huet, sou stellt sech hei d’Fro wéisou am Buch net vu Géigebeweegungen geschwaat gëtt. Op 500 Säiten gin et genee zwee Persounen deene hir Géigenargumenter zu Wuert kommen. Wa Washington D.C. vun enger privater Firma quasi gezwonge gëtt komplett transparent ze ginn, dann géif dat an der realer Welt zu Protester vu ville Säite féieren. Net esou am Buch: D’Apokalypse gëtt freedeg begréisst. Den Eggers mécht all erdenklechen Effort am Buch drop hinzeweisen wéi geféierlech et ass, wa mir eis privat Daten duerch sozial Medien un d’Privatwirtschaft oder un d’Gouvernement verkaafen oder éischter: verschenken. Him geléngt et a senger Dystopie allerdéngs net drop hin ze weisen, dass et eng Alternativ gëtt. Hien schéngt all Vertrauen an d’Mënschheet verluer ze hunn. Wann dach d’Realitéit geleeëntlech weist, dass dann awer vill Mënschen net dermat d’accord sinn, dass d’NSA méi iwwer eis wees, wéi deene meeschte léif ass. Oder de SREL.

Aanerersäits: Jo. Hien huet Recht. Wa Medienopklärung (an dat beinhalt d’Gefoeren vu soziale Medien an d’Fräiginn vu perséinlechen Donnéeën) net méi eng grouss Plaatz an eiser Gesellschaft fënnt, dann droht d’Zukunft ongemittech ze ginn. D’Verlobung vu Privatwirtschaft a Politik, déi am Buch beschriwwe gëtt, ass nëmmen eng Fro vun der Zäit. Befir mer ons driwwer freeën – wéi kléng Kanner déi en neit Spillgeschier fir de Kleesche kruuten – dass den Jeff Bezos annoncéiert Amazon géif an e puer Joer Miniatur Drohnen  an onsere Gaart schécken, komm mer denken éischt emol grëndlech driwwer no wat dat bedeit. Befir Google friddlech a fröhlech Bicher scannen dierf, komm mer froen eis ob dat esou korrekt an opreegend ass wéi et kléngt. Den Zäitpunkt verschidde Fakten iwwer eis glorifizéiert Gadgeten an Lieblingsfirmen ze akzeptéieren ass elo. Befir mer bei Amazon dem Grousspapp säi Chrëschtdaagscado-Buch iwwer lëtzebuerger Geschicht kaafen: Den Alinéa huet et sécher och. Befir mer ons en neien iPhone zouleeën, den aalen fonktionéiert dach nach ganz gutt. Befir mer all nach esou kléngen onwichtegen Gedanken op Twitter oder Facebook matdeelen (jo, ech wees, ech hu souwuel e Facebook wéi och en Twitter Account), komm mer froen ons ob mer dat net léiwer eise Frënn, Matbewunner oder eiser Famill einfach esou wëlle matdeelen.

Och wann den Eggers e wiirklecht mëttelméissegt Buch geschriwwen huet wat d’Sprooch, de Plot an d’Charakteren uginn. An engem Punkt kann a soll een dem Auteur zoustëmmen: Et ass onsexy nëmmen nach en Instrument ze sinn.

Disappear here

Ech hunn lang gebraucht bis ech mëch duerch dëst dach ustrengend Wierk gelies hunn. Nët dass ech iwwerascht wor, ech kennen en jo, den Auteur. Hues de American Psycho gelies, dann wees de wous de dëch drop aléis. Riets geet vumm Bret Easton Ellis sengem Glamorama . Du kënns eran an dann ass do den Victor. Model. Folglech schéin, sexuell erfolgräich souwéi enthusiasméiert vunn Drogen, Xanax an aaneren Models. Den Victor ass iwwerflächlech, domm, kritt ausser senger eegener, belangloser Existenz näischt vunn senger Emwelt mat, kuerz: en extrem nervegen Haaptcharakter. Hien këmmert sech semi- Continue reading

Essai

Kapitulation: das schönste Wort in deutscher Sprache
KA-PI-TU-LA-TION
Wie Töne die Tonleiter hinauf, so gleiten die Silben die Zunge hinab.
Viel mehr als das ordinäre Scheitern ist die Kapitulation vor allem dies:
Ein Zerfall,
Ein Fall,
Eine Befreiung,
Eine Pracht,
Eine Hingabe.
Die endgültige Unterwerfung.
Die größte aller Niederlagen und gleichzeitig unser größter Triumph. Continue reading

Photographie

Ton sourire m’attire comme
Pourrait m’attirer une fleur
Photographie tu es le champignon brun
De la forêt
Qu’est sa beauté
Les blancs y sont
Un clair de lune
Dans un jardin pacifique
Plein d’eaux vives et de jardiniers endiablés
Photographie tu es la fumée de l’ardeur
Qu’est sa beauté
Et il y a en toi
Photographie
Des tons alanguis
On y entend
Une mélopée
Photographie tu es l’ombre
Du Soleil
Qu’est sa beauté

– Guillaume Apollinaire Continue reading

E Gedicht

Sozusagen grundlos vergnügt

Ich freu mich, dass am Himmel Wolken ziehen
Und dass es regnet, hagelt, friert und schneit.
Ich freu mich auch zur grünen Jahreszeit,
Wenn Heckenrosen und Holunder blühen.
– Dass Amseln flöten und dass Immen summen,
Dass Mücken stechen und dass Brummer brummen.
Dass rote Luftballons ins Blaue steigen.
Dass Spatzen schwatzen. Und dass Fische schweigen.

Ich freu mich, dass der Mond am Himmel steht
Und dass die Sonne täglich neu aufgeht.
Dass Herbst dem Sommer folgt und Lenz dem Winter,
Gefällt mir wohl. Da steckt ein Sinn dahinter,
Wenn auch die Neunmalklugen ihn nicht sehn.
Man kann nicht alles mit dem Kopf verstehn!
Ich freue mich. Das ist des Lebens Sinn.
Ich freue mich vor allem. Dass ich bin.

In mir ist alles aufgeräumt und heiter:
Die Diele blitzt. Das Feuer ist geschürt.
An solchem Tag erklettert man die Leiter,
Die von der Erde in den Himmel führt.
Da kann der Mensch, wie es ihm vorgeschrieben,
– Weil er sich selber liebt – den Nächsten lieben.
Ich freue mich, dass ich mich an das Schöne
Und an das Wunder niemals ganz gewöhne.
Dass alles so erstaunlich bleibt, und neu!
Ich freue mich, dass ich … Dass ich mich freu.

– Mascha Kaléko

Morgen, Findus. . .

Mat desem Artikel well ech main leifst Kannerchreschtdaagsbuch luewen an empfehlen. Als Kand haat ech, souwait ech mech erenneren, Bicher vun skandinaveschen Auteuren am leifsten. Bei eis doheem gouf et d”Traditioun, dass meng Mamm mir all Owend eng Stonn virum Schlofen firgelies huet. Oft sin mir zesummen an Bicherbuttekker gaangen an hun eis vill Zait geholl passend Geschichten an Erzielungen ze fannen. Ech hun et immens genoss d’Bicher selwer auszewielen mat gudder Berodung – an nach vill mei schéin fir mech wor dei gemeinsam Zait Owes op mengem warmen Canapé, am Wanter meeschtens mat en puer Kichelcher an enger warmer Mellech derbei. Vill Bicher behaalen ech an gudder Erennerung, Bicher dei ech mettlerweil klengen Familienmatglieder geschenkt hun oder fir (eventuell) eegen Kanner opbewahren. Fest steht fir mech: Ech sin haut nach emmer en Bicherwuerm, en aktiven. Ech denken dass dei gemittlech Owesstonnen mat menger Mamm mein Intérêt fir Bicher gefuerdert hun an ech den Astieg an d’Literatur och doweinst villaicht relativ liicht fond hun.

Iergendwann hun ech fir Kleesechersdaag nieft mengem Marzipanteller (ech haat Schokela domols net gär) en Buch vum Sven Nordqvist font. Den schwedeschen Auteur wor mir schon bekannt, ech haat seng wonnerbar härzeg Continue reading

Le questionnaire de Proust

Mettlerweil dierft et keen Geheimnis mei sin, dass ech begeeschtert sin vun dem Marcel Proust sengem Wierk. Ofgesin dovunner fannen ech sain Liewen, daat eng verknüpft mat sengen Bicher as, interessant. Opschlossraich wor an dem Senn fir mech en Hörbuch iwwer dem Schreftsteller sain Liewen, daat ech virun zwee Joer an enger hamburger Bicherei entdeckt hun. An deser akustescher Beschreiwung vum Proust sengem Dosin sin ech gewuer gin, dass hien zu verschiddenen Zaitpunkter vun senger Existenz en Questionnaire beäntwert huet, dien perseinlech Froen enthalen huet, très en vogue an England zu der Zait. Dem Auteur seng Aentwerten sin immens interessant, iwweraschend, deelweis souguer reihrend an relevant hisichtlech senges Wierks. Schéin fannen ech d’Idi vun dem Questionnaire och, well ech denken, dass et fir en Mensch duerchaus wertvoll kann sin fir sech selwer den Froenbou auszefellen. En kann engem villaicht derbei hellefen sech nei Froen ze stellen an sech soumat och besser kennenzeleiren. Hei en Link zu dem Proust senger Versioun: http://www.serieslitteraires.org/site/Le-questionnaire-de-Proust .

Hei d’Froen fir all dei, dei villaicht Loscht hun dei eng oder aaner ze beäntweren, hei oder ganz a Rou fir sech:

Continue reading

En Vogue

0316725714 Dest Buch as eng Art Archiv vun Fotografien dei seit Ufang vum 20ten Joerhonnert am Kader vun dem Magazine Vogue entstaan sin. Greisstendeels handelt et sech em Portraitfotoen, wei den Titel et schon beseet. Op der Ausgab dei bei mir doheem leit, ziert d’Kate Moss am Nude Look d’Cover. Sain Gesiicht zeugt op der Opnahm vun enger natirlecher Scheinheet, dei een eischter seelen bei der britescher Ikon ze gesin krit. Villaicht soll dest en dezenten Hiweis drop sin, wei den Fotoband zesummengesaat as. Fotoen vun perfekten Scheinheeten dei net emol en Uflug vun engem Makel hun sin an desem Buch praktesch net ze fannen. Vill mei hun dei zwee Männer(Robin Derrick an Robin Muir) dei d’Wierk zesummengestalt hun Menschen aus villen verschiddenen Kategorien ausgewielt ounie bei der Aesthetik hänken ze bleiwen, respektiv beim reng gudden Ausgesin. Vill Kenschtler sin am Fotoband oofgebild, dei eng besonnesch Fähegkeet haaten kombineiert mat engem markanten oder einfach immens besonneschen Ausgesin.

Niewt Schreftsteller(Dylan Thomas, Tennessee Williams…), Moler(Salvador Dalì, Henri Matisse…) an Politiker(Winston Churchill, Général de Gaulle…) mangelt et -wei keint et bei der Vogue och aanescht sin- natirlech net un glamoureisen Schauspielern, Diven an jonken (domols nach mei oder manner flotten) Musekern(Mick Jagger…). Continue reading