Somewhere ass dem Sofia Coppola säi véierte Film. D’Regisseurin huet bewisen dass si net am Schied vun engem scho bal iwwermächtege Papp stoe muss, mais sech duerchaus och selwer behaapte kann. Virun allem dierft dat mat Lost in Translation kloer gi sinn, en Film den a villen Hisiichte schéin, traureg, ästhetesch ëmwerfend an iwwerhaapt a souwisou beandrockend wor. Allerdéngs huet dëst Meeschterwierk Moossstäb gesat, un déi een nëmme schwéier erukomme kann am weidere Schafen. De Nofolger Marie-Antoinette war e charmante Film, hat awer qualitativ näischt mam Virgänger ze dinn. Ëmsou méi wore Kritiker a Cinéphiler gespaant op dëst neit Wierk an hu gehofft et kéint u Lost in Translation uknäppen. Continue reading