Le Parfum

An Zaiten wou Menschen sech no Luxus sehnen, sech desen awer oft net groussformateg leeschten kennen, as een gewesst Produkt – sou schengt et, mei beleift denn je. Rieds as vum Parfum. Den Parfum (heibei kann et sech selbstverständlech och em en Eau de Toilette handelen) as en Accessoire, daat sech dei meescht leeschten kennen an sech domat en klengt Steck Glamour erkaafen. Den Parfum kann engem Mensch derbei hellefen seng Perseinlechkeet duerch sain Erscheinungsbild (wouzou jo och den Geroch geheiert) schimmeren ze loossen an seng Eenzegartegkeet nach eng Keier (mat engem speziellen Doft) ze ennerstraichen. Angenehm as et, “sain” ganz besonneschen Parfum fond ze hun, den bei een passt. Sou as et fir vill Fraen eng Selbstverständlechkeet gin, sech no dem Richen vun hirem Doft gutt ze fillen, well se en als en kompletteirend Element ugesin. Ech kennen net weineg Meedecher dei fir sech wuelzefillen an hirer Posch oder Jackettentäsch en Nueschnappesch mat hirem leifsten Parfum impregneiert bei sech droen.

Dest wessen mettlerweil all traditionell an neimoudeg Parfumheiser an bemeihen sech eifreg nei Produkter op den Maart ze brengen, aal Parfums mat neien Nuancen ze revolutionneieren an unhand  vun besonneschen Verpaakungen an Extras den Keefer ze verfeieren. Besonnesch fällt allerdengs och op, dass vill Heiser Prominenter aus der Musek-, Model- an Filmbranche engageiren fir hiren Doft beleift ze maachen. D’Kate Moss as d’nei Gesiicht vun Parisienne  by Yves Saint Laurent, den Common mecht Reklamm fir Only the Brave by Diesel, d’Kate Winslet weist sain schéint Gesiicht fir Trésor vun Lancôme an d’Scarlett Johansson poseiert fir Dolce & Gabbana. All daat klengt relativ iwwerflächlech well et jo schlussendlech just em d’gescheckt Vermarktung vun engem Produkt geet. An dach. Munch Labels loossen sech vill afaalen fir hiren Parfum besonnesch konschtvoll an schéin ze weisen an engageiren net zoulescht souguer Kenschtler fir hiren Projet. Sou huet d’Sofia Coppola fir Dior gedreiht an den Jürgen Teller fir Marc Jacobs fotografeiert. An well munches mir aus den Reklamme gutt gefällt, leschten ech hei eng Auswiel un Videoen an Fotoen op. Ech hoffen d’gefällt.

Jude Law fir Dior (D’Musek as iwwregens Joy Division gecovert vun The Killers)

Charlize Theron fir Dior.

Daisy by Marc Jacobs

Kate Moss for Parisienne by Yves Saint Laurent

Marilyn Monroe fir Chanel No. 5.

Sofia Coppola fotografeiert vum Jürgen Teller fir Marc Jacobs Perfume.

Clémence Poésy fir Chloé.

Tom Ford fir Tom Ford For Men.

Eva Green fir Midnight Poison by Dior.

Kate Moss fir Obsession by Calvin Klein.


Advertisements

2 thoughts on “Le Parfum

  1. Wat ech mech do froen: funktionéieren esou Reklammen dann bei Meedecher / Fraen? Well mech léisst déi vum Jude Law zimlech kal. Ech géing een Parfum just kafen wann de Geroch mer gefällt, an bis ech am Geschäft wier hätt ech och schon erem vergiess fir wéi eng Mark elo wéi ee Star Reklamm gemaach huet.

  2. Jo, ech denken daat funktioneiert immens gutt. D’Fraen kreien jo duerch d’Ads keng Garantie dofir, dass de Parfum hinnen gefällt, mee se gin op en opmierksam gemaach. Wann se an enger Parfumerie sin richen se sech den Parfum, den se gesin hun, villaicht eischter un, wei en onbekannten. An ech denken, dass eng Reklamm mat engem sougennanten “Star” nach mei effektiv as, well et eng ganz Reih Fraen get dei dervun ausgin, si kreichen en Deel vum “Starsin” of wann se den Parfum droen den d’Kate Moss beispielsweis och dreiht. Am Senn vun:D’Kucken bestemmt d’Richen.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s