The Last Station

Ech hunn mir virun enger Zäit The Last Station ugekuckt, en Film dien mech aus verschiddenen Grënn immens interesséiert huet. Engersaits spillen den Christopher Plummer, ‘t Helen Mirren an den James McAvoy mat, Acteuren déi mech bis elo an diversen Rollen faszinéiert hunn. Den jonken Här fannen ech dobäi och ästhetesch immens uspriechend, säit Atonement sinn ech wuel verléift. Nieft den Schauspiller kënnt derbäi, dass den Film sech mat dem russeschen Schrëftsteller Leo Tolstoi auserneensetzt, en Personnage aus der Literatur den ech relativ faszinéirend fannen. ‘t geet ëm dem Auteur säin leschten Summer, ‘t geet drëm, wéi sech Famill an Beroder esou wéi och Bewonnerer vum groussen Tolstoi ëm dat streiden dat hien hannerloossen wäert, näischt aneres wéi een vun den gréissten intellektuellen Schätz senger Zäit. An dësem Wierk geet et allerdéngs och dorëm, wéi Mënschen probéieren no Idealer ze liewen, déi iwwergrouss an onerreechbar sinn. Eng deemoleg Beweegung, déi sech selwer als Tolstoianer bezeechent huet, huet versicht hir Liewen esou ze gestalten, wéi den Groussmeeschter et an senger Philosophie suggeréiert huet. Och den Valentin, verkierpert vum McAvoy, gehéiert zu dëser Grupp. Hien gëtt dem Tolstoi säin leschten Assistent, soll him beim verdeelen vun den Rechter vun sengem oniwwersiichtlechen Wierk hëllefen, hien an sengen kreativen Phasen ënnerstëtzen an och derfir suergen, dass daat “Richtegt” mat den Hannerloossenschaften passéieren wäert. Hien entwéckelt sech zum enksten Vertrauten, allerdéngs net nëmmen vum Tolstoi selwer, mä och vun senger Fra, dem Sofia Tolstoi. Den Film schenkt en phantasteschen Abléck an ‘t Gefillswelt vun enger Fra, déi den Drot zu hirem Mann laang verluer huet an verzweiwelt versicht, eng eemoleg staark Léift erëm erbléien ze loossen. ‘t Helen Mirren an den Chrisopher Plummen verleihen den Personnagen déi si spillen eng immens Liewenskraft an loossen den Spectateur méi wéi eemol ‘t Distanz tëscht Fiktioun an Realitéit vergiessen. Wann mir en Wuert afält dat zu der aler Koppel passt, dann ass et Réihrung. Ech wor immens geréihert ze gesinn, wéi zwee Mënschen déi méi ewéi en halleft Joerhonnert hir Liewen gedeelt hunn, sech nach ëmmer op hir Art an Weis beméien, dem aneren Guddes ze doen. Dësen Film dréit sech zwar och ëm den Ëmgang mat dem Doud, mam Alteren, mä fir mech geet et haaptsächlech ëm Léift. Den Valentin erlieft, als jonkt Pendant, seng éischten Léift, während déi tëscht dem Leo an dem Sofia Tolstoi hir Enn fënnt. Hien léiert t’ Liewen kennen an léisst sech vun dem Masha, enger jonker, schéiner, waakreger Tolstoianerin an ‘t Léift “aféieren”. Seelen hunn ech esou douce an schéin Biller gesinn, déi weisen, wéi an dem Valentin säin bis dohinner immens strikt Liewen den Fréijoer eranzitt.

En historeschen Film an engem immens zaarten Rhythmus, en Film den Mënschen trotz hirer onendlecher Unzuel un Fehler net verdaamt, mä Nosicht weist. ‘t Cinematographie fänkt ‘t Atmosphär wonnerbar an, ‘t Acteuren iwwerzeegen an hiren Rollen esou wéi ech mir et erhofft hunn an den Film bestecht mat Humor, den heiansdo esou melancholesch ass, dass een net weess, ob een laachen oder kräischen dierf. Ech sinn, wann ech dat esou dierf soen, op allen Ebenen iwwerzeegt.

♥♥♥♥♥♥♥♥♥

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s