Disappear here

Ech hunn lang gebraucht bis ech mëch duerch dëst dach ustrengend Wierk gelies hunn. Nët dass ech iwwerascht wor, ech kennen en jo, den Auteur. Hues de American Psycho gelies, dann wees de wous de dëch drop aléis. Riets geet vumm Bret Easton Ellis sengem Glamorama . Du kënns eran an dann ass do den Victor. Model. Folglech schéin, sexuell erfolgräich souwéi enthusiasméiert vunn Drogen, Xanax an aaneren Models. Den Victor ass iwwerflächlech, domm, kritt ausser senger eegener, belangloser Existenz näischt vunn senger Emwelt mat, kuerz: en extrem nervegen Haaptcharakter. Hien këmmert sech semi-intensiv, semi-bewosstlos em seng divers Frëndinnen an Affairen, em d’Eröffnung vunn engem New Yoker Club an den Erhalt vunn sengem stolenen Kierper. Sou wäit, sou fäin. Nebulös kritt den Victor iergendwann no gewëssen Réckschléi den Optrag en weiblecht Model ausfënneg ze maachen, zu Paräis. Mat dëm Schëff op den aaneren Kontinent, stéisst hien ongewollt (en Wuert wat säin Liewen relativ gutt zesummenfaasst) op eng Terrororganisatioun aus eemolegen Models, déi op makaber-stilvoll-ustéisseg Art a Weis Mënschen embréngen. Dir kënnt Iech et villäicht denken, den Victor fänkt déi éischten Kéier unn iwwer seng Existenz ze reflektéieren ewéi en bis matkritt dass den mënschlechen Kierper méi schmäerzempfindlech Plaatzen huet wéi mir et eis an eisen vulgärsten Dreem firstellen kënnen. Verzweifelt, nach ëmmer komplett hëlleflos an débil versicht hien dem Cercle ze entkommen… Bei dem ganzen Duercheneen gëtt den Victor permanent vunn enger Filmcrew begleed, déi dat wat passéiert nach eng Kéier aus engem aaneren Bléckwénkel weist, d’Verwirrung wuessen léisst…

No dem dach relativ langen, wann och éischter simpel geschriwwenen Wierk empfënnt een éischt emol eng grouss Freed, dass et endlech eriwwer ass. Säiten an Säiten vunn bluddegen an gorehaften Beschreiwungen, konfusen Konversatiounen, endlos detailléiert beschriwwen Sexeskapaden loossen den Lieser oft ermidden. An dach, an dach. Hanner der iwwerflächlecher an dämlecher Surface (…) ass dann awer erëm vill ze gesinn. Den Ellis mëcht sëch en Spass draus säi Lieser duerch grotesk Szenen ze leeden bis een sech selwer dach immens sozipathesch fillt. Eng grouss Satire op d’celebrity culture vunn haut, en béisen an zyneschen Abléck an d’Modelwelt, eng endlos Kritik unn engem Zäitalter ouni wirklech Werter, unn der Obsessioun mat Schéinheet an Glamour, ‘a world reduced to “sheen and brands” ‘, wéi en Journalist zu Recht observéiert huet. Wien mengt d’Buch géif sech limitéieren op eng Welt zu der mir keen Zougang hunn iirt sëch. D’Liewen vunn den Models, d’ Glamorama-Welt, ass um Enn nëmmen eng kleng Versioun vunn dem wat eis Konsumkultur duerstellt. Egoismus, Glorifizéierung vunn Attraktivitéit, Geld, sech Gutt fillen mat allen Mëtteln. Gutt gesinn huet en dat, den Ellis. Ob et eppes ännert un dem ganzen desastréisen Zoustand bleiwt ze bezweifelen. An iwwerhaapt wëll heen/wëllen mir dat?

Advertisements

One thought on “Disappear here

  1. Immens Review! Huet mer Spaß gema se ze liesen, außerdem sinn ech elo och virwëtzeg op d’Buch an wärt mer et wuel demnäächst ausléine goen.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s