Shame

Shame also. No Hunger hunn de Regisseur Steve McQueen an de Michael Fassbender sech erëm zesumme gedoen. De Fassbender spillt de Brandon, e Mann den zu New York lieft a bei enger Firma schafft, bei der een net genee weess wourëms se sech këmmert, mais e wéineg prestigiéis schéngt et schonn ze sinn. De Brandon lieft alleng, wat ëm ze gutt kënnt, vu dass en d’Liewen vun engem Nymphoman féiert. Wann en net mat Prostituéierten a senger steriler Wunneng schléift, da fënnt e friem Fraen a Bars oder sicht no hinnen am Internet. Jo, souguer Erotik Magaziner besëtzt hien, duecht ech dach, dass déi net méi am Emlaf wieren. Dem Brandon säi Liewen, dat zwar vun Eros geleet gëtt, besteet aus Routinen a Ritualer. Bis d’Sissy, seng Schwëster, gespillt vum Carey Mulligan, sech bei him doheem ariicht an ëm soumat verbitt säin aalt Liewen weider ze féieren. 

Et ass schwéier den Effet, de Shame op de Spectateur huet, ze beschreiwen. Am Ufank denkt ee sech, dass et villäicht nu mol e méi oder manner schéine Mann ass, den einfach gäre Fraen huet. Dës Vermuddung gëtt da séier ersat duerch d’Erkenntnis, dass hien net fäheg ass eng Bezéiung ze féieren, sief et zu enger Fra, engem Frënd oder senger Schwëster. D’Präsenz vun der Schwëster rifft an him Gefiller herfir, déi e vergiesse wollt, vergruewe wollt. Hien erdréit keng Wäermt, keng Nähe, nëmme Sexualitéit kann ëm d’kuerz Illusioun vu Léift, Zouneigung a Gebuergenheet ginn. Eng Sexualitéit, déi ëm keng Freed ze bereede schéngt, mais eng Necessitéit ass. Hee muss an den orgasmeschen Zoustand kommen fir sech net a senge Gefiller goen ze loossen.

Duerch d’Sissy an d’Erënnerungen déi hat a sech dréit wäert hien ufänken sech ze verstoen. Hee wäert rose sinn, hie wäert hat haassen, well hat e Verhalen entwéckelt huet, dat de Contraire ginn ass vun dem Brandon sengem, hat schéngt Léift, Akzeptanz an e Gefill vun Doheem-Sinn ze brauchen a verzweiwelt ze sichen. Konfrontéiert mat allem dat hat representéiert fänkt hien un, déi Perséinlechkeet, déi e konstruéiert huet, ze zerstéieren. E wëll net méi, mais e kann net ophalen.

Shame deet wéi. Et  deet wéi zwee Mënschen ze gesinn, déi gelidden hunn, wouduerch et och ëmmer war. Mënschen déi net aus hirer Haut kënnen, well se et net geléiert hunn, et net verstinn, et einfach net kënnen. Si di sech wéi. A si dinn anere wéi. Verluer a verlooss, sti béid Personnagen virun engem Ofgrond den onendlech déif schéngt; an et ass eis wéi wa mer se zeréck huele wéilten, mais si falen, verschwannen. Rare hunn ech mech no engem Film esou traureg an opgebraucht gefillt. Ech hunn e gesinn a dono duecht ech wéi traureg, kleng a verluer dach alles ass. Virun allem wéi kleng mir sinn. Séier sinn dës Gefiller verschwonnen, mais ech konnt net ophalen un de Film ze denken. De Steve McQueen huet mënschlech Empfannung an d’Mënsch-Sinn u sech op eng Art a Weis portraitéiert, wéi se esou virdrun nach net gesi gouf. Hien huet eng simpel an awer staark ästhetesch Cinématographie mat engem zaarten, onimposanten Soundtrack zesumme bruecht. Ech sollt net erwähne missen, dass souwuel de Michael Fassbender wéi och d’Carey Mulligan onheemlech an  deels souguer erschreckend gutt waren. De Film ass perfekt ofgeronnt, näischt ass zë vill, de Steve McQueen huet sech net drop agelooss d’Geschicht ze iwwerspëtzen, mais dofir e perfekte Schluss erausgeholl. Shame hält op wéi en ufänkt, dezent, melancholesch, douce. An zu all dem och: wonnerschéin.


One thought on “Shame

  1. Merci fir dës Filmkritik. Du bréngs et fäerdeg dat auszedrécken wat mir och um Film opgefall ass a gefall huet, ech war awer weder fäheg doriwwer ze schwätzen oder ze schreiwen, trotz oder vläit grad wéinst dem Fait wéi no mir déi Geschicht gaangen ass. Just wat de Schluss ubelaangt hätt ech mer eppes aneschtes erwaart, sou dass ech hei net denger Meenung sinn, ech ka se awer novollzéien.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s