The Hour

the hour bbc 4

De Simon Reynolds huet d’Retromania erkannt a benannt. Mais net nëmmen a Musék, Kleeder a Kinofilmer gëtt et e Réckbléck op vergaange Joerzéngten. Mad Men huet eis de Charme, d’Verruchtheet awer och d’Ambivalenz vunn enger Zäit gewissen, wéi mir se haut net méi kennen (wëllen). An awer ass d’Faszinatioun do, vun dem Don Draper, engem Alphamann, den esou enigmatesch ass ewéi en ongeliesent Buch, dat scho laang liicht verstëpst am Schaf steet, mais ee sech nach net gewot huet et unzepaaken a scho guer net dran ze bliederen. Vun de Fraen, déi sech zwar hirer Konditioun bewosst sinn, mais oft nach an der aaler Roll, dem aalen ze eng-uleiende Kostümrack gewollt oder ongewollt, feststiechen. Sou ass Mad Men e groussen Erfollëg wéinst staarken a gutt geschriwwene Charakteren, enger bestiechend-schéiner Ästhetik a dem Thematiséieren vunn der Geburt vun eiser moderner Gesellschaft a senge rezenten Entwécklungen. Schwaachpunkten allerdéngs sinn d’heefeg Versich e kontroverst Thema unzepaaken fir et no kuerzer Zäit onberéiert erëm faalen ze loosen, sou ass et mat dem Rassismus an der Homosexualitéit geschitt. Dëst suggéréiert dass Mad Men den Establishment zwar duerchkuckt, mais genee wéi beim Haaptpersonnage freet ee sech dack ob de Wonsch zur Ännerung wierklech besteet oder nëmmen eng geheim Faszinatioun zur Welt wéi se ass, onfair, mais gutt genuch.

c2_the_hour_the_hour_19_1_11_a-9340_2

Lo soll et hei awer net ëm Mad Men goen, mais ëm eng britesch Serie, déi der amerikanescher Pappe-Serie an dësem Punkt, de politesche vläit, iwwerlëen ass. Wou een a Mad Men an d’Universum vunn der Reklamm an der Konsum-orientéierter Manipulatioun agefouert gouf, invitéiert een The Hour an eng Sendung an der Serie (Firsicht, hei lauert eng postmodern Gefoer!). The Hour stellt d’Bel Rowley (Romola Garai) fir, d’Produzentin vunn enger fiktiver BBC Serie, déi den Challenge unhëllt d’britesch an d’global Nokrichszäit duerch éierlechen, ongefilterten (op alle Fall vu Westminster) an investigativen Journalismus ze analyséieren. D’Bel a säi gudde Frënd an Arbechtspartner Freddie Lyon (Ben Whishaw) haaten d’Idi fir The Hour, well si an enger Zäit wou d’Hochzäit tëscht der Grace Kelly an dem Prënz Rainier e medialt Megaevent wor, och bei der BBC, ë bësse kritesch Faarw un d’gro Mauere mole wollten, am beschte grell roud. De Présentateur vun der Sendung, den Hector Madden (gespillt vunn dem wonnerbaren Dominic West, de genee ewéi scho bei The Wire mat alle Waasser gewäsch ass) ass verféirerech, frech a gewollt anti-intellektuell am Kontrast zu de verkopften Bel a Freddie. Déi dräi, net zu Lescht duerch eng beandrockend Leeschtung vunn den Acteuren, bréngen et fäerdeg eng eemoleg Atmosphär opkommen ze loosen, zesummen mat dem ganzen Team vun The Hour, dat mysteriéis Chefen, häerzeg Sekretärinnen, ambitionnéiert Stagiairen an erfueren Journalisten ëmfaasst. Niewt dem Journalisms allerdéngs entwéckelen sech schnell Nieweplots, déi leider all relativ schnell a munchmol e bësse konfus entstinn, wat awer bei nëmme sechs Episoden pro Season net weider verwonnerlech ass. Och wann et an The Hour kloer ëm d’Wichtegkeet vu couragéisem, authenteschem a fearless Journalismus geet (pardon hei fir den Anglizismus, mais dat Wuert passt wuel am beschten), spillen de kaale Krich an d’nuklear Oprüstung eng grouss Roll. Elementer vunn engem Spionage-Film à la Tinker, Taylor, Soldier, Spy vermësche sech mat dem politeschen Toun den och Filmer ewéi All the President’s Men ugeschloen hunn. Nieft sérieuxen politeschen a sozialen Themen kënnt awer och d’Eegeliewen vunn dem Trio ni ze kuerz an The Hour demonstréiert esou androcksvoll wéi dat Privat sech an Zäite vu politescher Oprouer onweigerlech mat dem politesche vermëscht.

thehour1x05-2

Wat The Hour a mengen Aan besser mécht ewéi Mad Men ass de kloere Bezuch zu eiser Realitéit, och wann et zäitlech net eiser Aktualitéit zouzeuerdnen ass. Am Platz kriddeleg Themen nëmmen unzeschneiden, gi se hei ausgebaut an elaboréiert, bis eng Problematik konstruéiert ass der een sech net einfach esou duerch en Trick am Plot entzéie kann, wéi Mad Men et gäer mécht vun Zäit zu Zäit. The Hour ass e Manifest fir politescht Engagement, et weist androcksvoll jonk Mënschen déi hir eegent Liewen ënner d’Kollektivitéit stellen an Integritéit iwwer Carrière anuerdnen. Zumols de Freddie Lyon, dee vun hinnen den am däitlechsten aus der typesch-britescher Arbechterklass kënnt, huet en onermiddlechen Drang d’Wourecht opzedecken, egal wat et hie kascht. Gepuert mat engem grandiose Verstand,  engem onduerchdréngleche Charme an engem onvergläichleche Wit (och hei gëtt et leider keng adäquat lëtzebuergesch Iwwersetzung) ass hien alleng schonn e gudde Grond dës Serie ze kucken. Och d’Bel, eng Fra déi duerch hier éiergäizeg an intelligent Art beandrockt (an duerch hir phänomenal Kostümer) ass kohärent a spannend geschriwwen, genau ewéi de Personnage vum Hector, den trotz senger direkter, skandaléiser an aggressiver Allure eng Hannergrënnegkeet un den Daag leet, munchmol scho baal ze no un dem McNulty aus The Wire.

BenWhishaw1

The Hour ass geschriwwen a kréiert vum Abi Morgan, déi Fra déi och The Iron Lady a Shame geschriwwen huet. Zesumme mat hirem wonnervolle Cast (an der zweeter Season reiht de Peter Capaldi sech derbäi), enger exzellenter Cinématographie an Art Direktioun huet sie aus der BBC Serie e klengt Meeschterwierk gemaach, dat och an den USA grousse Succès font huet. Ech kéint dëse Satz elo ufänken mat ‘An esou enger Zäit ewéi där hei’, mais dat wir domm. Reklamm a Motivatioun fir politescht Engagement ass ëmmer wichteg, virun allem wann et an engem bestiechende Plot verpaakt ass. D’Wichtegkeet vu Journalismus als Deel vunn enger méi oder manner funktionéierender Demokratie ass ni ze vergiessen an drun ërennert ze ginn, dass den eenzelnen eppes ännere kann ass richteg an néideg fir dass een et net vergësst. Also, e Plädoyer fir d’Aan opzemaachen, sech ze informéieren a beschtefalls seng Pflicht als Deel vunn enger Gesellschaft wouer ze huelen.

Ech kéint elo nach lang weiderschwärmen, mais dat loosen ech léiwer sinn. Beschaaft Iech et a kuckt et.