Morgen, Findus. . .

Mat desem Artikel well ech main leifst Kannerchreschtdaagsbuch luewen an empfehlen. Als Kand haat ech, souwait ech mech erenneren, Bicher vun skandinaveschen Auteuren am leifsten. Bei eis doheem gouf et d”Traditioun, dass meng Mamm mir all Owend eng Stonn virum Schlofen firgelies huet. Oft sin mir zesummen an Bicherbuttekker gaangen an hun eis vill Zait geholl passend Geschichten an Erzielungen ze fannen. Ech hun et immens genoss d’Bicher selwer auszewielen mat gudder Berodung – an nach vill mei schéin fir mech wor dei gemeinsam Zait Owes op mengem warmen Canapé, am Wanter meeschtens mat en puer Kichelcher an enger warmer Mellech derbei. Vill Bicher behaalen ech an gudder Erennerung, Bicher dei ech mettlerweil klengen Familienmatglieder geschenkt hun oder fir (eventuell) eegen Kanner opbewahren. Fest steht fir mech: Ech sin haut nach emmer en Bicherwuerm, en aktiven. Ech denken dass dei gemittlech Owesstonnen mat menger Mamm mein Intérêt fir Bicher gefuerdert hun an ech den Astieg an d’Literatur och doweinst villaicht relativ liicht fond hun.

Iergendwann hun ech fir Kleesechersdaag nieft mengem Marzipanteller (ech haat Schokela domols net gär) en Buch vum Sven Nordqvist font. Den schwedeschen Auteur wor mir schon bekannt, ech haat seng wonnerbar härzeg Geschichten em den Kueder Findus den beim aalen Pettersson lieft immens gären an net zulescht och dei wonnerbar an humorvoll Illustratiounen. Dest Buch allerdengs wor fir mech eppes Besonnesches. Meng Mamm huet mir bis Hellegowend all Daag en Deel firgelies an ech muss soen, ech hun gespuert:Daat hei Buch well ech all Chreschtdaag erem liesen bis ech 1000 Joer aal sin. D’Geschicht as immens intelligent an reihrend geschriwwen, den klengen Kueder as an bleift eng Allegorie fir eng schéin, opreegend an duerchdriwwen Kandheet, den aalen Mann eng klug an härzeg Hellef am Alldaag vum kandlechen Kueder.

Den Findus krit duerch d’Nopeschkanner mat, dass den Weihnachtsmann sie besicht an sehnt sech selwer no sou engem Erliefnis. Den aalen Mann beschleisst doropshin dem Findus en schéint Weihnachtsfest samt Weihnachtsmann ze schenken. Problemer kommen op heen zou, dei heen sech an dem Mooss net firgestalt huet, d’Pläng fir dei schéin Chreschtdeeg kommen an d’Schwanken, während den klengen Kueder emmer mei an Chreschtstemmung kent. Nieft dem Pettersson sengen Versich en Weihnachtsmann ze “bauen” huet den Findus wonnerbar absurd, witzeg an och duerchaus eescht Erliefnisser, dei och den jonken Lieser zum Nodenken an Laachen brengen. Interessant Froen gin opgeworf:As et anderei seng Kanner ze “beleien”, och wann et nemmen em Chreschtdaag geet? Wei wait duerchkucken Kanner d’Scharade vun den Eltern? Ech wor domols begeeschtert an sin et haut nach emmer. All neigieregt Kand (an all Erwuessenen an dem d’Kand nach laachen kann) sollt dest schéint Buch liesen. Och ounie absoluter Chreschtstemmung as et einfach nemmen härzeg an klug. D’Zeechnungen vum Auteur sin fir mech oniwwerbiddbar on Skurriliteit an loossen mech haut nach an verreckten, kandlechen Fantasien schwelgen. Wei schéin d’Chreschtzait kann sin. Mhh.

Advertisements

2 thoughts on “Morgen, Findus. . .

  1. Gutt Kannerbicher sinn sou eng wonnerbar Saach an och esou wichteg! Dofir sinn ech wierklech frou, dass mäi Neveu a meng Niece sou grouss Frënn vun, zb, eben Petterson & Findus sinn.

    Perséinlech hunn ech och fréier skandinavesch Kannerbicher verschlongen, am léifsten Owes am Bett: Die Kinder von Büllerbü, de Michel aus Lönneberga, d’Pippi Langstrumpf, a wéi se nach all geheescht hunn … Hach, dat woeren nach Zäiten 🙂

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s