Hamburg, Paris, London

Ech hunn mir an den leschten Méint Zäit geholl en Puer Ausstellungen ze besichen, déi ech vum Programm immens spannend kléngend fonnt hunn. Munch Kënschtler woren mir bekannt, anerer nei Entdeckungen. Ech wëll Iech un mengen Gedanken zu der Konscht deelhuelen loossen, géif awer gären nach eng Kéier ausdrécklech umierken, dass ech keen Konschtkritiker sinn, mä et genéissen mir eng gelongen Ausstellung unzekucken oder einfach Momenter vun Schéinheet ze erliewen.

Zu Hamburg hunn ech mir bei äiseg kalem Wieder an der Kunsthalle ‘t Ausstellung Pop Life ugesinn. An dësem Gebai hunn ech mir an den Joeren virdrun ewell eng Rei Ausstellungen ugekuckt (eng dovunner wor ‘t grouss Mark Rothko Retrospektiv, déi en immensen Androck bei mir hannerlooss huet) an hunn ‘t Organisatioun an gudder Erënnerung, esou ewéi den Choix un Wierker. Dës Exhibitioun huet Wierker vun den “gréissten” Pop Art Kënschtler benotzt, fir ‘t Phänomen vun der usteigender Vermaarktung vun Konscht duerzestellen, ugefaang beim Papp vun der kommerzieller Iddi ewéi mir se haut kennen, dem Andy Warhol, bis hin zum Damien Hirst an Jeff Koons. Ech hat en bëssen gefaart, dass sech ‘t Ausstellung op d’Weisen vun den Biller an Installatioun beschränken géif, gouf dunn awer enges Besseren beléiert. Alles an allem fannen ech Pop Art ästhetesch net ëmmer iwwerzeegend, mä hei gouf den Schwéierpunkt drop geluecht ze weisen, wéi den Konschtmilieu haut funktionéiert, wéi Kënschtler tëscht Affirmatioun an Kritik zu hirem eegenen Schafen stinn, wéi Provokatioun an Gräisslechkeet sech besser verkafen an wéi den Kënschtler sech zum Konschtwierk ëmwandelt. Mat Diamantenstëbs bedeckten Päiperleken, opdrénglech japanesch pornographesch ugehauchten Mangafiguren an klassesch faarweg Warhol  Biller gehéieren zum Programm genau ewéi vum Jeff Koons produzéierten pornographeschen Fotoen mat senger deemoleger Fra. Haart, grell, ellen, gëllen, selwer an souguer eekleg sinn Adjektiver déi mir reckbléckend afalen, mä hei ass mir kloer ginn, wéi spannend et ass, ze verstoen wéi Konscht, Medien, Geld an Ästhetik haut zesummenhänken. Ech empfielen dës Ausstellung, déi ursprénglech vun der londoner Tate Modern an ‘t Liewen geruff gouf, jidderengem den un zäitgenëssescher Konscht interesséiert ass an den en groussen Deel vum modernen Kulturwiesen verstoen well.

Zu Paräis ass virun ongeféier dräi Wochen eng Ausstellung ugelaf, op déi ech mech laang gefreet hunn. Den Petit Palais huet dem leschten groussen franséischen Couturier Yves Saint Laurent eng Exhibitioun gewidmet. ‘t ass seelen, dass Konscht den Beräich vun der Moud (den menger Meenung derzou gehéiert) esou staark abezitt wéi et hei passéiert ass. Sécherlech gëtt et iwwerall Dekoratiounsmuséen déi sech och deels mat Kostümer an Design befaassen, mä ech denken, dass ‘tFransousen an virun allem ‘tParäiser en besonnescht Verhältnis zur Moud an hirer Bedeitung hunn. Den Yves Saint Laurent ass virun zwee Joer verstuerwen an huet der Welt menger Meenung no immens vill hannerlooss. Net nëmmen wor hien en Designer, den duerch seng Entwerf zur Emanzipatioun vun der Fra bäigedroen huet, hien huet Konscht (vun Van Gogh iwwer afrikanesch Handwierk bis zu Gedichter vum Apollinaire) an sengen Kleeder verschaaft ewéi keen Moudeschöpfer virun him. Duerch säin Schafen hunn Fraen ugefaang duerch hir Chiffonblousen Brëscht dezent duerchschimmeren ze loossen an sech genee esou selbstbewosst unzedoen wéi Männer et laang virdrun gemaach hunn. Dat klengt villäicht elo iwwerflësseg fir déi meescht vun Iech, mä och Kënschtler wéi hien hunn et der Fra erméiglecht en Schrëtt an eng Onofhängegkeet ze goen, déi fir eis haut selbstverständlech ass.

Dës Exhibitioun ass ouni Zweiwel eng vun den beandrockendsten kontemplativen Erliefnisser déi bis elo an mengem kuerzen Liewen statt fonnt hunn. Eng ästhetesch ëmwerfend Auswiel un Kostümer an Kleeder gepuërt mat immens informativen an deels réihrenden Beschreiwungen vun dem Yves Saint Laurent sengem Liewen an sengen wonnerbaren Iddien. Hien schéngt en Mënsch gewiescht ze sinn, den trotz enger gewësser (néideger?) Exzentrik en immens positiven Bezuch zu der Welt un sech hat, esou wéi en risegt Interessi un Konscht. Zesummen mat sengem laangjäregen Liewensgefährt Pierre Bergé huet hien fir Konscht ze ënnerstëtzen d’Fondatioun Pierre Bergé-Yves Saint Laurent gegrennt an während senger ganzer Schafensperiod Konscht gesammelt an net zulescht als grouss Inspiratioun gesinn. En genialen Kënschtler an en groussen Philanthrop, dem mat dëser Ausstellung eng schéin Eiher erwisen gëtt. Wann Dir also russesch Balletkleeder, mat Gedichter bestéckten Blousons an hauchdënn Seidenroben an den wonnerschéinen Gemaier vum Petit Palais wëllt gesinn, kuckt Iech et un.

No dësen Ausstellungen déi all béid en immens euphoreschen Zoustand bei mir ausgeléist hunn, elo zu engem Erliefnis, dat mech méi nodenklech an villäicht och en bëssen traureg gestëmmt huet. An der Tate Britain zu London fënnt an dësen Méint eng Retrospektiv zu dem briteschen Skulpteur Henry Moore statt. Ech muss zouginn, dass ech an dësem Beräich bis ewell gréisstendeels Wierker vum Rodin gesinn hunn an zur Skulptur en éischter zweiwelhaft Verhältnis hunn. Also hunn ech mech an ‘t Tate getraut an wollt mir een vun den bedeitendsten Kënschtler aus dem leschten Joerhonnert ukucken. Den Henry Moore huet gréisstendeels Figuren entworf, déi iergendwou tëscht Abstraktioun an konkreten Formen spillen. Oft erkennt een en Mënsch (meeschtens Fraen)  den sech no hannen lént (Reclining Figure), eng Mamm déi hiert Kand um Aarm dréit oder Käpp déi an enger Art Helm gefaangen sinn. Ech fannen d’Wierker gréisstendeels onduerchdrénglech, oppressiv an relativ schwéier ouni Hannergrondkenntnis ze verstoen. Dest läit wuel virun allem drun, dass den Henry Moore zu Zäit vun Krich an Nout geschafft huet an och spéider dës verstéirend Erfahrungen ëmmer erëm an senger Konscht verschafft huet. Kueleminnen an deenen Männer an erniddregendsten Konditiounen schaffen missten hunn bei him en staarken Androck hannerlooss, genee wéi d’Bild vun den Mënschen déi sech während den Bommenugrëff op London an den Tube Schächt verstoppt hunn. Hien huet nieft dësen batteren Erliefnisser och grouss Emschweng an der westlecher Denkweis anfléissen gelooss an säin Wierk, oft erkennt een Usätz vun Mënschengesiichter, déi an zwee gespléckt sinn, ähnlech munchen Molereien vum Picasso, hei an do och Käpp déi an enken Reim gefaangen schéngen. Gutt gefall huet mir an dëser Ausstellung, wéi faszinéierend Humanismus ausgedréckt kann ginn an virun allem ewéi abstrakt. Den Henry Moore huet eng immens subtil Art fonnt, ewéi en seng Reflexiounen zum Zäitgeschéien an sengem Mooss ausdrécken konnt. Och wann dës Exhibitioun weder liicht nach zougänglech wor, géif ech se alleng aus Curiositéit géintiwwer den verschiddenen Reaktiounen weiderempfehlen.

Advertisements

4 thoughts on “Hamburg, Paris, London

  1. Ich weiss noch nicht so recht was ich denken soll

    In der Zeit als in Berlin lebte,begleitete ich oft ein schlechtes Gewissen,da sich ein Übermaß an Museen in dieser Stadt befindet und jeden Tag mindestens 30 Ausstellung auf dem Plan hätten stehen können

    Da mein Job so seine Tücken hatte,bezüglich Fitness aber auch kopftechnisch,ging ich oft trotz des großen Angebots nicht hin,da ich den Kopf nicht frei hatte. Ich für meinen Teil brauchte die nötige Konzentration aber auch eine gewisse oder sogar eher eine ausgeprägte Aufnahmefähigkeit
    Wenn diese unerwartet nicht vorhanden war, dann war ich richtig sauer,denn es kam überhaupt nix bei mir an.

    Wenn ich das hier lese, ziehe ich einige provisorische Schlüsse: Sie ist ein interessierter Mensch,sie bekommt ihren Arsch hoch um was zu machen,sie ist informiert

    Dein Post hier klingt, meiner Meinung nach,fachlich und informativ,macht dem einen oder anderen Lust zum Reinschnuppern. Aber gerade weil du schreibst,du seist kein Kunstkritiker,vermisse ich etwas. Es klingt trotz der Beschreibung einiger persönlicher Gemütszustände “distanziert” (bevor jetzt irgendwer rumschreit möchte ich anmerken, dass dieser Ausdruck keine negative Note hat).

    Ich stelle mir die Frage zum wiederholten Male, ob wir nicht mehr profitieren sollten,als Blogger,weil wir nicht an einen Arbeitgeber (der uns zensiert) gebunden und Herr über den eigenen Blog sind, um ein mal so richtig persönlich reinzuhaun.

    Ich will mir jedoch auch nicht erlauben,dein und mein Bedürfnis gleichzustellen.

    Ich hab deinen Post gelesen,weiß mehr als zuvor,hab also ein Bedürfnis befriedigt, aber das andre Bedürfnis steht noch aus,und weil dieses Bedürfnis zum Beispiel beim Lesen einer Zeitung nicht befriedigt wird,weil da meist Objektivität und Information an erster Stelle stehen,lese ich Blogs.

    Weil es interessant(er) ist sich sowas durchzulesen und trotzdem auch zu erfahren,wann es dem Autor beim Ausstellungsbesuch zum Weinen war,wann er überhaupt nix fühlte,wann er hätte schreien wollen… ich nenn dass jetzt mal kurzerhand intelligenten Blog-Voyeurismus

    Aber wie gesagt,es geht ja auch darum, ob du das Bedürfnis hast,mehr darauf einzugehen und das ist und bleibt deine Entscheidung

    Mit freundlichen Grüßen

    Die Grinsekatze

  2. Ech soen ‘t éischt Merci fir däin Kommentar an déi dorop folgend Reflexioun. Ech verspieren net den Besoin op mengem Blog iwwer dat eraus perséinlech ze ginn, dat bis elo schonn gesot gouf. Ech erlaben mir duerchaus meng Gefiller vis-à-vis engem Konschtwierk ze beschreiwen, hunn awer net den Drang do méi extrem oder ausgebaut ze ginn. Watt genee huet een vun “perséinlechem Ranhaen”? Brauch een dat? Brauch den Blog dat? Muss sech den Lieser mat den vum Blogger geäusserten Gefiller identifizéieren? kennen?

  3. Pingback: GRINSEKATZE | DIE KLEENE IN DER GROßEN STADT

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s