Ech hunn an desem Moment The Summer without Men vum Siri Hustvedt fäerdeg gelies. Viru kuerzem hunn ech Blue Valentine nach eng Kéier gekuckt a festgestallt, dass et eng gutt Idi wir déi Gedanken, déi mer béid Wierker ginn hunn auszedrécken.
Blue Valentine vum Derek Cianfrance ass eng Geschicht iwwer zwee Mënschen, d’Cindy (Michelle Williams) an den Dean (Ryan Gosling), déi sech kennegeléiert, verléift an entléift hunn. Se ass schéin a romantesch, se ass traureg a se schéngt wouer. Hien ass en exzentreschen jonke Mann dien an enger Plënnerentreprise schafft, Ukulue spillt, séngt an wéi et schéngt en mëttelschwéiert Talent fir alles huet. D’Cindy ass op eng bedréckend Art schéin. Et studéiert Medizin bis dat net méi méiglech ass. Hat ass frech, clever an zu sengem Wiesen gehéiert eng eegenarteg Brutalitéit. Ze gesinn wéi béid Mënschen openeen réagéieren am Ufang ass réirend. Si schéngen allen zwee eppes Schwéieres u sech ze hunn, eppes Ustrengendes. Mir erliewen hir Bezéiung net chronologesch. Mir sprangen vun der Erzéiung vum Meedche, Frankie, zu verzweiwelte Versucher an engem futuristesche Motelzëmmer hir Léift zeréck ze gewannen. Mir gesinn tëschenduerch wéi se mateneen danzen an sech bestueden an och wéi se sech am Bus emarmen, wéi no an onendlech alles schéngt. Dat ass et net an dat wësse mir befir de Film ugefang huet.
Während d’Cindy sech oppen entléift, feindeseleg a scho baal gewalttäteg gëtt, beméit den Dean sech em hir Léift. Hien wëll net verléieren. Hat wees dass si scho verluer hunn. Heen ass den Idealist, de Familiemënsch, hat wënsch sech méi wéi en Mann den seng Famill mat engem schlechte Beruff erniert. De Film gëtt eis d’Gefill vum Dean an der Opferroll, heen ass de Romantiker, hee geheit d’Erwardung vun der Geschlechterroll ëm. Eng Szen déi mir besonnesch gutt gefall huet weist d’Cindy wéi hat wëll geschloe ginn, hee soll him wéi doen fir dass hat mat him schlofe kann. Hee wëll net, mécht et net. Heen wëll Léift wou keng méi ass.
De Film geheit d’éiweg Fro op no der Dauer vun der Léift, dem Verléiftsinn. Wéi kënne Gefiller verschwannen, wéi séier a wéisou? Dem Gosling seng Duerstellung vun engem ongleewbar gudden an naive Mënsch ass hiräissend. An och wann et en konventionellt Thema ass, sou bleiwe mer dach während dem Film waachsam, well en dat Schéint vum Ufang mat dem Enn vun der Léift vermëscht. Et klot keen un, et mécht kee Firwérf. Mir gesi Mënschen mat verschiddene Gefiller an dat ass gutt. Et ass gutt vun noem Roserei ze weisen, Gewalt, Trauregkeet an en onschéinenn, net consoléirende Schluss. Ni ass de Film prätentiéis, ni wëll en eppes firliewen, firschreiwen, firmaachen. Et deet gutt dat alles esou ze gesinn, gemëscht mat enger wonnerbarer Cinématographie déi genee déi richteg Fuerwe weist an eis d’Gesiichter an hiren Inhalt oder hir Eidelheet no bréngt.
Dat Bescht seit langem.