Kuerz: Spadalogie

OLYMPUS DIGITAL CAMERA

Spadalogie oder: Ech wëll mäi Geld zeréck

Konscht. Oder wéi och ëmmer een et nennt.

Se soll net do sinn fir aaner Mënschen vunn hirer Inférioritéit ze iwwerzeegen. Se soll net do sinn fir sech um Buedem a sengem eegenen Ego ze suhlen. Se soll net Ironie als eenzegt Stilmëttel benotzen. Se soll net ausschléisslech duerch (eidel!) Provokatioun geniert ginn. Se soll net bestoen fir d’ Wuert ‘Fotze’ metakritesch an e Raum ze blären. Se soll keng platt popkulturell Referenze benotzen. Se soll net langweilen, se soll net onnéideg nerven, se soll kengem Dialekt noeiferen.

Se dierf: Authentesch sinn, pathetesch sinn, traureg sinn, eescht sinn, ënnerhalsam sinn.

Am Zweifelsfall: Besser och mol roueg sinn.

Hamburg, Paris, London

Ech hunn mir an den leschten Méint Zäit geholl en Puer Ausstellungen ze besichen, déi ech vum Programm immens spannend kléngend fonnt hunn. Munch Kënschtler woren mir bekannt, anerer nei Entdeckungen. Ech wëll Iech un mengen Gedanken zu der Konscht deelhuelen loossen, géif awer gären nach eng Kéier ausdrécklech umierken, dass ech keen Konschtkritiker sinn, mä et genéissen mir eng gelongen Ausstellung unzekucken oder einfach Momenter vun Schéinheet ze erliewen.

Zu Hamburg hunn ech mir bei äiseg kalem Wieder an der Kunsthalle ‘t Ausstellung Pop Life ugesinn. An dësem Gebai hunn ech mir an den Joeren virdrun ewell eng Rei Ausstellungen ugekuckt (eng dovunner wor ‘t grouss Mark Rothko Retrospektiv, déi en immensen Androck bei mir hannerlooss huet) an hunn ‘t Organisatioun an gudder Erënnerung, esou ewéi den Choix un Wierker. Dës Exhibitioun huet Wierker vun den “gréissten” Pop Art Kënschtler benotzt, fir ‘t Phänomen vun der usteigender Vermaarktung vun Konscht duerzestellen, ugefaang beim Papp vun der kommerzieller Iddi ewéi mir se haut kennen, dem Andy Warhol, bis hin zum Damien Hirst an Jeff Koons. Ech Continue reading

Renoir au XXe

renoir-au-xxe-siecleLaang as et hir seit ech fir d’leschten Keier hei geschriwwen hun. Seit dem war ech dei meeschten Zait an menger “neier” Staadt, zu Paris. Vill Andreck hun sech nieft mengem duerchwuessenen Universiteitsufang an mir festgesaat. Ech gouf bis elo nach net wierklech enttäuscht vun der aaler, chicer franseicher Madame, d’Flemm haat ech seelen, en bessen mei Rou wenschen ech mir munchmol, mee d’Begeeschterung dei ech all Daag op en neits fir dei lieweg an vielfälteg Plaatz an mir entdecken mecht dann erem esou villes gutt. Bis elo hun ech schon fond:En Lieblingsquartier, en Lieblingskino, eng Lieblingsschwemm an en Lieblingskrimskramsbuttekk. Ech hun welles an nächster Zait mei iwwer all daat ze schreiwen, mei iwwer Paris, iwwer d’omineis Fransousen, iwwer d’franseicht Liewen.

Elo an hei well ech awer iwwer eng Ausstellung berichten dei ech mir leschten Sonnden ugekuckt hun. Virun drai Joer hun wor ech am Summer am franseichen Midi an haat an deser Zait ugefaang main latenten Intérêt un Konscht an eng kleng Leidenschaft ze verwandeln. Ech hun d’Gelegenheet wouergeholl dem Renoir sain Grondsteck zu Cagnes-sur-Mer ze besichen. Ech wor beandrockt vum vasten Gaart, der herrlech roueger Vue op en immens rouegt an douce Mier an virun allem vun dem Haus daat der Famill Renoir geheiert huet, emgebaut zu engem bescheedenen Musée, dem sain Härzsteck gebild get vun dem Moler sengem ehemolegen Atelier. Continue reading

Fées

david_hamilton_demoiselles7Virun kuerzem gouf ech vun engem Frend op den Fotograf David Hamilton hingewissen, heen huet gemengt seng Fotografien keinten mir gefaalen, geifen villaicht souguer mengem Verständnis vun Aesthetik entspriechen. Ech hun dem besoten Mann seng Arbechten nogesicht an wor iwwerascht wei een zouglaich zart Gestalten mat feenhaften Zich an porzellainarteger Haut esou staark an eng duerchaus pornografesch duerchzunnen Welt setzen keint, ounie dass daat mech och nemmen am gerengsten steiert. Ech fannen d’Fotoen immens douce, berouegend an gesinn se als harmonesch, ounie hir Koketterie ze verleiren. Meeschtens gin jonk Meedecher ofgelicht, zirlech, mat verdreemtenen Blecker an enger baal kitscheger Emgebung. Continue reading

“Ein kurzes, intensives Fest”

Main Wiesen begeeschtert sech am allgemengen fir Konscht, och oft fir dei domat zesummenhängend Biographie vum jeweilegen Kenschtler. Heefeg stin d’Liewen vun engem Artiste an sain Wierk an enger noer, baal symbiosenarteger Bezeihung zoueneen. Etlech Kenschtler hun hir perseinlich Welt an hir Arbecht matafleissen gelooss, sieft et och nach esou ennerschwelleg an zereckhaalend. Dem Picasso sain “Guernica” as net zulescht en Ausdrock vun sengem intim gefillten Entsetzen waat Krich ubelaangt an den Mark Rothko huet an senger leschter Liewensperiod, an der en vun schwarzen Gedanken wor, ugefaang seng Biller emmer mei daischter an bedrohlecher wierken ze loossen.

Continue reading