Into the Abyss

Dat occidentalt Land dat sech zu all méiglechem Zäitpunkt als Weltpolice a moralesche Virstand gesäit ass och gläichzäiteg dat eenzegt westlecht Land dat niewt demokratesch zweiwelhafte Staaten wéi China, dem Iran a Saudi Arabien, Staaten déi d’USA selwer oft genuch vun hirem Podest aus ze kritiséiere wëssen, nach d’Doudesstrof erlaabt. An dëst a méi ewéi 25 vun insgesamt 50 Staaten. Nodeems de viru kuerzem nach méigleche Präsidentschaftskandidat Rick Perry, aktuelle Gouverneur vun Texas, a Verruff geroden ass eng héich Zuel un Exekutiounen duerch Net-Begnadegung zougelooss ze hunn, ass an den USA, net zu Lescht duerch Amnesty International, d’Debatt ëm d’Capital Punishment erëm opkomm. Staaten wéi Alaska, Hawaii, Illinois, Iowa, Maine, Michigan, Minnesota, New Jersey, New Mexico, North Dakota, Rhode Island, Vermont, West Virginia a Wisconsin hunn 2011 d’Doudesstrof endgülteg verbannt aus hirer Legislatioun. Geet et also virun an de Gespréicher? Ass et méiglech och an de bekanntlech méi rietskonservative Südstaaten wéi Texas a Virginia d’Doudesstrof an Zukunft komplett ofzeschafen? Filmer wéi Into the Abyss kéinte méiglecherweis dozou bäidroen.

De Werner Herzog, de sech a leschter Zäit fir den Documentaire u sech ze interesséiere schéngt, hat säit sengen Ufäng eng gewëss ‘Faszinatioun’ fir Prisongen, Héischsëcherheetstrakter an och fir d’Doudesstrof. Scho laang wollt en e Film dréien den dëst Thema upeekt an 2011 huet en dat gemaach. Insgesamt  fënnef Prisonnéier huet en interviewt a schlussendlech zwee jonk Männer ausgewielt op dem Into the Abyss baséiere soll: De Michael Perry an de Jason Burkett déi 2001 zesummen dräi Mënschen, eng Fra mëttleren Alters an zwee jonk Männer, erschoss hunn. Ähnlech wéi an dem Truman Capote sengem leider net ganz fiktionelle Roman In Cold Blood,  ass et de Männer ëm en Auto gaang, ëm e roude Camaro.

Am Géigesaz zu villen Erwaardungen hat de Film d’Tabloidiséirung vun de Mäerder evitéiert an huet sech dach wesentlech op Interviews belaaf. Familiematglieder huelen Deel an den Entretienen an och de Michael Perry an de Jason Burkett selwer, déi jeeweils dem aneren d’Tat zougestinn, ware bereet virun der Kamera hir Geschicht ze erzielen.

Vun Ufank un kenne mer dem Herzog seng Positioun, hien schwätzt sech modest, mais kloer géint d’Doudesstrof aus, well a sengen Aen keen d’Recht huet en anere Mënsch hinzeriichten. Sou wäit, sou kloer. Als Optakt vum Film huet hien e Gespréich mat dem Paschtouer, den an de leschte Minutte bei dem Veruerteelten ass, bis d’Gëft säi Laaf an der Blutzirkulatioun hëlt. Ustrengend ass et dem Mann no ze lauschteren. Och a sengen Aen ass et géint d’Mënschewierd engem anere säi Recht op Liewen ze verbidden, wéi e  Crime och ëmmer ee begaangen huet. De Film huet en immens staarken Ufank, wann en och einfach ass. Mënschlech, dat ass villäicht dat richtegt Wuert.

Ech wëll weder de Film hei zesummefaassen nach zevill erklären. Ech wees just dass den Documentaire mech onheemlech impressionnéiert huet well den Herzog et gepackt huet zwee Jongen (als Männer kann ee se net bezeechnen) ze weisen, déi héchstwahrscheinlech fir den onnëtzen Doud vun dräi Mënsche verantwortlech sinn ouni hinnen an iergendenger Form hir Doseinsberechtegung streideg ze maachen oder se als onmënschlech Kreaturen duerzestellen. No Beschreiwungen déi een duerchaus kënne mathuelen, léisst den Herzog, wann och ganz subtil an onausgesprach, kee Beispill drun dass et och hei grondleeënd falsch ass d’Hiriichtung als Strof ze benotzen. Dëst ass a mengen Aan dat gréisst Argument, wann een et als solcht ka bezeechnen an de gréissten Achievement vum Film: Och brutal Mäerder verléieren net hir Recht op d’Liewen, wann och op hir Fräiheet.

Dëse Punkt huet Into the Abyss ganz elegant an indirekt gemaach. Villäicht, nëmme villäicht, bréngt dëse Film den Discours weider an déi richteg Directioun.

 

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s