A Separation

Image

A Separation ass den éischten iranesche Film den e gëllene Bier gewonnen huet an och den éischten iranesche Film den en Oscar krut fir de beschten auslännesche Film. Op der Berlinale krut en dann och nach zwee sëlwer Bieren fir déi zwee Haaptduersteller an och e Golden Globe fir de beschten friemsproochege Film gouf ëm zougesprach.

De Film gouf geschriwwen an dirigéiert vum Asghar Farhadi, den de Film just produzéiere konnt mat dem Gewënn vu sengem leschte Film About Elly an der Hëllef vun engem amerikanesche Filmfond. Während den Dréiarbechte war et dann och scho bal aus fir de Farhadi, hien haat sech an enger Ried bemierkbar gemaach an der en verschidde kontestéiert iranesch Regisseure gelueft huet an dat huet dem iranesche Ministère fir Kultur and Islamesch Guidance net gefall. Duerch eng Entschëllegung konnt dëse wäertvolle Film dann awer fäerdeggestalt a publizéiert ginn ouni der Zensur ënnerleeën ze sinn.

De Film heescht och nach The separation of Nader from Simin. An direkt am Ufang fanne mer eraus, dass et net ëm grondleeënd Eheproblemer geet, et huet kee sech an en anere verléift, déi zwee respektéiere sech, hunn sech wuel och nach gär. D’Simin wëll nëmmen net dass hir Duechter, Termeh, am Iran opwiisst a wëll säi Mann, den Nader, dozou opfuerderen aus dem Iran fort ze zéien. Den Nader allerdéngs denkt u säi Papp, de bei hinnen doheem lieft an Alzheimer’s huet an ëm den ee sech muss këmmeren. Dofir wëll d’Simin sech scheede loossen a wëll dass d’Termeh decidéiert mat senger Mamm ze kommen, an en anert Land. Fir d’éischt zitt d’Simin bei seng Famill zeréck, déi wéi den Nader och zu Teheran wunnen. Den Nader an d’Termeh wunnen esou alleng mat dem ale Mann an enger Wunneng. Si hunn net genuch Zäit sech ëm heen ze këmmeren a mussen dowéinst eng Fra ustellen, déi dagsiwwer bei him bleift. Mer hu séier erausfont dass den Nader a seng Famill wuel dat sinn am Iran dat een als Mëttelklass kéint gesinn. D’Razieh, déi Fra déi dem Nader säi Papp versuergt, kënnt éischter aus aarme Verhältnisser. Tëscht dem Nader an dem Simin senger Famill an dem Razieh a sengem Mann entsteet schnell eng Hitchcock-arteg verwéckelt an verdréit Geschicht déi investigéiert muss gin fir Kloerheet ze schafen. Souwuel d’Razieh wéi och den Nader sinn ugeklot a mussen sech verteidegen. De Film dréit sech ëm des Verteidegung, ëm d’Opdecke vu Ligen.

De Plot erënnert staark un d’Intrigen, Ligen a Verworrenheeten déi mer aus Filmer wéi North by Northwest oder Strangers on a Train kennen. Onnëtz ze soen, dass den Hannergrond hei e komplett aneren ass an dass eis eng Ongerechtegkeet an dësem Kontext vill méi wéi deet als Spectateur. Et as wichteg ze gesi wéi universell d’Thema ass, wéi oft et Mëssverständnesser ginn, wéi Mënsche Fakte bewosst oder onbewosst falsch duerstellen. Et ass eng einfach Plotligne der mer noginn, mais moralesch, sozial an ideologesch ass de Film vun enger rarer Komplexitéit. De Farhadi huet a sengem Film e Portrait vun der iranescher Gesellschaft geschaf dat erschreckend realitéitsno wierkt. Reliéis, kulturell a Geschlechter-bedéngt Grenze beschreift hien engersäits ganz natierlech an anersäits wéi wann et nei wir, wéi wann alles wat esou negativ verwuerzelt ass awer ëmmer erëm nei a senger Schrecklechkeet ass. De Farhadi huet et gepackt e Familljendrama, dat sech esou och kéint an engem westleche Land ofspillen, an engem verréckten, iwwerbureakratiséierten an zu gläich barbaresche Justizsystem ofspillen ze loossen. Déi fäi Ligne tëscht Léien an duerch Stolz  oder Angscht op d’Wourecht ze verzichten zitt sech duerch de ganze Film. Et ass wéi wann déi Erwuessen am Film, ofgesi vum Simin, sech selwer an hir Nascht aus Onwouerechten an alen Ideologië leeën, sief et gemaach aus awergleeweger Reliositéit oder dem endgültege Patriarchat.

Nieft den erwuessene Personnagen am Film gëtt et och zwee Kanner. D’Termeh, dem Nader a Simin säi Meedchen dat bal schonn a senger Pubertéit ass, an dem Razieh seng méi jonk Duechter. D’Termeh ass en intelligent Meedchen dat seng Eltere besser ze duerchkucke schéngt wéi si sech selwer. Hat erkennt d’Ligen an ass schockéiert dovunner. Och wann et villes net versteet, sou ass hat dat, dat duerch de ganze Film duerch seet et misst Léieren oder seng Hausaufgabe maachen. D’Termeh schéngt erkannt ze hunn, sécherlech mat Hëllef vu sengen Elteren, wéi wichteg Educatioun ass, grad wa perséinlech Rechter wéineg Wäert hunn. Dem Termeh säi Grousspapp, den un Alzheimer’s leit, näischt méi weess, net méi agéiere kann ass den alen Iran, den Iran den net méi mobil ass, sech net méi wiert géint Ongerechtegkeeten, entweder well en net méi kann oder well en selwer ze vill verwuerzelt ass an sengen alen Ideologien. D’Termeh representéiert déi jonk Generatioun, déi net weess ob et besser ass ze bleiwen an vu bannen eraus ze versichen de System ze änneren oder westlech ze goen, do wou se méi fräi sinn, wou se ouni Angscht kënne liewen. Dëst ass déi ultimativ politesch Fro déi de Film stellt ouni se ze beäntweren. Bleiwen oder goen? Béid Méiglechkeeten hunn hir Legitimatioun.

A Separation soll eis och dorunner erënneren dass den Iran rezent dat éischt islamescht Land war, dat fräi wollt sinn vun engem diktatoreschen Herrscher. Et ass do wou den arabesche Fréijoer ugefaang huet, 2009.  Baal dräi Joer dono huet sech wéineg geännert, d’Gréng Revolutioun hat net déi Konsequenzen déi se hät missen hunn an haut wandere jonk Mënschen a Massen aus, anerer bleiwen a setzen sech de Gefore vun dem Regime aus. Nieft all den Diskussiounen iwwer atomar Gefor ass net ze vergiessen dass d’Bevëlkerung am Iran net gläich ze setzen ass mat dem Khamenei Regime. Et ass gutt dass eis Filmer wéi A Separation dat weisen.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s