The Sound and the Fury

Ongefeier en Joer as et hir, dass ech ugefaangen hun ze bloggen. Mir brengt et nach emmer Spass mech matzedeelen, Menschen un mengen Interessen deelhuelen ze loossen, mir nei Meenungen unzeheiren, mech ze begeeschteren an ze kritiseiren. Merci un d’Lieser, merci fir d’Matdeelen vun muncher Meenung, leiwen Grouss un Matblogger.

Ongefeier veier Joer as et hir, dass ech eng Band entdeckt hun, dei mech mei prägen an beandrocken sollt wei ech et domols ahnen konnt. Des Band huet mech mat hirem deemolegen Album erobert. “Pure Vernunft darf niemals siegen”. Ahsou. Verstaan hun ech net allzevill, bis haut wuel net. Gemierkt hun ech allerdengs, dass dei verdreemt stärkend Stemm, d’rockeg an deels orchestral Kläng an d’kryptesch Texter eppes besonnesches woren, eppes daat mir nach nie an dem Senn virdrun zu Geheier gefouert gouf. Rop an rof sin d’Lidder gelaaf, verdeift huet sech meng schéin melancholesch Stemmung. Ech hun mech dann och un hiren freiheren Wierker versicht, net alles huet mir gefall (bis haut nach net), awer spannend wor daat meescht. Seit dem hun ech d’Band drai wonnerbar Keiren live gesinn, schéinst Momenter genoss an dem hir Kläng Soundtrack gespillt hun an verleift aaner Menschen drun Deel huelen gelooss. D’Band heescht Tocotronic an huet virun kuerzem en neit Wierk hervirbruecht. Oha.

“Schall und Wahn”. Den dretten Deel aus hirer Berlin-Trilogie, wei sie selwer erklären, en Ofschloss also. Woumat “Pure Vernunft darf niemals siegen” ugefaang huet, waat “Kapitulation” baal op d’Spetz gedriwwen huet, schengt dest Wierk elo ze ennermauren. Final Selbstopleisung gekoppelt mat glorreicher Perfektioun? Villaicht. Ech wees et net, well hei net erklären, net alles interpreteiren, well ech mir daat net umoossen well, nach kann. Ech well erzielen wei d’Musek sech fir mech ufillt, waat se mir vermettelt an waat mir gefällt oder mech zum Denken ureegt. Den Dirk von Lowtzow huet zum virleschten Album dest Manifest verfaasst, eng Erklärung, eng Verstärkung. Eng Doktrin? Poetesch sin dei veier Jongen wuel seit längerem, philosophesch nach net esou laang. Ob Opgin, Ennerwerfung, Verleumdung an Zersteirung verfechtbar Idien sin, daat bleift wuel jiddfrengem iwwerlooss. Dass sie mat desen Gedanken provozeiren an ureegen as kloer. Dass sie den Moment (ech ziteiren divers daitsch Kulturmagaziner an Zeitungen) als intelligenst Band aus Daitschland ugesin gin as leschteg, well des ehemoleg Grunge Jongen domols wuel enner aanerem geint des Institutiounen rebelleiert hun.

“Schall und Wahn” bidd dem Ouer nach emmer ähnlech Motiver. Verweigerung vun Produktiviteit (“Was du auch machst, mach es nicht selbst”), Widerstand geint sennlosen Konsum an schliesslech d’Opgin vun der eegener Persoun zu Gonschten vun Fraiheet (“Von heute an leben wir ewig”). Klengt fir d’eischt emol immens gesellschaftskritesch an weineg dichterhaft. An dach as et genau daat. Lidder wei “Schall und Wahn” an “Im Zweifel für den Zweifel” brengen dem Heirer op erschreckend ästhetesch Art Idien bei, dei an hirer Radikaliteit erschrecken keinten. Zeilen wei “In mir brennt das ewige Feuer” wierken selbstgefälleg, passen schlussendlech awer immens an hir polariseirend Gedanken eran. Mat enger gesonder Portioun Ironie versteht een iergendwou, dass sie sech mat hirer Kritik selwer op den Arm huelen, an gespillten Grössenwahn ausbriechen an tescht Perfektiounsdrang an Nihilsmus schwanken. Daat woren elo zevill grouss Wieder. Zereck zu den Tatsaachen. Instrumental gefällt et mir immens gutt. D’Ufangslidd an d’Schlussmelodie bestin aus psychedeleschen Kläng, wonnerschéinen Straichern. Hei huet d’sech d’Band (ewei och schon bei “Explosion” um leschten Album) eng kleng Ausschweifung gegönnt. Iwweraschend as bei desem Wierk allerdengs, dass et en gutt Steck mei punkeg as wei seng zwee Firgänger. “Stürmt das Schloss” an “Ein leiser Hauch von Terror” erennern un hir freiher Lidder an gefaalen mir trotzdem. En gefällt mir gutt, ech geneissen dem Här von Lowtzow seng Stemm ongemeng, dei sech iwwer d’Joeren immens entweckelt huet, ech erfreen mech un dem Wiessel tescht Schwong an zarter Melodie an sennen gären iwwer d’meiglech Bedeitung vun hiren Texter (Faulkner! Shakespeare! ) no an verleiren mech an Daagdreem. En bessen erenneren se un den Schopenhauer, rosen, provokant, nihilistesch, ironesch an immens pathetesch. Mee wei gesot, nemmen en bessen.

Lauschtert Iech et un.

Advertisements

One thought on “The Sound and the Fury

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s