Digital ist besser?

tumblr_mtxwvxnda21qbybxvo4_500

Viru véier Joer hun ech ugefaangen zu Paräis ze studéieren. Ugefang ass villäicht ze héich gegraff, ech hu schon no e puer Méint opgehaalen, well, wéi een dat esou banal ausdréckt, ‘et sech net richteg ugefillt huet’. Zënterdem studéieren ech zwouch anescht. Dorëms soll an dësem Bäitrag awer guer net goen. Paräis läit a Frankräich. Frankräich as lues. An zimlech villem, awer virun allem wann et drëms geet eng Internetverbindung un d’Laafen ze kréien. Sou hun ech a menger klenger Wunneng bei Montmarte e Mount ouni Internetkonnektioun verbruecht.

 Wat romantesch an no Amélie kléngt, war einfach nëmmen eng groussaarteg Erfahrung, déi ech zënter deem net méi esou hat. Net nëmmen hun ech net de konstante Besoin verspuert meng sozial Netzwierk Timelines fir nei interessant Sujeten ze duerchforsten, mais och hat ech e bessert Gespier dofir wat ech mat menger Zäit ufänke wollt. Ech hu méi gelies wéi elo, hu Paräis gréisstendeels ze Fouss découvréiert, hat méi Freed dru schwammen a lafen ze goen a sou weider a sou fort. Souguer en neien Zäitverdreif, d’Photographie, hunn ech entdeckt. Kuerz : Ech hu mäi Liewe méi bewosst genoss a gespuert. Ech hu meng Emwelt méi konzentréiert wouer geholl. Ech hu mech besser kënne konzentréieren. Virun allem op eng Saach an nëmmen op déi eng Saach. Sief et kachen oder Virginia Woolf liesen. Ech si virun d’Dier gaangen ouni mäi Smartphone misse parat ze hunn. Ech war méi entspant. Souguer besser geschlof hun ech. Ech haat d’Gefill mäi Kierper hät sech méi no sengen eegene Besoinen geriicht. Wann ech midd wor, hun ech geschlof an net nach bis dräi Auer mueres sënnlos op tumblr Fotoen vu frieme Mënsche gekuckt.

Mëttlerweil beschwéieren ech mech ëmmer nees iwwer meng fehlend Disziplin, mangelnd Konzentratioun a verschwend Liewenszäit. Op mengem Nuetsdësch leie Bicher mat Rotschléi fir eng besser Konzentratioun a manner Proktrastinatioun. Et as pénibel dat zouzeginn. Ech fille mech oft wéi e klengt Kand, dat villäicht net gefrot gëtt fir matzespillen, wann et ze lang offline ass. Momenter vu Kreativtéit ginn oft zerstéiert duerch di schier Méiglechkeet dann awer léiwer di nei HBO Miniserie ze kucken.

 Wa renomméiert Auteuren wéi den Jonathan Franzen oder den David Foster Wallace sech iwwer dat modernt digitalt Zäitalter a seng Konflikter ausloossen, sou kann dat entnervend wierken, mais et ass nëtzlech a wichteg. Fir Erwuessener ass de richtegen Emgang mam Internet en Challenge, wéi dësen Artikel suggeréiert.

 Mais wann ëmmer méi jonk Kanner e Smartphone mat Internet-Accès mat an d’Schoul bréngen, dann ass dat en Thema dat sollt opbruecht ginn. Genee esou wéi Kanner a Facebook. An domadder mengen ech net emol, dass se e liicht Affer wieren fir Mënschen mat (sexuellem) Gewaltpotential, mais ech froe mech (domm an naiv wéi ech numol geleeëntlech sinn) : Wat mécht et mat Kanner sech di ganzen Zäite selwer vu baussen ze gesinn, sech duerch Fotoen a Kommentarer ëffentlech ze inszenéieren? Wat mécht et mat hiren tëschemënschleche Bezéiungen? Wann ech heiansdo eng Foto gesinn op der en 10-jähregt Meedchen poséiert (hallef ugedo, gewollt sexy Bléck, Kussmond), da gëtt mer dat ze bedenken. Et mécht eppes mat Kanner, zu allem am Internet Zougang ze hun (a si mer éierlech, deene meeschten Elteren as et egal oder se gin fiir keng Zäit ze hunn fir medial Opklärung). Lo kéint ee jo soen : Fernseh. Mais ‘Fréier’ hu mir gekuckt, wat gelaf ass. Do war och mol Jurassic Park oder e schlechten brutalen Action Film mam Arnold Schwarzenegger derbäi. Mais net all Haushalt haat e puer Téléën an oft hun d’Eltern dat schlëmmst verhënnert. Haut allerdéngs hu Kanner (déi en Zougang zu Internet hun an dat ginn der ëmmer méi) ëmmer Accès zu all Zort vu verstéirender Matière. Domat ass emol net onbedéngt pornografescht Material (och dat soll a mengen Aan net ze fréi entdeckt ginn) oder extrem Gewalt gemengt, mais och simpel Siten op deenen et beispillsweis ëm sougenannte Celebrities geet. Jonk Meedecher di iwwer dem Miley Cyrus seng Diäten an ähnlech onwichteg faits diversen liesen, kënne sech a mengen Aan net onbedéngt esou liicht zu opgeklärte Bierger entwéckelen, wéi Kanner, déi sech mat hirer Kandheet beschäftegen an net allen non-issues ausgesat gin, déi een um Internet fanne kann.

 Dofir braucht et a Schoulen onbedéngt eng bewosst Opklärung iwwer den Internet a seng Benotzung. Ganz praktesch d’Risiken erklären, awer och op sozial Netzwierker agoen, op Gefoeren, mais och op di interessant a bénéficaire Säiten hiweisen : Wikipedia, Portaler déi engem bei Léieren hëllefe kënnen…ass ganz wichteg. Wat bei Sexualitéit an Drogen gebraucht gëtt, brauch et menger Meenung no och bei dësem Sujet, näischt schéngt haut esou omnipräsent ze sinn wéi den Internet an alles wat e mat sech bréngt.

 Fir zeréck ze kommen op den Ufank, sou hoffen ech staark en equilibéieren Ëmgang ze fannen mat dem Léift/Haass Medium. Ouni Internet géif ech dat hei net schreiwen an direkt dono publizéieren an op eng Diskussioun hoffen. Ouni Internet hät ech haut awer och villäicht méi fir d’Uni geschafft. Ech verdaamen d’digitalt Zäitalter net, ech fannen et faszinéirend a begréisse vill vun den Innovatiounen déi et mat sech bruecht huet. Ech denke just, dass eiser Fräiheet, Onofhängegkeet a Kreativitéit wëllen et wichteg ass, en Ëmgang dermat ze fannen, de genau esou nuancéiert ass wéi d’Medium selwer. Responsabilitéit gëllt och hei genee wéi am ‘reale’ Liewen als wichteg, genee wéi keen endlost Vertrauen an Internet Entreprisen, deenen hire Wäert a Milliounen an a Milliarden op der Bourse gehandelt gëtt, ze hun. Net nëmme Kanner brauchen Denkustéiss an Opklärung, wann et ëm d’allëmfaassend Medium Internet geet. Och mir Erwuessener di gutt drun, eis net un den digitale Marché ze verkaafen an den Internet net als Heilsbringer ze gesinn. Et lount sech, e kritesche Bléck ze entwéckelen oder ze kultivéieren an net alles wat blénkt fir Gold ze halen. Ofschléissend dës Wieder, déi ech op Mother Jones font hun an déi ee roueg an e méi globale politesche Kontext setze kann:

“The promise of the Internet was that it would liberate people and bolster democracy, but it has become a tool for suppression and control. In fact, it is one of the most powerful instruments of control ever invented. The most essential challenge we face today is related to the real effect of the Internet. Will it impart power to people and liberate them, or will it impart more strength to the centers of power and help them oversee, control and suppress the population? That is the struggle of our generation, and it has yet to be decided.”

 

Advertisements

2 thoughts on “Digital ist besser?

  1. Interessante Post. Fanne mech selwer oft an der Positioun rëm dass ech owes spéit nach iergendwellech Artikelen liesen oder Dokumentatiounen online kucken a mer denken, dass ech u sech och kéint schlofen oder e gutt Buch liesen. Spéitstens wann ech dann an der U-Bahn um Wee fir op d’Uni sinn an um Handy Twitter liesen, denken ech mer oft, dass ech dach eigentlech meng Zäit bësse vergeuden.

    Mä ech mengen dat huet alles zwou Säiten: Engersäits hellt ee vläit seng eegen Ëmwelt net sou wouer, wéi een et vläit misst, mä anerersäits huet een awer vill dovun, wann een seng Zäit um Computer dann sënnvoll notzt. Et kënnt am Endeffekt op eng Mediekompetenz un, dass een d’Medium Internet “gutt” an “richteg” notzt an net stonnelaang op Youtube hänke bleift.

    Anerersäits denken ech, dass een selwer do muss bëssen konsequent sinn a sech Limite setzen. Dat soziaalt Liewen dierf net ënnert dem Medium Internet leiden. Sou huelen ech mer regelméisseg Deeg, wou ech gewollt keen Internet notzen, an och wann ech erausginn, loossen ech den Handy oft mol doheem. Vläit ass duerch de vasten an einfachen Accès zu sou villen Informatiounen et néideg ginn, seng Zäit selwer besser an ze deelen. Et brauch ee méi Zäitmanagement, souwuel fir sozial Flichten, wéi och fir “professionell”/Uni Sachen.

    De Minisère de la Famille huet dëser Deeg hier Campagne “Bee Balanced – Online & Offline” präsentéiert, wou en genau dës Problematik thematiséiert. Hei ass de Pressecommuniqué: https://www.bee-secure.lu/sites/default/files/2013%2010%2009_bee-balanced_communique_final.pdf

  2. All déi Leit, déi sozial Netzwierker (an Internet) grondsätzlech als Zäitverschwendung gesinn, léie sécher falsch. Ech kenne kee Medium wat intellektuell ureegender ass wéi Twitter.

    Allerdéngs gëtt et eng donkel Säit. Dëse Summer wollt ech eng Woch ouni Twitter, Facebook an RSS-Feeds auskommen. Et ass mer net gelongen (gëllen Neiwahlen als Excuse?). Ech huele mir awer lo owes Zäit an engem Buch ze liese – dat hëlleft scho mol.

    Vläit klappt et dann am November mat enger längerer Offline-Zäit …

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s