Icons

Den Begreff Ikon huet d’ursprenglech Bedeitung vun “Ofbild” an och nach “Draamgestalt”, “Trugbild”. Wann een sech mat Konscht befaasst begeint een relativ oft desen Figuren, dei meeschtens eng religieis an emmer eng spirituell Bedeitung an sech biergen. Ech denken bei dem Wuert schnell un undächteg Madonnen an glorifizeiert Christus Figuren. Ech hun bis ewell an munchen Kierchen, Kathedralen an nach öfters an Muséehaalen Molereien an desem Stil gesinn, dei mir immens imponeiert hun. Och wann ech mech als onreligies gesinn, kann ech net soen, dass des Wierker mech kaal loossen, am Geigendeel, oft mierken ech, wei konschtvoll Schéinheet an mir eppes ausleisen kann, daat villaicht munch gleeweg Menschen erliewen, wann sie en Moment an hirem Glaawen geneissen.

Hei an elo well ech net vun desen Ikonen schwätzen, mee vun Fraen, dei an dem uewen schon genannten, der Opfassung vun Schéinheet, eppes verännert hun. Fraen, dei mat hirem Gesicht, hirem Charme, hirem Stil, hirer Moud an selbstverständlech hirer Ausstrahlung ganz Generatiounen ästhetesch geprägt hun. Wei oft begeinen mir an klasseschen Filmer, op Buchdeckel, an Zeitungen, jo eigentlech iwwerall weiblechen Wiesen dei nemmen do ubruecht sinn fir ze verzieren, mat hirer Grazie, hirer Schéinheet? Waat mecht Persounen wei d’Marilyn Monroe legendär? Weisou geheiert d’Audrey Hepburn haut schon baal zu enger Meedecherszemmerarichtung? Welch aktuell charmant Damen wärden speiderhin eemol als onvergiesslech entituleiert ginn?

Dir frot Iech villaicht: Weisou den Ufang? Waat huet daat eent mat dem aaneren ze din? Ech denken, dass des Fraen, vum Ava Gardner, iwwer d’Romy Schneider bis zum Brigitte Bardot all eppes gemeinsam hun. Si hun eppes duergestalt, daat op eng gewess Art an Weis immens mystesch, verschleiert an onereechbar gewierkt huet. Daat waat dei Fraen repräsenteiert hun wor net en Ofklatsch vun der Realiteit. Mol eierlech, wien hät sech eng Hausfra aus den 50er op engem Vogue Cover gewenscht? Keen. Film, Moud an Berühmtheet hun oft doweinst alleng schon en immensen Reiz, well et esou weit eweg vun eis as. Glamoureis Menschen faszineiren, werfen Froen op. An dei, dei sech em hiren Glamour en geheimnisvollt Image derzou erschaaft hun, andems se niemols zevill prais gin hun oder vill Froen oppen stoen gelooss hun, hun si en immensen Intérêt waakreg geruff. Den Mensch sehnt sech oft no enger Welt ausserhalb sengem realen Alldaag. Heiansto get et naischt Schéineres fir mech mech Mettes mat enger Vogue an d’Bett ze leen an mir d’Fotoen unzekucken. Ech hun wuel net wierklech eppes dovunner, d’brengt mech an mengem Liewen net onbedengt weider, mee mech fir een klengen Moment an en Universum gefellt mat Schéinheet ze beginn deet dann gutt an as erfreschend (soufern een seng perseinlech Erwardungen net un dei Moosstäb unpasst).

Waat meng Firleiften ugeet, sou sin ech ech immens begeeschtert vun dem Jean Seberg sengem Talent an sengem wonnerbar jongenhaftem Gesicht, dem Grace Kelly senger Grazie an Schéinheet an jo, wei keint et aanescht sin, dem Audrey Hepburn senger onheemlech doucer Ausstrahlung, senger Rou an enger baal vollkommener Gestalt. Ech sin immens faszineiert dervun, wei Stars an hirem Zaitalter hir Emwelt prägen, virun allem moudesch gesinn. D’Audrey huet an “Breakfast for Tiffany” (ech hun mech hei geiirt, natirlech heescht et “Breakfast at Tiffany’s”) d’kuerzt schwarzt Kleed salonfäheg gemaach an Onmoossen vun falschem Schmuck. D’Brigitte Bardot huet mat sengen schweiren an prächtegen Kaatzenaaen den Mascara an den Eyeliner fir franseich Fraen nei entdeckt an haut suergen Models wei d’Kate Moss an d’Agyness Deyn derfir, dass London oder New York Liedersjacketten an d’Fuerw Blo nei erfannen.

Iwwerflächlech? Jo, villaicht? Irreal? Oft. Mee d’brengt mir immens vill Freed (an ech denken, och villen aaneren) op der Oscar Verleihung dem schéinsten Kleed entgeintzekucken. Ech geneissen et Filmer mam Scarlett Johansson ze gesinn, net nemmen weinst sengem Talent, mee och weinst der wonnerbar aparter Schéinheet. Ech verbrengen villaicht vill Zait op Moudblogs, ginn onneideg vill Geld aus fir Magaziner dei greisstendeels aus Reklammen bestinn an freen mech niewt dem Colin Firth immens op “A Single Man”, well den Regisseur Tom Ford selbstverständlech d’Kostümer all selwer designt huet. Ech gesinn des Aktiounen trotzdem net all sennlos un, mee eischter als hell Lichtblecker an enger Welt, dei mir heiansto net fuerweg genuch as. Merci dir Natalie Portmans an Lara Stones vun deser Welt!

Advertisements

3 thoughts on “Icons

  1. Intressanten Artikel! Ech kann de Verglach zu reliéisen/spirituellen Ikonen duerchaus novollzéien.

    Ech veréieren d’Natalie Portman awer eréischt esou richteg, zanter et säin extrem expliziten Rap opgeholl huet. Well et de Courage an d’Selbstironie hat, als internationale Filmstar esou krass Lyrics an de Mikro ze jäizen.

    De Film heescht iwwregens “Breakfast at Tiffany‘s”. (Ech si lo bësse geschockt, well et ass mäi Lieblingsfilm. Deen Eenzegen, deen ech um iPod hunn, fir dass ech emmer kann eng Szen kucken, wann ech ennerwee sinn an et mer erem dono ass.) Et gëtt keen Tiffany am Film, den Titel kënnt dohier datt d’Holly sech moies säi Kaffiskichelchen an d’Fifth Avenue an een Tiffany & Co Geschäft kafe geet.

  2. Ohnee, t’deet mir leed den Titel falsch geschriwwen ze hun, ech haat wuel den daitschen Titel (Frühstück für Tiffany) am Kapp an hun den opgepasst. Speitstens nodems ech d’Buch lescht Joer gelies hun an den Film em dei honnert Keiren gesinn hun misst ech daat elo wessen. Merci. : )

    Dem Natalie Portman seng Rap Alaag as immens. Hat huet seit dem emmer rem an Interviews betount wei gären et Kraftausdreck dach huet.

  3. Okay, ech sollt oppassen waat ech schreiwen an keng Nuechten weinst Praisverleihungen mei duerchmaachen. ; ) Och op Daitsch heescht et: “Frühstück bei Tiffany”. Silly me.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s