Ass et sennvoll ausschliesslech Fotoen oder Illustraiounen ze posten? Fir main Blog wuel eischter net. Ech versichen un sech esou vill Text an esouweineg Eenzelstecker ewei et geet ze publizeiren, och wann daat net emmer gelengt. Ech kann et net verheemlechen, ech sin en groussen Konsument vun Blogs, virun allem vun sougenannten Fashionblogs. Vun Daag zu Daag reesen ech op schwedeschen, briteschen, franseichen an gelegentlech daitschen Saiten erem, wou (meeschtens) jonk Meedecher hir nei Stecker firfeiren, selwer interessant Fotoen maachen, gären och an Stiedt verschidden Stiler an moudesch Besonneschheeten an Form vun Biller dokumenteiren. Oft get et eischter weineg Kommentarer zu den Fotoen, mee hei an do fent een eng Pärel an der “Meedechersbloggerwelt” an entdeckt Saiten, dei sech net nemmen op d’Aan beschränken, mee dobai och den Verstand bewosst uspriechen wellen. Hei en puer Blogs dei ech gären weiderempfehlen an selwer emmer erem geneissen.
http://www.leblogdelamechante.fr/ – Elenore Bridge
En Blog vun engem paraiser Meedchen. Kitschy, girlish, rosa. Mee:Wonnerbar Fotoen, schéin (an oft selten!) Moudstecker, leif perseinlech Geschichten, Dokumentatiounen vun Reesen, immens Tipps fir Adressen zu Parais (ech hun selwer schon esou munches getest an wor emmer erem begeeschtert) an villvill Ofwiesslung an nei Idien.
http://www.lolitas.se/ – Lolita
En Blog vun engem schwedeschen Meedchen, daat regelmeisseg Fotografien an Illustratiounen publizeiert. Weineg Text, dofir entdeckt een awer oft nei Kenschtler an Fotografen. D’Sait as immens fuerweg, waat ech gären hun, gelegentlech Fotoen aus Moudemagaziner sin delikat ausgewielt. (Wei mer all wessen:D’Skandinavier hun Goût.)
http://theenglishmuse.blogspot.com/– The English Muse
Eerem stark meedechershaft, dofir hei awer mei Wieder. Gäre verdreemt Fotoen, Dekoratiounsillustratiounen, awer och Empfehlungen vun Bicher, Filmer an Musek.
http://nadinoo.blogspot.com/ – Nadinoo
Eng jonk Designerin stellt hir Inspiratioun fir. Interessant fannen ech hei d’Videos an munch Stecker, dei d’Joffer selwer kreeiert huet.
http://fraeuleinzucker.blogspot.com/ – Fräulein Zucker
En immens härzegen an intelligenten Blog vun enger jonker daitscher Fra, dei hir eegen Zeechnungen firstelt an Form vun engem Diary. Kent oft fir:Kaatzen, seisst Iessen an liicht feministesch Alaagen. Like it.
Oh là là, merci Céline. Do spréngt mäi kléngt Häerz vu Freed. Ech fannen déi Zort Blogs immens! Wärt mech an Zukunft also och do duerchstöberen.
P.S.: Ech fannen däi Blog gutt esou wéi en as. Ech kommen ëmmer rëm gären!
Mat esou engem léiwen Kompliment sprengt mäin Härz och grad vun Freed. : )