The extraordinary one

Ech sin, wei munchen Lieser et villaicht schon gemierkt huet immens faszineiert vun der Moudewelt. Eng schier onerschöpflech Kreativiteit, endlos Idien dei dem Mensch seng Fantasie emmer erem op en neits ureegt, d’Duerchbriechen vun schengbar duerchsichtegen Mauren an eng onheemlech Schéinheet sin nemmen en puer Aspekter vun der draamhafter Seefeblos. Oft maachen ech mech op d’Sich no Magaziner dei ech nach net kennen, an friemen Stiedt versichen ech emmer neier ze entdecken an hun do och schon wonnerbar kleng Schätz fond, wei d’Love zu London, d’Lula zu Breissel, d’Jalouse zu Parais oder d’Blonde an Daitschland. Och wann all des faszineirend Magaziner op hir Art sech vuneneen ennerscheeden an gewess net dem Prestige vun der zeitloser Vogue nokommen, sou hun se awer alleguer eppes gemeinsam: Inspireiert, duerchduecht an munchmol baal perfekt Fotografien. Ounie Menschen, dei passionneiert sin vun der Arbecht mat Models, vun emmer neien Locations an groussen Herausfuerderungen wir d’Arbecht net meiglech. Munch zeitgenössesch Moudefotografen zielen zu denen interessantesten Kenschtler vun eiser Zait, sie stellen sech duerch Besonneschheeten an hiren Produktiounen eraus, ereegen Opmierksamkeet, schaafen zeitlous Schéinheet an hun d’Fähegkeet aus engem Model eng Muse ze maachen, aus him Saiten erauszekeddelen dei en onkonditioneiert Aan niemols erwaard hät. An dobai schwätzen ech gewess net vun Photoshop Retoucheieren oder dem ounehin schon perfektem Modelkierper dei Lescht Haut zevill ewegzeschummeln. Ech schwätzen vun Menschen, dei daat Schéinst an Faszineierst aus engem Mensch “erausfotografeiren” kennen.

En Fotograf dien et mir besonnesch ugedoen huet as den Steven Meisel. Heen as Amerikaner, schafft seit mei wei 20 Joer mat Condé Nast (d’Vogue Imperium) zesummen an as seit jonken Joeren faszineiert vun Moud souwei vun munchen Models. D’Twiggy wor eng vun sengen eischten Faszinatiounen, heen huet deels anscheinend virun den Gebeier an denen hat fotografeiert gouf geward fir en klengen Bleck op dei domoleg Schéinheet ze werfen. Nodems den jonken Mann dei bescht Konscht an Design Akademien besicht huet fängt eng onbeschreiflech Carrière un. Hien entdeckt oder ennerstetzt etlech Models op hirem Wee, dorenner d’Lara Stone, d’Christy Turlington, d’Coco Rocha oder d’Crystal Renn. Net emmer faszineiert vun der makelloser Schéinheet oder dem perfekten Kierper sicht heen no onkonventionellen Meedecher, dei alleguerten eppes vun hirer kosmescher (an munchmol och alienhafter) Optik mat an d’Fotografien eranbrengen. Bekannt an der Moudewelt als en enfant terrible fotografiert hien fir d’Vogue Iwwergreissenmodels, entwirft fir d’Vogue Italia dei berühmt Black Issue an der nemmen schwarzhäuteg Models präsenteiert goufen fir domadder op d’ongerecht Verdeelung tescht schwarzen an waissen Models opmierksam ze maachen. En (sou heescht et) gudden Frend vum Anna Wintour, der Vogue US Chefin an dem Franca Sozzani, dem Oberhaupt vun der Vogue Italia (den Meisel huet seit 1988 all Cover vun desem Magazin “gemaach”). Beid hun sech an hirem schengbar grenzenlosem Afloss an dem Moudeuniversum fir hien agesaat an hien gefördert wou se konnten. Niewenbei huet den Meisel fir Labels ewei Anna Sui, Calvin Klein an Valentino enner aanerem fotografeiert, souwei dem Madonno sain Buch “Sex” illustreiert.

Fir mech sin desen Mann an seng Arbechten esou faszineirend, well hien trotz dem eiwegen Schéinheetsdiktat seng Idien (dei oft genial sin) duerchsetzt an sech dobei radikal iwwer duerchsichteg Gesetzer ewegsetzt. Seng Fotoen sin net pretty pretty, mee nei, afallsraich, oft immens provokant an erregen Opseihen. Heen brengt eng als Lieser an Spectateur baal spierbar Erotik an seng Biller eran, helt aus sengen Models (sief et Fra oder Mann) dei fantasteschst Saiten eraus. Heen huet Fraen gär, heen huet Moud gär, heen as duerch an duerch begeeschtert vun deser Draamwelt an daat spiert een an sengen Fotoen. An am Fall wou hien net zefridden as an sengem Beruf oder mat den Konditiounen vun desem Fliggel vun der Konscht, esou probeiert hien daat mat senger Arbecht ze änneren an op Messstänn opmierksam ze maachen.

Elo hun ech genuch geschwärmt, hei Fotografien vun dem Genie.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s