Loosst eis ee Moment zesummen an eng Méiglechkeet eraklammen. Stellt Iech fir Dir lieft an de Siechzeger Joeren. Zu New York. Dir schafft op Madison Avenue an enger Werbeagentur. Är charmant a maskulin Art erënnert un den Humphrey Bogart an Är Fra ass en zimlech gudde Grace Kelly Verschnëtt. Dir drénkt gär a fëmmt vill. Am léifste verbréngt Dir är Zäit mat Fraen mat deenen Dir net bestued sinn a kommt meeschtens eréischt dann heem wann Är Kanner schonn an hire Virstaadt Better schlofen. Dir setzt alles drun Är Vergaangenheet net mat der Géigewaart a scho guer net mat der Zukunft ze vermëschen. Nee, Dir hutt keng Vergaangenheet. Well et gëtt nëmmen ee Wee an de weist riichtaus. Dir gitt keng Kompromësser an a gleeft drun dass ee mat Geld och déi déifst Wonnen heele kann. Meeschtens. Léift a Frëndschaft si relativ, de Mënsch en intelligent mais manipuléierbart Deier. Dir lieft fir de gudde Moment well et schéngt wei wann Dir nëmme kuerzweileg zu Gléck bereet sidd. Dir sidd den Don Draper.
Den Don Draper ass ouni Zweiwel ee vun den interessantesten, déifgrennegsten a charmanteste Serienpersonnagen deenen een an der Serienlandschaft begéint. Hien ass geheimnisvoll, mooslos selbstiwwerzeegt a kee schéngt de Mann wierklech ze kennen. ‘He could be Batman for all we know’; wéi en Mataarbechter eemol bemierkt. Et ass dem Don Draper seng Arbecht bai enger Werbeagentur op der Mad. Av. a säi Liewen ronderëm, dat Mad Men portraitéiert. De Spectateur begleet hien mueres an d’Agence Sterling Cooper an der en bis spéit owes Alkohol ausschëtt, sech an aneren, a während gudden Iddien a schlechte Virschléi fëmmt wéi wann et kee muer géif ginn. Duerch heen begéint een déi verschiddenst Typen un Mënschen- an u Fraen. Wuel bemierkt, Fraen a Männer gouf duermols nach net déi gläich Funktioun oder Intelligenz a scho guer net Kreativitéit zougesprach.
Sou léiere mer den exzentreschen a sarkastesche Mann kennen, de Roger Sterling, dem säi Papp d’Agence matgegrënnt huet an de sech ökonomesch a statussymboltechnesch verpflicht fillt weider säin Onwiesen bei Sterling Cooper ze dreiwen. Och de Jonken, muenchmol liicht schmieregen an ofstoussenden, opstriewende Mann taucht op. De Pete Campbell ass den, den nach keng wirklech fest Perséinlechkeet entwéckelt huet an onoflässeg probéiert sech bei jidderengem beléift ze maachen- och gären duerch Beleidegungen an deplacéiert humorvoll Remarquen. D’Fraewelt bei Sterling Cooper get ugefouert vun der Office Managerin Joan Harris, der Haaptsekretärin souzesoen. Si ass charmant, autoritär, ongleewbar bevirmondend an bilt den eroteschen Zentrum mat Hëllef vun eng uleiende Kleeder déi de ronnen an attraktive Kierper nach besser ervirhiewen. Muenchmol ertappt een sech derbäi bei engem roude Kleed hänke bliwwen ze sinn ouni ze mierken dass geschnidde gouf. Als Kontrast zu dëser an der Rumm vun den Ëmstänn selbstbewosster Fra léiere mer onmëttelbar an der éischter Episod dem Don Draper seng nei, jonk an endlos naiv wierkend Sekretärin kennen, d’Peggy Olsen. Hat mécht en onsécheren a verluerenen Androck, stellt sech awer als kreativ a witty eraus an entwéckelt sech esou zum Copywriter. Net nëmme stellt hat am Laf vun der Serie eng vun de Fraen duer déi sech ëmmer manner vun hirem mysogenen Ëmfeld beaflosse loossen, mais et entsteet och eng besonnesch Vertrauensbezéiung tëschent him an dem Don Draper, déi duerch verschidden onglécklech an traumatiséirend Erliefnisser an de Liewe vun denen zwee geformt gëtt. Net zu lescht bilt och dem Don Draper seng Fra, Betty Draper, en Dréi an Angelpunkt. Mir begéinen hat meeschtens a sengem Haushalt a geleeëntlech an der Owesgarderobe wann et säi Mann wéi en kléngen Diamant begleede soll. Schéin, autoritär an oft scho baal skrupellos ass et, an der Erzéiung vunn hire Kanner erschreckend simplistesch, noléisseg an noezou grausam. D’Betty Draper ass en noezou perfekt geschriwwenen a vum January Jones wonnerbar interprétéierte Personnage dem een am Laf vun der Serie oft méi no kennt wei ee léif huet.
An engem gutt inszenéierten Zesummespill vunn den Charakteren entwécklen sech Intrigen op professionnellem Niveau souwéi an den tëschemënschleche Bezéiungen. Vu dass extraconjugal Bezéiungen Pflicht ze si schéngen an d’Liewen zu New York mat ville Reizer spillt ass et net ëmmer einfach an Intégritéit ze liewen. Och Sterling Cooper beweegt sech tëscht grandiosen Idien, Drëscheperioden an internen souwéi globalen Problemer.
Gutt geschriwwen an déifgrënneg Charaktere sinn onvermeidlech fir eng erfollegräich Serie ze produzéieren, maachen awer net alleng d’Genialitéit vunn Mad Men aus. Villméi ass et hei eng Mëschung aus grandiose Charakteren, engem gutt duerchduechten a spannende Plot an dem ni ze vill passéiert an engem Environnement dat authentesch an net zu lescht och erschreckend realistesch wierkt. De Spectateur gewënnt e Portrait vun de Siechzeger dat a sengem Facetteraichtum vollkomme wierkt. Als soziologesch Analyse léisst sech Mad Men gär a gutt kucken, oft als satiresch an humorvoll Realitéit aus enger vergaangener Zäit déi eis extrem geprägt huet. Mad Men ameséiert eis, bréngt eis zum Nodenken iwwer eis eege Liewesformen an hannerfreet d’Grondfeste vun eiser Gesellschaft. Näischt gëtt higeholl wéi et ass, alles sicht no enger Erklärung oder wéinstens no engem Ursprong. Grouss Themen wéi Fraerechter, Rassenennerscheeder an d’politescht Zäitgeschéien bilden nëmmen e kléngen Deel vun disuktéierbaren an kritiséierenden Usätz an der Serie.
Nodeems mir den Don Draper véier Staffelen hinduerch begleet hunn ass heen eis oft méi no komm, mir hunn mat him gelidden, hie bewonnert a mat Momenter a senger ganzer Erbärmlechkeet och verabscheut. Näischtdestotrotz ass et unhand vun senger Entwécklung a sëchlerech och där vun den anere Charakteren, dass eis kloer gëtt, dass Mad Men net jugéiert a kee fäerdegt a verdaament moralescht Urteel liwwert. Dem Spectateur ass fräi iwwerlooss ob hien en Mann wéinst adultèren Handlunge vu grondop béis fënnt oder ob en e Mënsch bleift den sech oft iert, mais grad dowéinst och esou realitétsno a novollzéibar ass. Mad Men besteet net nëmmen aus grousse Männer déi d’Motivatioune vun eiser Welt plangen, Mad Men besteet aus Wiesen déi no engem Wee sichen sech an enger Welt déi net plangbar ass zurecht ze fannen. D’Mad Men sinn Anti-Helden an dofir kucke mer se, dofir hu mer se gär.
D’Liewenszäit ass begrenzt, dofir ass et net klug se un Serien ze verschenken. Mais wann der en bëssen eppes iwwreg hutt, da kuckt des Serie. Se wäert Iech gutt an intelligent ënnerhalen, se wäert Iech dem Laachen an och muenchmol den Tréinen nobréngen, se wäert Iech mat Froe konfrontéieren déi Iech an dëser Form nach net begéint sinn. Se wäert Iech gefalen.
Wou kann ech ënnerschreiwen?
Alt rem e Review deen Loscht mécht d’Serie ‘en question’ och wierklech ze kucken. A Respekt fir et sou ausféierlech a gutt ze beschréiwen!