Like a lily to the heat. . .

D´get en puer Saachen dei ech well erliewt, gemaach oder gesinn hun befir ech stierwen. Dozou geheieren: Gesin wei d´Fransousen eng Fussballweltmeeschterschaft gewannen (jo, daat as main Eescht), daat lescht Harry Potter Buch verfilmt gesin(daat och), dem Marcel Proust seng “Recherche” liesen, eng Schokelaspizza bei “The Pink Flamingo” iessen an. . . op en Leonard Cohen Concert goen. Deet mer leed fir dei verreckt Reihenfolg.

Advertisements

5 thoughts on “Like a lily to the heat. . .

  1. Meng top 5 Saachen, déi mer ganz spontan afalen:
    – “Recherche” liesen,
    – e Fliger fléien,
    – eng Woch Festival zu Cannes,
    – e Roman schreiwen (net emol verëffentlechen, just schreiwen).

    An dann hunn ech nach dat krankt Gefill, dass et eppes zu mengem Liewe bäidroe géif, wann ech eng Kéier engem Mënsch d’Hand hale kéint wéi e stierft. Keng speziell Persoun, an och net iergendeng bestëmmt Zoustänn. Mä déi Ënnerstëtzung engem Mënsch ze ginn en um Schluss ze begleeden faszinéiert mech iergendwéi. Ech weess, ech si morbid.

  2. Interessant, dass de “en Roman schreiwen” erwähns. Den Gedanken haat ech och bis ewell schon hei an do an mir eremfond.

    Morbid, villaicht. Awer zweifellos och en faszineirenden (as daat ze enthusiastesch?) Wonsch.

  3. Fir mech war et den Waits deen ech am Juli 2008 zu Parais “oofhaaken” konnt.Ech war aleng dohin an hun en Heedengeld ausgin fir en onbeschreiflech gudden Souvenir amplaatz ze kreien.Wahnsinn.An et sin ganz oft dei kleng Projet’en dei den Mensch am nootsten un sech selwer erunféiert.:)
    Wenschen der op alle Fall en super Concert.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s