Fées

david_hamilton_demoiselles7Virun kuerzem gouf ech vun engem Frend op den Fotograf David Hamilton hingewissen, heen huet gemengt seng Fotografien keinten mir gefaalen, geifen villaicht souguer mengem Verständnis vun Aesthetik entspriechen. Ech hun dem besoten Mann seng Arbechten nogesicht an wor iwwerascht wei een zouglaich zart Gestalten mat feenhaften Zich an porzellainarteger Haut esou staark an eng duerchaus pornografesch duerchzunnen Welt setzen keint, ounie dass daat mech och nemmen am gerengsten steiert. Ech fannen d’Fotoen immens douce, berouegend an gesinn se als harmonesch, ounie hir Koketterie ze verleiren. Meeschtens gin jonk Meedecher ofgelicht, zirlech, mat verdreemtenen Blecker an enger baal kitscheger Emgebung. Schéin fannen ech och d’Verbannung vun Natur an natirlecher Schéinheet an enger aanerer Form. Erotesch, awer net opdrenglech. Zart, mee net langweileg. Een Bleck, eng Gest, eng Faarw kennen de Betruechter baal ongewollt mathuelen.  An domat all daat heiten net ze abstrakt klengt, gin et hei e puer Exemplarer aus enger Fotostreck.

david_hamilton_demoiselles1

david_hamilton_demoiselles3

david_hamilton_demoiselles4

8 thoughts on “Fées

  1. Ech hun eng Reih Fotoen gesinn, secherlech net all: )An welchem Senn fenns du, dass se un Pädophilie erunkommen? Well en deelweis och Kanner an eischter erotescher Pose duerstellt?

    • Hm, wéi ëmmer wäert et och eng Saach vun Definitioun sinn …

      Objektiv gesinn sinn et jo just soft-erotesch, ‘friedlech’ Fotoen vun jonken Meedercher. Mee do fänkt de Problem jo awer schon un. Soll een jonk Meedercher (a vun wat schwätzen mir an dësem Fall? 12? 14?) an eroteschen Posen fotograféieren?

      Natierlech kann een dat onschëlleg betruechten, et ass jo just de menschleschen Kierper a sengem Normalzoustand (zu engem gewëssen Zäitpunkt). An jo die Fotoen sinn verdreemt, villäicht suguer poetesch an artistesch (wann se och menger Meenung no bessen vill zum Kitsch tendéieren). Mee trotzdem sinn ech iwwerzeecht, dass sou Fotoen verschidden Männer (villäicht och de Photograph?) sexuell umaachen. A muss dat sinn? Et sinn vill Gelungener dobaussen. Firwat kann en net erwuessen Fraen plakeg fotograféieren? Oder Kanner a jonk Meedercher wou een, wann et da sinn muss, Nuditéit erahnen awer net erkennen kann?

      Ech fannen et einfach grenzwärteg a potentiell geféierlech. Villäicht sinn ech awer och nees ze konservativ an dësem Fall … well ech kann verstoen, wats du mat dengen Kommentar gemengt hues! An stëmmen der zum Deel och zou. Mee trotzdem bleiwt dat méi oder manner ennerschwellegt Sexuellt. Mee villäicht ass och den Ennerscheed op Männer oder Fraen sou Fotoen kucken?

      An domadder wëll ech net soen, dass jidereen deen sou Fotoen gesäit oder kuckt automatesch zum Pädophilen gët. Dofir muss een schon d”Potential’ a sech hunn.

      Ech wees net, villäicht ass et och just well ech fannen, dass et besser wier dat Sexuellt net esou fréi mat eran ze bréngen? Fir Kanner einfach méi laang asexuell ze loossen? Fir hinnen hier Onschold op allen Levelen ze loossen?

      Mee villäicht man ech och just aus enger Méck en Elefant 😉

  2. Ech verstinn deng Suerg an fannen et och onneideg wann Kanner anstatt hirem Alter gerecht behandelt, op eng ongewinnt an villaicht ‘ze’ provokativ Weis fotografeiert gin. An dass daat meiglecht Potential fir Menschen mat pädophilen Neigungen as, liicht do relativ schnell an. Och wann ech an Psychologie oder Verhaalen net immens bewandert sin, sou kann ech mir awer och firstellen, dass fir en Mensch den ounehin pädophil Gedanken an sengem Kapp beherbergt et keen wahnsenneg groussen Ennerscheed mecht ob heen sech iwwer en Meedchen daat en op der Strooss begeint Gedanken mecht oder iwwer eng Fotografie.

    Wei Uewen schon gesot stemmen ech dir schon zou wanns du sees, dass een Kanner soulaang ewei et geet hir “asexuellt” Liewen erhaalen sollt, mee hun Kanner net schon freih en eegent, onschellegt an awer ganz natirlecht Sexualliewen an Interesse un dem aaneren Geschlecht?

  3. > mee hun Kanner net schon freih en eegent, onschellegt an awer ganz natirlecht Sexualliewen an Interesse un dem aaneren Geschlecht?

    Hiert Sexualliewen fänkt menger Meenung no eréischt dann un, wann dat anert Geschlecht sie wierklech ufänkt ze interesséiert an dann och zu soit Masturbation oder Sex féiert. Ech mengen net, dass een ‘Doktorspiele’ mat 5 oder 6 Joër als sexuell ze kategoriséieren sinn …

    Natierlech KANN d’Sexualitéit vun Teenager onschëlleg an natierlech sinn, och wann dat menger Meenung no haut ëmmer méi schwéier gët (net dass fréier alles perfekt woer!) … Onschëlleg a natierlech wier optimal, mee do ass awer och de Problem, dass Sex jo numol potentiell zu Kanner féiert, wa keng Contraceptioun geholl gët, an dann ass et séier eriwwer mt der Onschëllegkeet (am duebelen Sënn vum Wuert) … an d’Kanner mussen jo awer och opgeklärt ginn, kann ee jo schlecht soen: experimentéiert mol einfach, sidd firwëtzeg, etc an dann: oh, oops, lo kënt do demnächst e Kand op d’Welt! Menger Meenung no och keng ideal Situatioun …

    Dovunner ofgesinn ginn ech der schon Recht, dass eng gewëss Onschold an Natierlechkeet beim Sex sollt erhalen bléiwen … mee wéi sou oft existéiert do leider en Gruef tëschent Theorie an Praxis.

    Wou mer dann och schon rem bei den Draamwelten sinn, wat jo dann nees zum Hamilton sengen Fotoen passt.

    An deem Kader nach: déi Fotoen si jo net fir déi Kanner gemaach ginn, mee fir Erwuessener, déi sou Fotoen flott fannen an déi Bicher (an ech mengen eent ass och als Video verfilmt ginn) dann kafen, etc. Déi Läit (meeschtens Männer), déi dem Hamilton seng Bicher kaaf hunn, wäerten se jo wuel kaum hieren eegenen Kanner gewiesen hunn? Firwat wuel net … ?

  4. Verschidden Leit masturbatéiren schon als Klengkanner. An de 60er huet keen eppes dobai fonnt, wann 16jähreger plackeg an engem “Tatort” ze gesinn waaren. Haut bläre mir dann direkt all “Kannerpornographie!”.
    Natirlech ass dat een Problem, natirlech sollt e keng Kanner plackeg fotographéiren, mä och dozou mussen d’Eltren d’Awellegung ginn. Daat ganzt Thema ass immens komplex, sou sinn vill Léit déi Kanner vergewaltegen net pädophill. Am Cader vun der Diskusioun em d’Internetsperren an Daitschland ass do vill mam Internet geschriwen ginn, einfach mol durno sichen. Et ass virun allem souwait ech wees och bewissen daat een d’Leit mat Fotoen vun plackegen Kanner net kann “ufixen”/zu Pädophillen maachen.

    Fir mech gesinn d’Fotoen e bessi esou aus, wéi ech mir Porno aus den 60er virstellen.

  5. Joel: Masturbatioun als Kand ass jo awer éischter d’Ausnahm an dann och meeschtens éischter en Reflex wéi eng bewosst Handlung, déi d’Konsequenz vum Betruechten vun eroteschen/pornographeschen Material ass.

    Vill Läit déi Kanner vergewaltegen sinn net pädophil? Wat sinn se dann? Sou strack, dass se alles f*cken wat net bei 3 op de Beem ass?

    Natierlech kanns du net einfach jidereen mat Fotoen vun plakegen Kanner zum Pädo maachen, mee bei Läit, déi sou verulaacht sinn, kanns de et awer doduerch triggeren. An et kann ëmmer een zur Conclusioun kommen: “Hm, plakeg Kanner kënnen jo awer ferme attraktiv sinn (am sexuellen Sënn) …”. Eng Conclusioun zu där en net komm wier, wann en net (duerch wat fir eng Method och ëmmer) plakeg Kanner gesinn huet.

    Lo wouss de Porno aus den 60er sees, hunn ech grad missen denken wéi schockéiert (geekelt) wuel vill Läit/Jonker haut wieren, wann se wierklech esou een giffen gesinn. Läit generell manner gestyled, manner sportlech, manner duerchtrainéiert (sinn keen Expert mee extrapoléieren vun engem Kommentar iwwert Woodstock Noverfilmungen, wou et geheescht huet, dass d’Läit an deenen Filmer, déi spéider oder rezent gedréit gouffen, all vill méi eiser aktueller Norm vun ‘attraktiv’ entspriechen wéi der deemooleger – vergläich den Documentaire iwwer Woodstock mat Spielfilmer iwwer Woodstock). En plus woer deemools d’Blankrasur nach net Standard … wat en plus ëmmer ausgesäit wéi bei jonken Meedercher, wou mer rem beim Hamilton sinn …

    Soit.

  6. Erennert mech un den Balthus (zb “Thérèse, träumend”)
    Kritik:„Balthus’ Bilder sind hinreißende Kinderporträts. Einerseits. Aber eben auch Dokumente schwärzester Erwachsenenpsychologie.“

    Fir mech as den Mensch schon am Bauch vun der Mamm en sexuellt Wiesen waat vun sech aus Plaiséier empfennt. Onoofhaengeg dovun get den Mensch ab deem Moment wou sain Geschlecht festgestallt gett, vun baussen an eng sexuell Norm erangebuer.Daat as esou an net ganz vill aanecht.
    Lo weini war ech nach an enger Situatioun dei mech dropgestouss hued, e Papp mat sengem vlait 7jaehregen Meedchen deen soot “haal elo mol op domat” well hat ganz intensiv un enger Kamell gelutscht hued.Dem Papp war d’Saach pénibel well hien dodran eppes gesin hued waat “sech net passt”, mee d’Kand as nemmen senger Loscht noogaangen seng Kamell ze suckelen, gouf awer vum Papp dobai gestéiert.Natierlech ouni dat hat och nemmen am Usaatz gesoot kruut firwaat.
    Fir mech as den erwuessenen Observateur deen sech um Hamilton sengen Kitsch (meng reng subjectiv Meenung) Fotoen erregt(an sech dorops hin kinnt Gedanken maachen fir mol eng kleng Therapie ze buchen)deen “Kranken” awer secherlech net d’Kand waat mat senger kandlecher Sexualitéit spillt.An Kanner sollten daat menger Meenung noo och daerfen ouni dat een Erwuessenen se dodran stéiert respektiv hinnen hiert ganzt natierlech Verhaalen verbidd sou wei den Papp et gemaach hued.Hien haett vlait besser sain Meedchen zur sexueller Selbstbestemmung z’erzeihen sou dat hat begraift dat et en Ennerscheed get tescht senger an daer erwuessener Sexualitéit.Awer daat ouni him Virwaoerf oder souguer Angscht ze maachen.(Wei wann mer als Kanner net schon genuch Angscht gemaach kruuten virun eiser eegener Sexualitéit mat SchrottGeschichten à la Rotkaeppchen”)

    Quote:”Natierlech kanns du net einfach jidereen mat Fotoen vun plakegen Kanner zum Pädo maachen, mee bei Läit, déi sou verulaacht sinn, kanns de et awer doduerch triggeren. An et kann ëmmer een zur Conclusioun kommen: “Hm, plakeg Kanner kënnen jo awer ferme attraktiv sinn (am sexuellen Sënn) …”. Eng Conclusioun zu där en net komm wier, wann en net (duerch wat fir eng Method och ëmmer) plakeg Kanner gesinn huet.”

    Menschen dei eng paedophil Praeferenz hun gin menger Meenung noo kaum duerch Hamilton an Co zur ausgeliewtener Paedosexualiteit “getriggert”.Een deen seng Néigung net am Greff well hun (well en Erwuessenen de Choix hued an Therapie ze goen ier et zu engem Iwwergreff kennt)deen geht un en Kand.Dofier brauch een keng Pornographie.An schon guer keen David Hamilton.

Leave a reply to Grommel Cancel reply