Filmreview

Shutter Island ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥

Laang laang hunn ech mech op desen Film gefreet. Ech sin en groussen Frend vum Mistery Genre an wei wir et aanescht ze erwarden, vum Martin Scorsese. Den Trailer hunn ech immens uspriechend fonnt, allerdengs duecht ech, dass en villaicht en bessen eppes vun der Handlung eweghuelen geif. Mecht en net. En Kommissar (Leonardo Di Caprio) besicht eng Insel op der sech en Heischsecherheetstrakt fir besonnesch schlemm Verbriecher befend, allerdengs as et keen Prisong, mee eng psychiatresch Anstalt. Verfolgt vun senger traumatescher Vergangenheet probeiert den Protagonist d’Geheimnis em des omineis Insel ze fannen an verleiert (oder fend?) sech dobai selwer. Shutter Island huet menger Meenung no alles, daat en gudden Psychothriller brauch. Eng immens iwwerzeegend Leeschtung vun den Acteuren (Den Ben Kingsley an d’Michelle Williams och hei top), eng onduerchdrenglech an stemmeg Atmosphär gepuert mat enger wirklech gudder Kuliss, eng onduerchsichteg an spannend Geschicht, Momenter an denen den Spectateur virun Angscht net wierklech kucken well an en Schluss, den souwuel schockeiert ewei och en liicht batteren Nogoût hannerleisst. Mat gewessen Momenter wor den Film mir en bessen ze verwirrend, d’hunn sech zevill Themen aneneen versponnen, dei menger Meenung no besser hätten bearbecht kennen gin, wann se manner konfus duergestalt ginn wieren. Eng ganz Retsch psychologesch Themen ewei Schizophrenie oder och d’berühmt Verdrängung vun perseinlechen Katastrophen (daat wuel eng domat zesummenhängt) goufen gepuert mat dem Verarbechten vun extremen Krischsituatiounen, eppes daat mir net wirklech gefall huet op dei Art an Weis. Trotzdem: Daat bescht Wierk an desem Genre daat ech seit langem gesinn hun an ganz secher kuckenswert.

Crazy Heart ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥

Nodems den Jeff Bridges leschten Sonden fir seng Leeschtung an desem Wierk prämeiert gouf, wollt ech den Film ganz ganz seier gesinn. Vun der Story huet en mech un The Wrestler (sot ech schon wei wonnerbar den as?) erennert, ech wor immens gespaant. En dem Alter zougewandten, dem Alkohol verfaalenen an alles an allem zimlech erofgekommenen Country Museker, Bad Blake, mecht eng Tour, fir sech bellegen Whiskey, masseg Zigaretten an ongesond Iessen ze finanzeiren. Ofgesinn vun Telefonater mat sengem Manager an Nuechten mat en puer aalen Groupies verweilt heen greisstendeels alleng an delirieis. Bis en eng Journalistin kennenleiert, d’Jean (gespillt vum Maggie Gyllenhaal). Dei jonk Fra, dei sech an hirem Liewen immens gutt zurecht fend, verleift sech an den Bad an geheit sain Liewen am Gudden ewei och am Schlechten op d’Kopp. Den Museker gesait duerch d’Aan vun engem aaneren Mensch, wei et em hien steht, wou hien as. Duerch des Leift, dem Jean sain immens härzegen klengen Jong den dervun ausgeet, dass och Dinosaurier frühstücken kennen (wei en an enger Szen immens leif beschreift) an duerch eng vun Haassleift geprägten Frendschaft zu engem jonken Museker (Colin Farrell) versicht heen schliesslech sech ze änneren. Waat kann ech soen? Ech fannen den Jeff Bridges huet sain Prais verdengt, d’Maggie Gyllenhaal as eng immens würdeg Contrepartie an eng fantastesch Schauspielerin. D’Musek an d’wait amerikanesch Landschaft fügen sech wonnerbar an den poeteschen Film an. Douce an zuglaich immens realiteisno, en wonnerbaren Film.

Alice in Wonderland ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥ ♥

Wei laang hunn ech mech op desen Film gefreet? Lescht Joer hunn ech dem Lewis Carroll sain Wierk gelies, wor beandrockt vun . . . allem. Freedeg duecht ech: Den Johnny Depp, eng onheemlech cool Fantastiewelt, d’Gelegenheet fir immens Kostümer mat eranzebrengen an irwitzeg Deiren. Klengt immens. All daat wourop ech mech gefreet hun, huet mech net enttäuscht. Den Johnny Depp as wei emmer beandrockend, och wann en mech mat Momenter zevill un vergangen Burton Charaktere erennert huet. Den Film as immens ennerhalsam an huet en klugen an verreckten Humor, den aalen Hues den dauernd wierkt ewei wann en op Acid wir, d’Futterwacken an d’burtonesque makaber Momenter hun mir ganz gutt gefall. Och d’Mia Wasikowska, daat ech schon an der amerikanescher Serie In Treatment exzellent fond hun, as en wierdegt, erwuessent Alice. D’Cheshire Cat an den Caterpillar (dem Alan Rickman seng schéin Stemm) sin fantastesch adapateiert ginn, d’weiss Kinnegin (Anne Hathaway) as mir immens sympathesch an d’Helena Bonham Carter als Härzkinnegin zwar fuerchtbar nerveg, mee och gutt. D’dierf een sech keng Illusiounen maachen, d’ass keng eent zu eent Buchadaptatioun, den Burton huet sech eischter inspireiert an daat “Bescht” erausgeholl. Den Schluss hunn ech aus diversen Grenn och net nemmen gutt fond, d’schwarzwaiss Denkweis an den wierklech kitschegen Deel an dem d’Alice aus dem Wonderland zereck kent hunn mech en bessen gesteiert. Schéin fannen ech awer, dass d’Alice gewielt huet zereckzekommen an net dozebleiwen, wei den Mad Hatter him et ugebueden huet. Des Entscheedung weist, wei schéin et ass, sech zaitweis an enger wonnerbarer Draamwelt ze vergiessen, dann awer erem onweigerlech zereckzekeiren, fir fresch, secher an intelligent d’Liewen unzegoen. Och desen Film huet mir gutt gefall an wärt mech bestemt an groen realiteisiwwerfelten Stonnen mathuelen. . .

* Waat sollen dei Härzer? Ech duecht, dass et sennvoll wir, d’Filmer dei ech mir ugekuckt hun ze bewerten. D’maximal Punktzuel (Härzer) beleeft sech op 10, ech hun mech also ewei der gesit un dem iMDb System inspireiert.

24 thoughts on “Filmreview

  1. Vun deenen 3 Filmer hei hunn ech bis lo just den Shutter Island gesinn. Den Crazy Heart ginn ech nächst Woch kucken an den Alice wuel den Weekend.

    Duerfir kann ech just eng Remark zum éischten Film maachen: ech hunn en och net schlecht fonnt, zumools visuell an vum schauspillereschen hier. Allerdëngs hunn ech d’Geschicht awer eng Grëtz previsibel fonnt … Mee bon, awer ganz ‘kuckbar’.

    Zu den Häerzer: ech fannen et ëmmer gutt, wann d’Läit dem Film eng Nout ginn, mee hei muss een fir d’éischt mol zielen wéivill der et sinn. Mat 5 Härzer giff dat jo nach goen, dat erkennt een op een Bléck, mee bei 10 gët et schwiereg (hm, sinn der dat lo 7 oder 8?). Dat ass jo och firwat een 4 vertikal Strëcher mat engem diagonalen mëcht: méi gët oniwwersiichtlech an ass schwéier ze erkennen. Mee bon, et ass jo däi Blog, an do kanns du jo maachen wéis de wëlls 😉

    Ass op alle Fall interessant deng Reviews ze liesen!

  2. Schein, daste iwer dei Filmer geschriwen hues. Crazy Heart hun ech leif fonnt, mee lues mat Momenter. An de Colin Farell ass mer schrecklech op d’Schlappen gaang.

    Bei Alice in Wonderland gin ech der och Recht, just fannen ech do dem Mia seng schauspillerech Leeschtuing net 100 %. Mee again, t’war flott ze gesin wei de Burton en upasst.

    Vun denen 3 Filmer ass definitiv Shutter Island den, den am meeschten op mech gewierkt huet. <3!!

  3. @Grommel

    Jo, daat mat den Härzer as wuel wouer. Ech sin definitiv oppen fir Firschlei, bis dohin iwwerleen ech nach, wei ech daat gutt leisen keint.

  4. Ech krut grad vun engem Frend den Firschlag duerch d’benotzen vun verschiddenen Farwtein mei kloer duerzestellen weivill Härzer vun 10 den Film elo krit.

  5. NB: IMDB schräiwt och net ouni Grond eng Zuel hannert hier Stären (also zb 7/10). Ass natierlech bëssen double emploi, mee bon. Et huet een dat Ästhetescht vun de Stären an trotzdem gesäit een direkt d’Valeur vun de Stären.

  6. Ech fannen et net immens ästhetesch. Ech sin heimadder den Moment zefridden. : )
    D’Lieser greisstendeels hoffentlech och.

  7. @Grommel

    Du gesäis dach un deene groen Härzer, wéivill Härzer de Film nët krut, a Rechnunge wéi 10-2 oder 10-3 erleedege sech dach wuel vum selwen (an dat kriss de lo vun engem gesot, deen op IVème vu séngem Mathésproff am Douteescht virgeworf krut, e géing d’Einmaleins nët beherrschen).

    @Céline

    Ech hunn der et scho gesot, d’Härzer sinn top ; )

  8. Hm, woeren déi gro Härzer vun Ufank un do? Wa jo, dann hues de natierlech Recht, da brauch een sech usech just op déi ze konzentréieren. Déi woren mer dann komescherweis net opgefall …

  9. Ech bezéien mech lo mol just op den ‘Review’ vum Shutter Island.

    Ech muss soen, ech hunn deen Film wierklech enttäuschend fonnt. Schued, well ech sinn eigentlech e Bewonnerer vum Martin Scorsese zanter ‘Taxi Driver’. Mais ech hunn de Film einfach guer net spannend fonnt. Ok, d’Schauspiller sin exzellent. D’Fotografie och. Awer et ass eben eng relativ prévisibel Story, klischeehaft ëmgesat (inklusiv déi soi-disant ‘Schock-Szenen’ an der aler Festung. Keng Spannung, näischt iwwerraschendes, iergendwéi flaach, dat ganzt. An rythmusméisseg och net immens stimuléierend…

    Anerersäits passt de Review. Iwwerflächlech, ouni Déifgang, a langweileg. Op enger Meta-Ebene gelies also ganz ugemooss…

  10. @Bim:

    ” Iwwerflächlech, ouni Déifgang, a langweileg. Op enger Meta-Ebene gelies also ganz ugemooss…”

    Du schéngs mir op allen Ebenen en Idiot ze sinn:

    1. Eng Filmkritik ass keng filmwëssenschaftlech Erörterung.
    2. Fir bei 257 Wierder vu Langweil ze schwätzen halen ech fir zimlech iwwerhieflech. Wat muss du e Schreifstil hunn!
    3. Ech mengen net datt et dem Céline seng Ambitioun war, eng grouss Diskussioun iwwer Filmkonscht ze starten. Wann’s de dech awer je géifs eeschthaft op esou eng Diskussioun mat him aloossen, misst de relativ gutt si fir mathalen ze kënnen. Hatt weess vu wat et schwätzt.

    @Céline:

    Du hues eng kleng, kompakt Kritik geschriwwen. Se ass uspriechend, verständlech an et weess ee wat’s de vum Film denks. Soulaang et dat ass wat’s de wollts hues de däin Ziel erreecht, a méi Déift erwaart menger Meenung no kee sech (ausser eisem neien Troll).

  11. Uh oh… Mäi léiwe Jacques…

    Wann ech gewosst hätt, dass mäin vläicht e bësschen méi kritesche Kommentar hei direkt d’Taliban vun der Lëtzebuerger Blogger-Szene an Aktion rifft, wier ech natierlech méi virsiichteg gewiescht. (Fannen et awer séiss, weis du dech hei als selwer ernannte Bodyguard an d’Kampfgetümmel schmäiss, fir d’Autrice vum ‘Review’ mat gewote Behaaptungen iwwert meng geeschteg Leeschtungsfäegkeet ze verdeedegen, an ëm dann an engems nach d’Schëller tätchels, fir dass et net ufänkt mat kräischen…)

    Komme mer zur Saach. Deen Review ass, menger Meenung no, zimlech flaach. Ech kann et iergendwéi net gleewen, dass d’Autrice, wéis de sees ‘Ahnung dovun huet’, well ech beim beschte wëllen net erkennen kann, wat un engem kuerze Resumé vun der Story an e puer iwwerflächleche Remarquen iwwert d’Art a Weis wéi psychologesch Pathologie (anscheinend) fonctionnéieren, originell an gudd informéiert oder och nëmme ‘cinéphil’ soll sinn. Mais bon…à chacun son mauvais goût…

    Ech weess jo net, wats du schaffs, Jacques, mais wann et eppes mat Schreiwen oder Denken ze dinn huet (wat ech no denger Remarque iwwert mäi Stil unhuelen wëll…), géif ech mol a Betruecht zéien, fir Nohëllefstonnen a Semantik ze huelen. Begrëffer hunn meeschtens eng präzis Bedeitung. E Review, also e kuerzen Aufsatz iwwert e Film, deen effektiv keen Usproch op wëssenschaftlechkeet erhieft, an eng „Kritik“, déi normalerweis seng Wuerzelen an enger akademescher Approche huet, sinn eben Zweeerlee…

    Also Jacques, wanns de wëlls, liwweren ech der gär e „Review“ mat maximal 257 Wieder vun engem Film, deen ech gesinn hunn, an deens de der eraussichen dierfs, an da schwätze mer weider. Awer vläicht op engem aneren Niveau, ok Baby?

  12. “Begrëffer hunn meeschtens eng präzis Bedeitung.”

    Ech studéiere Semantik an fuerderen dech dowéinst op anere Leit net ze soen, se sollen Nohëllef a Semantik huelen, wann s de sou eppes wéi dat doen behaapts.

    Bim, ech fannen et éierlech gesot éischtens e bëssen héich gegraff engem Mënsch seng Review vun engem Film iwwerhaapt ze kritiséieren, wann dësen se einfach just aus Freed un der Saach schreift. Zweetens, fannen ech et absurd dës als “iwwerflächlech, ouni Déifgang a langweileg” ze bezeechnen, an dann duerno engem aneren seng Replik dorop als net dengem Niveau entspriechend ofzedinn.

    Du däerfs mech lo als Taliban bezeechnen, well ech dech fir en Troll halen, mä dee Moment méchs de dech just nach méi lächerlech, well eng fräi Internetdiskussioun wuel net vill mat där Gruppéierung ze dinn huet. Mä dat brauch ech dir jo net ze soen.

  13. @Klimbimchen:

    Schéin datt’s du deen eenzege vun eis mat Niveau bass. Du bass och deen Eenzegen, dee vun der Anonymitéit am Internet profitéiert fir onbekannt ze bleiwen. Da sinn ech léiwer en “Taliban” oder e “Bodyguard” wéi e frustréierte klengen Troll, dee säin Numm net schreift, well herno gëtt et nach vun engem gelies deen e kennt, an dann huet den aarmen Tröllchen nëmmen nach 2 amplaz vu 4 Facebook-Frënn.

    Ech schaffen am Moment näischt, nach studéieren ech. Du däerfs dat ganz gäre géint mech halen. Ech sinn zwar selwer net glécklech driwwer, mä ech ginn domat eenz.

    Falls de Loscht hues nach eng Kéier géint mech zréckzefachen, schreif et roueg op jacques [at] pianocktail.lu . Et geet hei net méi ëm “Shutter Island”, et ass net eise Blog, et gëtt kee Grond de Sträit hei fortzesetzen. Du kanns do och gär géint de Chris fachen, ech wäert et un hie weiderginn. Du däerfs souguer vun enger falscher Adress aus schreiwen.

    A benotz ni méi d’Riedewendung “Ok Baby?”, w.e.g.! Mech mécht dat zwar net rose, mä du kënns riwwer wéi en 10-jähregen.

  14. das ist doch alles Inzucht hier 😉 seid doch mal a bissl konstruktiver Leutchen.

    Bim könnte sich ein wenig zurücknehmen,
    Jacques könnte seine Aggression woanders abbauen und fragen ob ihn jemand streichelt bevor er Kommentare schreibt

    und das Fräulein Poupée muss selbst entscheiden ob ihr “Review” aussagekräftig genug ist,damit sie ihren Namen drunter setzt.

    Ich persönlich finde,dass es eher ein guter Ansatz als eine Rezension ist.

    Somit passt das Wort oberflächlich schon,aber halt nicht so negativ wie verschiedene von euch aufgedrehten Jungens es verstehen sondern es deutet auf eine gewisse Ausbaufähigkeit hin.

  15. @Grommel: Ass jo gudd elo, ech entschellege mech heimat (@All) villmols fir mäin trollhaft Optrieden…War nët sou béis gemengt wéi et vläicht riwer komm ass…
    Eent géif mech awer nach interesséieren, Grommel. A wéiwäit gin ech mer hei eng sichen? Dat soll jo wuel keng Drohung sin, oder?

  16. Sorry,der letzte war n bissl verunglückt. Ich wollt euch eigentlich nur noch bevor’s losgeht,Bescheid sagen,dass ich die Grinsekatze bin und keine gespaltene Persönlichkeit habe auf wenn einige Menschen das annehmen

  17. Sou. Ech hunn mir lang Zäit gelooss op dës Diskussioun, déi definitiv ënnerhalsam ass, anzegoen. Ech wëll och mat Sécherheet net op alles agoen, dat hei ugefouert gouf, mä nëmmen op dat, dat mech direkt betrëfft. 1. Ech sinn kengem béis an freeën mech (méi oder manner) iwwer all Kritik. 2. Ech hunn Shutter Island eng zweeten Kéier gesinn mettlerweil an stinn nach ëmmer hanner dem wat ech zu dem Film sot. 3. Ech hunn net den Usproch un eng déifgrënneg Kritik erhuewen, ech wollt leedeglech mat der Review meng Gedanken zu den besprachenen Filmer ausdrécken. Dat hunn ech gemaach. Wann ech iergendwann eemol eng Dissertatioun iwwer Shutter Island publizéiren, dann wäert dir déi éischt sinn, deenen ech dës zoukommen loossen.
    Ahjo, dir mierkt villäicht: Ech schaffen un mengem Lëtzebuergesch.

Leave a reply to Chris Cancel reply