Sex and the City

Säit ongeféier sechs Joer (jo, ech wor véierzéng) sinn ech grousst Sex and the City Fangirl. Ech soen dat net nëmmen well ech gären schéin Kleeder, ‘t Virstellung vun New York an Gossip hunn. Och. Mä do gëtt et esou vill méi. Fir mech huet d’Serie véier Fraen gewisen, déi berufflech, sexuell an kulturell engagéiert an fräi sinn. D’Carrie an seng dräi Frëndinnen Samantha, Charlotte an Miranda woren an dësem Format besonnesch an eenzegaarteg direkt, intelligent, interesséiert, vulgär an kultivéiert zugläich. Direkt ouni eekleg ze sinn, zeréckhalend ouni Prüderie ze weisen, gekränkt duerch Léift ouni an Lethargie ze verfalen, schéin ouni perfekt ze wierken – net makellos an dach ëmmer erëm iwwerraschend an interessant wor d’Serie. Vill Fraen kënnen sech mat verschiddenen Säiten an den Charakteren identifizéieren, sief et d’Samantha dat Männer konsuméiert ewéi aner Mënschen Parfumséchantillons an d’Häerz um rechten Fleck huet, d’Miranda dat berufflech zielstrebeg, direkt, klug an herb wierkt, d’Charlotte, eng liicht onsécher, kultivéiert, zeréckhalend, deels konservativ Fra an schliisslech d’Protagonistin Carrie, moudbewosst Vogue Rédactrice, talentéiert sech ëmmer nees an penibel Situatiounen ze bréngen, eng Romantikerin déi duerch sechs Staffeln duerch versicht un seng grouss Léift (denMr. Big) ze kommen an dobäi an déi verschiddenst Richtungen gedriwwen gëtt.

Ech ginn dervun aus, hunn et och schon oft héieren, dass sech vill Mënschen froen wat esou besonnesch oder kuckenswäert un der Serie sollt sinn. Op den éischten Bléck kléngt villes clichébelaascht an – let’s face it – onrealistesch. Sécherlech, villes ass immens iwwerspëtzt, deenen wéinegsten geschéien wuel esou vill opreegend an spannend Geschichten, souguer wann een en abenteuerlecht Liewen féiert. Mä fir éierlech ze sinn huet mech dat net wierklech gestéiert. Ech hunn et immens ënnerhalsam fonnt iwwer déi véier ze laachen, mat hinnen ze fillen, dem Carrie seng regelméisseg Conclusiounen iwwer Frëndschaft, Léift an d’Liewen un sech um Schluss vun all Episod ze fannen. Ech hunn mech oft als weiblecht Wiesen geschmeechelt gefillt, hei an do getréischt, mech deels erëmerkannt, an wor ëmmer nees entzückt iwwer d’Selbstbewosstsinn dat hinnen och no trauregen oder schlechten Erliefnisser bliwwen ass.

Gutt gefall huet mir och d’Bild dat d’Serie iwwer Léift an Frëndschaft vermëttelt huet. Schéin ze gesinn, dass Frëndinnen keng Schan weisen all Empfannung an Geschicht mateneen ze deelen, immens éierlech an direkt mateneen sinn ze kënnen ouni der anerer wéi ze doen an dat meescht mat Humor deelen. Dat ass menger Meenung no keng onrealistesch Idealfirstellung, mä en erstrebenswert Ziel, gutt Frëndschaften bilden oft d’Fundament vun engem frouen an fröhlechen Liewen. An ech denken dass dat ouni Zweiwel en positiivt Bild erëmgëtt. Och Léift an Bezéiungen ginn an hirer Eenzegartegkeet, Komplexitéit, Schéinheet an Ambivalenz duergestallt. Ni ass eppes nëmmen schwaarz oder wäiss, iwwer Männer gëtt éierlech, humorvoll an awer ni erofloossend geschwat. Schmäerz an och Freed ginn erfrëschend echt an onverschéinert duergestallt, Kitsch ass nëmmen ganz seelen ze fannen.

Sechs Staffelen laang bleift d’Serie an mengen Aen konstant gutt an würdeg gekuckt ze ginn. Zwou wonnerschéin Schlussepisoden (Paris!) ronnen d’Geschéien of an weisen, dass et heiansdo ganz anderei ass opzehalen wann et am beschten ass. Jo, mir gefält dat wat si vermëttelen an jo, ech sinn en immenst Meedchen, dat et anderei fënnt iwwer etlech Episoden hin zum Schluss un den Mr. Big ze denken, zartgréng Ballerinakleeder unhimmelt an oft léiwer Vogue ewéi Dageszeitung liest.

‘Later that day I got to thinking about relationships. There are those that open you up to something new and exotic, those that are old and familiar, those that bring up lots of questions, those that bring you somewhere unexpected, those that bring you far from where you started, and those that bring you back. But the most exciting, challenging and significant relationship of all is the one you have with yourself. And if you can find someone to love the you you love, well, that’s just fabulous.’
Advertisements

4 thoughts on “Sex and the City

  1. Endlech emol eng Persoun, déi vernünfteg erklärt wat un SATC eigentlech drun ass. Et ass zwar och weiderhin näischt dat ech wëll kucken (ech hunn eng Folg gesinn, an et huet mech wierklech net ugesprach), mä du mëss hei zéng Mol méi Sënn ewéi de Grommel.

    Et ass gutt, dass du kee Flattr Knäppchen hues. Ech géing hei aarm ginn. 🙂

  2. Ech hat jo och nët wëlles déi Serie ze erklären 😉

    Déi Vue hei vun der Serie ass en effet interessant a gutt duer geluecht. Fir mëch woer SATC ëmmer (baséierend op enger Koppel Episoden déi ech gesinn hunn) ultra iwwerflächlech: Shopping, Schong, Sex! Yuuuhuuu! Mäi Liewen huet souvill Sënn! Konsum an Iwwerflächlechkeet ass wichteg!

    Wat d’Filmer ugeet, sou hunn ech just d’Traileren gesinn. An dat woer mat dat Schlechst, wat et sou gesinn hunn. Och optesch. Mee bon, och Fans vun der Serie schéngen jo vun de Filmer net iwwerzeecht ze sinn 😉

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s