No dem epesche Prolog den de Schluss ewechhëlt a kloer mécht wourop de Film erausleeft, fänkt den éischten Deel vu Melancholia un. De Michael (Alexander Skarsgård) an d’Justine (Kirsten Dunst) fueren an enger Limousine op hir eegen Hochzäit a komme mam Auto net ëm eng Kéier. D’Gefiert ass ze laang. Se ginn ze Fouss, kommen ze spéit. Se schénge glécklech. Mais wéi och scho bei Breaking the Waves huet de Spectateur en ongutt Gefill während dem Fest. Wéi esou oft bei dem Lars von Trier waacht d’Onheel vun Ufank un iwwer allëm. D’Kameraféierung ass irritéirend a souguer schmäerzhaft unzekucken während der éischter Halschent. Séier fanne mer raus dass mat dem Justine eppes net stëmmt. Hat ass net zefridden, hat ass onroueg, leeft fort viru sengem Mann, léisst e stoen a schlussendlech alleng. Hat ass depressiv, fënnt Zouflucht bei senger Schwëster, dem Claire (Charlotte Gainsbourg). Während dem Justine seng Depressioun sech moderéiert klëmmt dem Claire seng Angscht viru ‘Melancholia’, engem Planéit den d’Äerd passéiere soll.
Dem Claire seng onbändeg Angscht virun der Kollisioun, dem Weltënnergang, kontrastéiert mat dem Justine senger Gläichgëltegkeet. Näischt Guddes ass entstanen, wisou ëm d’Mënschheet traueren a fäerten? Et ass den Ënnerscheed tëscht Goeloossen a Festhaalen de Melancholia a mengen Aen besonnesch mécht. De Schluss bitt eis eng meditatiounsarteg Zeremonie, d’Waarden op den Doud an aller Rou gemëscht mat der Angscht virun der Zerstéierung, dem Näischt. De Film, wéi och de von Trier selwer, huet Schwächen. En ass laangotmeg, muncher fannen e vläit och einfach langweileg. Den Ufank wéi och de Schluss si vun enger Opulenz déi wagnerarteg Ausmoossen unhëlt, wat deels immense iwwerspëtzt wierkt. Dem Lars von Trier seng oppe Geréngschätzung vu Männer ass mat Momenter schwéier unzekucken, mer gesinn wéi d’Männer vun den zwee Fraen als domm an ahnungslos Wiesen duergestalt ginn, während d’Claire an d’Justine e scho bal iwwernatierleche Sënn entwéckelen. Hir feminin Perceptioun erlaabt hinnen ze gesinn an ze spieren wat anerer net mierken.
Melancholia ass e Film de weist, dass et net schlëmm ass d’Welt ze verléieren, well mir hir näischt méi ze bidden hunn. Et ass e Film iwwer Gefiller an wéi et ass keng méi ze hunn. D’Kirsten Dunst huet an dësem Film endlech all Erwaardungen erfëllt déi mer scho laang u säi Schauspill stellen an och d’Charlotte Gainsbourg mécht aus enger relativ fader Roll en novollzéibare Charakter. Ästhetesch bis elo de beschte Film vun dem Regisseur, inhaltlech leider dann awer ze vague an eidel.