Everybody was well dressed and everybody was a mess

Somewhere ass dem Sofia Coppola säi véierte Film. D’Regisseurin huet bewisen dass si net am Schied vun engem scho bal iwwermächtege Papp stoe muss, mais sech duerchaus och selwer behaapte kann. Virun allem dierft dat mat Lost in Translation kloer gi sinn, en Film den a villen Hisiichte schéin, traureg, ästhetesch ëmwerfend an iwwerhaapt a souwisou beandrockend wor. Allerdéngs huet dëst Meeschterwierk Moossstäb gesat, un déi een nëmme schwéier erukomme kann am weidere Schafen. De Nofolger Marie-Antoinette war e charmante Film, hat awer qualitativ näischt mam Virgänger ze dinn. Ëmsou méi wore Kritiker a Cinéphiler gespaant op dëst neit Wierk an hu gehofft et kéint u Lost in Translation uknäppen.

Ob dat gelongen ass weess ech net wierklech. Dass en et probéiert huet ass kloer. An Lost in Translation begéinen sech zwou op hir eegen Art a Weis verlueren an einsam Mënschen, interpretéiert vum Bill Murray an Scarlett Johansson, an engem Hotel zu Tokyo a entweckelen ënnerhalb vu kuerzer Zäit eng besonnesch an intensiv Bezéiung zouenen. Si schéngen sech géigesäiteg ze verstoen, ze hellefen an ze tréischten, och wann keen vunn denen zwee dës Ofsiicht huet. An esou wéi Lost in Translation ass och Somewhere e Film den sech mat groussen Theme wéi Erwuessesinn an -ginn, Léift, Famill, Alléngsinn an net zulescht och dem Fanne vun enger Aufgab, engem Sënn, auseneesetzt.

Mir begéinen dem Johnny, engem bekannten a gefeierten Acteur den zu Los Angeles an engem Hotel wunnt. Heen verbréngt seng Zäit dermat säi Ferrari auszeféieren, Zwillingsstripperinne komatéis nozekucken, ze drénken an ze fëmmen, hallëfhäerzeg op Pressekonferenzen opzetauchen a geleeëntlech en Dag mat senger Duechter Cleo ze verbréngen. Dëse Liewensstil drot ze zerbrieche wann dem Cleo seng Mamm décidéiert fir onbegrenzt Zäit fortzegoen an hat bei sengem Papp ze loossen.

Ween no konstanter Aktioun sicht wäert mat dësem Film net frou ginn. Somewhere ass e rouege Film den näischt ze vill weist, net all Gefill verbalen Ausdrock verleiht oder d’Liewe vun de Charaktere mat onnéidegem Drama ausschméckt. Alles schéngt ze passen an aneneenzefléissen. Wat gesot muss ginn, dat gëtt gesot a wat net, dat gëtt eweggelooss. Oder fir et mat Wittgenstein ze soen: “Wovon man nicht sprechen kann, darüber muss man schweigen.” Froe ginn net beäntwert a Léisunge ginn och nëmme suggeréiert. Et ass un eis ze gesinn a welch Richtung et geet. De Film weist d’Liewe wéi et ass, keng Verschnörkelungen. Och de Ferrari bleift eemol hänken. Mir gesi kloer dass de Sënn vum eegene Schafen iergendwann aus dem Bléckfeld geréit wann mer permanent weiderlafen an de Rhythmus dem vunn eisem Sportsauto gläicht.

Genee wéi bei de Virgänger leet d’Sofia Coppola och hei e grousse Wäert op e rouegt an harmonescht Bild. Dem Johnny begéint een an der Douche, et kuckt een ëm no wéi en op der Terrasse iwwer Los Angeles bléckt an et beobacht een hie minutelaang wéi en op der Couche virun sech hin sëtzt an drop waart dass eppes passéiert, dass hie passéiert. Mouvement schéngt nëmmen dann ze entstoe wann gefuer gëtt, mais dat stëmmt och esou well et ass an deene Momenter an deenen een dem Johnny seng Einsamkeet versteet a mierkt dass hien ënner der Iwwerflächlechkeet a semiglamouréiser Trostlosëgkeet leid.

Tëscht de Portraitéierunge vunn Los Angeles an dem Hotelszëmmer muss de Spectateur immens oft laachen iwwer dem Johnny seng sëllech absurd Situatiounen. Mam Anzéie vum Cleo allerdéngs gewënnt seng Existenz eng liicht an humorvoll Dimensioun a verléiert un Zynismus a Batterkeet. Méi wichteg allerdéngs ass dass hat, wann och net dem Johnny säi Liewe vu Grond op verännert, him weist dass et do méi gëtt. D’Bezéiung tëscht deenen zwee gëtt immens douce an awer lieweg duergestallt an et spiert een, dass d’Cleo Verännerung an eng statesch Existenz erabréngt. Begleet vun engem immense Soundtrack initiéiert vun Phoenix, duerchliewe si mëttelgrouss an ni schwéier Momenter vu flüchtegem Gléck. Bal denkt een dass et esou bleiwe kéint, dass een do gär wier, dass et méiglech ass bei der Schwämm ze leien an alles esou sinn zeloosse wéi et ass.

De Film probéiert net e Star ze weisen den net eenz gëtt mat sengem Succès. En weist e Mann den onfäeg ass sengem Liewen op de Grond ze goen, de permanent Distractioun sicht fir seng Eidelheet a Gefillslosegkeet net mussen ze erdroen. Et ass kloer dass dëse Film net jidderengem gefale wäert. Mat Momenter gëtt et onangenehm roueg a langweileg, heiansdo hofft een nëmmen op déi nächst Szen well een et net méi erdréit. Dat sollt een net onbedéngt als Fehler gesinn, mais als Versuch dem Spectateur dat wat passéiert méi no ze bréngen. Géinter Schluss hinn vollzitt sech eng ästhetesch an inhaltlech Entwécklung déi esou iwwerraschend, schéin a réirend ass dass een am léifsten nach laang do sëtze bleiwe géing an dat wat ee gesäit nach laang op sech wierke loosse wëll. Mais opstoen an sech soen dass et sech gelount huet, dass d’Sofia Coppola keen zweeten Lost in Translation gedréit huet an awer en immens gudde Film, dat ass schéin.

Advertisements

2 thoughts on “Everybody was well dressed and everybody was a mess

  1. eigentlich gin ech emmer ganz schéin motzeg wann ech deng saachen liesen, wells de net sou faul bas wei ech an vill mei frei an den kino gees

    an wann ech dat hei dann liesen gin ech nach méi motzeg, well een dann heißhunger op de film kritt… 😉

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s