The Office

Ech sinn en groussen, groussen, groussen … Serienfan. Niewt all time favourites wéi Scrubs, Friends, Sex and the City, Twin Peaks, Black Books, Black Adder, Deadwood, Fawlty Towers kucken ech den Moment gären How I met your Mother, Glee, In Treatment, Breaking Bad an United States of Tara. Fir der nëmmen en puer ze nennen. Seit méi wéi zwee Joër kucken ech allerdéngs eng Serie, déi en immensen Androck bei mir hannerlooss huet an mech konstant iwwerzeegt. D’Ried ass vun The Office (d’amerikanesch Versioun). Wen déi däitsch Versioun kennt, Stromberg, wees grosso modo wourëms et geet. De Bureau Alldaag vunn enger Paper Company, ‘Dunder Mifflin’ gëtt op dokumentaresch Art duergestallt. Keng Studio Audience, keen Hannergrondlaachen (immens agréabel). Den Ricky Gervais ass Executive Producer (heen huet d’britesch Versioun vun The Office an d’Wee geleet) zesummen mam Greg Daniels, den ënner aanerem schon bei The Simpsons matgeschafft huet. De Steve Carell spillt den Michael Scott, Chef vun hirer Branch.

Wat fannen ech esou faszinéirend un dëser Serie? Vill. De Steve Carell packt et engem fiktiven Personnage esou vill Liewen anzehauchen wéi et op dem hei Niveau geet. Den Michael Scott ass op den éischten (an och nach op den 526ten) Bléck en péniblen, onwitzegen, topeschen Mensch den séng Emwelt net versteet an enner Mannerwäertegkeetskomplexer leid. Op den 527ten Bléck allerdéngs fillt eng eng Meschung aus Matleed an Sympathie. Ech huelen un, dass dat en Punkt ass, den mech bei der Serie emmer erëm immens beréiert. D’Charakteren an hir Bezeihungen sinn immens authentesch duergestallt. Keen eenzegen vun hinnen ass perfekt (en Attribut, dat eis aus der Medienwelt ménger Meenung no vill ze oft un de Kapp geheit gëtt), äusserlech gesinn géif ech si vun okay bis duerchschnettlech flott astufen, wat och immens rare ass. Den gewollt realisteschen Toun gëtt ménger Meenung no immens gutt getraff, och wann selbstverständlech munch Charakterzich onheemlech iwwerspëtzt an absurd wierken. Mä och dat ass hei fir mech anderei, well et zu dem verreckt-grandiosen Humor vun der Serie bäidréit.

Ech wëll Iech kuerz d’verschidden Personnagen firstellen, fir en kléngen Abléck an d’Office Welt ze ginn. Den Protagonist ass wuel de Michael Scott, den ech schon erwähnt hunn. Hien ass en onsecheren Mann, den sech mat allen Mëtteln dorem beméit Succès bei séngen Matmenschen ze hunn. Daat heescht virun allem séng Matarbechter, well Frënn schéngt hien keng ze hunn. Hien trëtt an all Fettnäpfchen, huet keng wierklech Firstellung vun Moral an mierkt och net, wéi hien bei sénger Emwelt ukennt. Am Käer ass et awer en léiwen Mensch an ech muss soen, dass ech en immens häerzeg fannen (mä wéi gesot, och Matleed spillt eng Roll). Dann ass do den Jim Halpert (John Krasinski, dir kennt en aus Away we go). Hien ass, jo et kléngt schlëmm, cute. En witzegen jonken Mann, den alleng duerch säin bierenhaft Ausgesinn immens sympathesch an léif wierkt. Heen ass een vun den eenzegen déi d’Geschéien op sengem Arbechtsplaatz realistesch aschätzen kënnen an déi ganz Absurditéiten mat Humor dréit. D’Pam ass d’Sekretärin, eng flott, en bëssen onscheinbar jonk Fra, déi eigentlech eng Molcarrière ugestrebt huet an elo awer bei ‘Dunder Mifflin’ schafft. Hat ass immens léif, intelligent, witzeg an relativ verréckt. Vun Ufang un ass kloer, dass den Jim an d’Pam verléift ass, hatt awer seit Joeren en Fiancé huet, eng méi oder manner glécklech Geschicht iwwer Léift ass also firprogramméiert. (An The Office kënnt déi schéinst Liebeserklärung fir déi et je an enger Serie ginn ass, gleewt mer. ) An elo den coolsten fiktiven Personnage vun allen Zäiten: Den Dwight K. Schrute, gespillt vum Rainn Wilson. Selbsternannten Police Officer, Fire Fighter an Assistant Regional Manager. Hien ass op enger Farm an engem dubios konservativ-mormoneschen Emfeld opgewuess, lieft mat séngem Cousin Mose nach ëmmer do. Begeeschtert vun Waffen aller Art, lächerlech perfektionistesch an sénger onwichteger Arbecht probéiert hien alles ze maachen fir séngem Chef, dem Michael Scott ze gefaalen. Dem Dwight säin Charakter ass esou absurd an verréckt, dass et nëmmen nach genial ass. Hien schneid sech séng Hoer selwer (offensichtlech), huet eng Affaire mam Angela, der chreschtlech-prüder Fra an der Serie, zielt permanent krank/pervers Geschichten vun sénger Famill an sénger Kandheet. Kuerz: Hien ass genial. Niewt dësen Haaptpersonnagen gëtt et eng ganz Reih aaner temporär oder dauerhaft präsent Personnagen déi interessant an verréckt konzipéiert sinn.

The Office bréngt immens Ennerhaalung. Dir fannt eng schéin Weiderentwécklung vun den Charakteren an hiren Bezéihungen zoueneen. Skurril Momenter sinn enk verbonn mat liewensnohen an réirenden Szenen. Ech hunn schon onheemlech vill missen laachen an och déi eng oder aaner Tréin ass gefall. Ech kucken et gäeren well et mäin Empathieverméigen ureizt an mäin Daag heinsto en bëssen méi schéin mecht.

Hei en puer Andréck:

De Michael Scott iwwer Wikipedia

‘Don’t be an idiot’

Eegen Oompa-Loompa Versioun

Realistesch Approche zu Homosexualitéit

Erschreckend éierlech

‘Even for the internet it’s pretty shocking’

Stalking

Let’s get ethical

Advertisements

3 thoughts on “The Office

  1. Ech hunn dat britescht Original nach ëmmer am Léiwsten. Esou groussarteg rëffeg an arrogant wéi de Ricky Gervais spillt einfach keen de Chef, och net de Steve Carell. Woubäi mer de Stromberg esouguer nach besser gefällt, ewéi déi amerikanesch Versioun. Mä dat läit wahrscheinlech och dorun, dass ech ee groussen Herbst Fan sinn.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s