In Treatment

Virun en puer Méint sinn ech op In Treatment opmierksam ginn, eng HBO Serie déi den Moment an Däitschland op 3Sat ausgestrahlt gëtt. Ufanks duecht ech, ‘t wier wuel éischter dreschen, vu dass den Plot immens simpel an onopreegend kléngt. Et geet ëm d’Gespréicher tëscht engem Psychotherapeut (den Paul) an sengen Patienten. Séier hunn ech awer gemierkt, dass d’Charakteren immens interessant Mënschen sinn, dass hir individuell Geschichten spannend, emotional mathuelend an an jeglecher Hisiicht interessant sinn. Den Spectateur kritt en intimen Abléck an den Patienten hiert Liewen, d’Personnagen an hir jeeweileg ‘Problemer’ oder ‘Stéierungen’ sinn esou intelligent konzipéiert, dass si Empathiegefiller opkommen loossen an (bei mir op jidder Fall) den Interêt un psychologeschen Mechanismen steigeren. Em fënnef Patienten geet et, d’Sophie (gespillt vum Mia Wasikowska dat déi meescht vun Iech bestëmmt duerch dem Tim Burton säin Alice in Wonderland kennen) ass en jonkt Meedchen dat en onbewossten Selbstmordversuch begaang huet, d’Laura ass eng jonk Fra déi an eng fréi Midlife Crisis fält an feststellt, dass si sech an den Therapeut verléift huet, den Alex, en Mann den en Trauma am Irakkrich erlieft huet, dëst awer net wierklech gesäit an awer mat Scholdgefiller kämpft, d’Amy an den Jake, eng Koppel, déi mat hirer Ehe ze kämpfen huet an d’Gina, dem Paul seng fréier Supervisorin zu der en elo rëm Kontakt ophuelen wëll.

‘t kléngt wuel en bëssen konfus, mä ech géif d’Serie jidderengem weiderempfehlen den en gewesst Interesse dorun huet, wéi mir Mënschen funktionéieren an den sech villäicht och en bëssen besser selwer kenneléieren wëll. Mir perséinlech gefält et immens gutt, well ech tatsächlech d’Gefill hunn, aus Sëtzungen vun aneren, fiktiven Mënschen eppes Klenges fir meng perséinlech Existenz zéien ze kënnen.

Advertisements

6 thoughts on “In Treatment

  1. Hu lo grad, op deng Recommendatioun hin, déi éischt Episode gekuckt a hunn se net schlecht fonnt. Ech wäert mer definitiv déi nächst dann och mol nach kucken.

    Die mënschlech Psychologie, an och generell dat Tëschenmënschlecht, ass jo ëmmer rem faszinant.

  2. Hunn an der Tëschenzäit e puer Episoden gekuckt a sie gefällt mer wierklech, wierklech gutt! Merci fir den Tipp 🙂

    Fannen den Gabriel Byrne exzellent fir déi Roll.

  3. Just firwëtzeg: wat fir zwou Sessions fënns du am interessantesten?

    Ech giff dem Mädchen an dem Paul seng selwer wielen (hunn awer bis lo réischt 10 Episoden gekuckt).

  4. Dem Paul seng och. Grad well ech et immens interessant fannen, Bezéiungen tëscht den Therapeuten ze gesinn. Dann nach dem Alex seng, well se menger Meenung no gutt den Nerv vun der Zäit trëfft.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s