Kuerze Reckbleck

Ech wor an deser an leschter Woch oft an den Kino, hun do nennenswertes an manner nennenswertes gesin. Hei veier kuerz Kritiken iwwer dei Filmer, dei mir am wertvollsten schengen.

The Imaginarium of Doctor Parnassus Vu dass ech den Terry Gilliam an seng akribesch Arbecht un sengem zum Scheitern verdaamten Projet “Don Quichote” zweifelhaft an en bessen verreckt fannen (wei heen . . .) an eigentlech weineg Ahnung haat wourem et an desem Film geet, sin ech ounie greisser Erwardungen an den Film erangang. D’Acteuren woren ganz kloer meng Motivatioun. Den Christopher Plummer as top, dei veier jonk Hären dei sech eng Roll deelen hun all hir Qualiteiten an fir d’Lily Cole huet (baal) all Meedchen en klengen Faible. An der leschter Dazed & Confused haat ech zoudem nach en schéinen Artikel iwwer desen Film gelies mat enger beandrockender Fotostreck, meng Fantasie wor ugereegt an ech haat Loscht den Film ze gesin. Waat huet mir gefall? Waat manner? Ech wor bei dem verdreemten, selwer gebastelten feenartegen Besch verkaaft. Ech hun dem Lily Cole seng Outifts oft berauschend fond. Ech hun den Heath Ledger (ech wor an sin keen trauernden Fan) nach eng Keier bestaunt an en bessen mulmeg wor mir, dei daischter, schéin Stemm ze heiren an ze wessen, dass heen seng schauspieleresch Leeschtung elo nie mei weisen wärt, dass just d’Filmer bleiwen. D’Idi hien duerch den Law, Depp an Farrell ze ersetzen wor net schlecht, d’Verwirrung dei den Film doduerch getraff huet, huet an d’Schema gepasst. Den Tom Waits als Mephistopheles Figur anzesetzen as eng grandios Idi. Visuell huet den Film mir gutt gefall, ech hun Tim Burton arteg Dekoratiounen gären an hun et genoss, esou vill fantastesch Gebilde ze gesin. Daat do wor elo ganz fragmentarteg, ech hun versicht dei eenzeln Elementer erauszepicken dei mech iwwerzeegt hun. Iwwerzeegt huet mech d’Geschicht dofir net. Mir wor et ze duerchwues, ze komplex, ze megalomanesch, ewei den Gilliam nun mol as. Aus enger Story dei menger Meenung no mei einfach einfach besser gewiecht wir huet den Gilliam fir mech zevill erausgezunn, den Deel mat dem Betrug vun der Kannerschutzorganisatioun wor zwar clever, mir awer ze vill. Mei as manner, an desem Fall, sou och den Schluss, den zweifellos express esou kitscheg wor an engem Senn, mir awer net gefall huet. D’Potential wor definitiv do, mee den Gilliam as mir einfach ze vill an ech denken, dass mei Einfachheet mei Schéinheet an Kloerheet mat sech brengen geif.

Le Concert No dem wonnerbaren Va, vis et deviens huet den Regisseur Radu Mihaileanu laang naischt vun sech heiren gelooss. Dofir as en elo zereck, mat engem Film iwwer: Tchaikovsky. Net grad, net nemmen. An desem Wierk geet et em d’Bolchoi Orchester aus Moskau, daat sech zu Brejnev Zaiten getraut huet jiddesch Museker anzestellen. Dem toleranten Brejnev huet daat net gefall, heen huet d’Orchester öffentlech gedemütegt, opgeleist an eenzel Museker an aal russescher Tradition no Sibirien gescheckt. Den Dirigent vun dem Bolchoi beschleisst dresseg Joer no desen Gescheihnisser hiren finalen Concert, den domols duerch dem Brejnev seng Hand net zu Enn bruecht kont gin, zu Pareis am Théâtre Châtelet ze widderhuelen mat der Violonistin Anne-Marie Jacquet (gespillt vum wonnerbaren Mélanie Laurent). Heen trommelt zu Moskau Deeler vum aalen Orchester zesummen, dresseg bedronk Russen fleihen mat verrecktem Manager, den heemlech dervun dreemt zu Pareis den Kommunismus erem operstoen ze loossen, an verzweifeltem Dirigent no Pareis fir dem Tchaikovsky sain Violin Concerto ounie Prouw ze spillen. Klengt chaotesch, as et och. An wonnerschéin. Bis zu der Final, dem Concert, geschit allerhand witzeges, ofgedreihtes an reihrendes zu Pareis. D’Mélanie Laurent (hun ech schon erwähnt, dass ech an hat verleift sin?) as immens unzekucken, genau ewei den Dirigent Filipov, gespillt vum Aleksei Guskov. Ech hun Treinen gelaacht an schlussendlech wor ech zu Treinen gereiert. Ech well net zevill verroden, well een sech den Film an d’Final onbedengt selwer soll ukucken. Just esouvill: D’Mélanie Laurent huet an sechs Meint Gei spillen geleiert an mecht dem Pyotr Illyich zum Schluss all Eiher. Ech haalen elo op mam Schwärmen an soen: Gidd en kucken.

Away we go Ech hun den Sam Mendes gären. Ech hun heen gären well en wonnerbar dramatesch Situatiounen schaafen kann, emmer dei richteg Dialoger fend, seng Filmer, souguer wann se eng menger Meenung no schweier realiseierbar Buchfirlaag wei Revolutionary Road hun, einfach funktioneiren. Seng Wiel un Acteuren as immens, bis elo wor ech nie enttäuscht. Bei desem Film wor ech et och net, awer manner beandrockt ewei bei sengem Leschten, och wann een dei jo kloer net mat eneen verlgaichen dierf an kann. Away we go wierkt ewei en gemittlechen Trip an d’Bierger wougeint seng aaner Wierker ewei en Beklammen vum Mount Everest erschengen. Den Burt an d’Verona sichen en schéint Doheem fir hir zukünfteg Kand, fueren duerch Amerika, kommen no Kanada, gin ofgeschreckt, kreien Angscht, fillen sech iwwerfuerdert an fannen schlussendlech dei perfekt Plaatz zum Liewen, zum Groussgin fir hir Meedchen. D’ass reihrend, d’Musek as gutt, dem Verona seng Roll get relativ iwwerzeegend gespillt an d’Maggie Gyllenhaal as leschteg unzekucken als Guru Mamm. Holpreg wierkt fir mech den John Krasinki munchmol, ewei d’ganz Geschicht. Dei eischt halef Stonn hun ech deelweis immens penibel fond. Den Ufang huet mir net gefall, wor mir ze explizit. D’Treffen mat der offensichtlech gesteierter Famill op der Hondscourse hun ech weder witzeg nach belehrend mee einfach sennloss an nerveg fond. Vun do un as et besser gaang, och wann et mir deels zevill chaotescht Gewate an Clichés wor. En wor mir ze duerchwuess, ze onkloer defineiert. Den Film huet seng gutt Momenter, mee fir mech kann den Sam Mendes besser.

The Limits of Control wor an allen Senner en Highlight. Ech hun dem Jim Jarmusch sain neien Film virun zwee Deeg op der franseicher Première an der Präsenz vum Meeschter selwer dierfern bestaunen. En fragmentartegen Film den als Ganzt immens as, villaicht mei zougänglech wei seng Firgänger, wonnerbar besaat an fir mech perfekt ofgestemt vun engem wonnerbaren Soundtrack. Den Isaach de Bankolé spillt en Optragskriminellen (ech sin mer grad net secher ob et daat eigentlech get. . .wann net huelen ech mir d’Fraiheet daat elo hei esou ze soen) den no Spuenien reest, vun Madrid no Sevilla an schliesslech an eng Art spuenesch Einöde, eng wüstenarteg Geigend dei un italienesch Western erennert. Wourem et an dem Optrag geet get een net wirklech gewuer, mee daat as okay, d’interesseiert net. Den Protagonist trefft op senger Rees verschidden Menschen, si gin him all eng kleng Fixfeierkescht, dei mat dem Optrag ze din huet, an nach vill mei mat op den Wee. Hien trefft Museker, bohème arteg Menschen, en schéint plakegt Meedchen an Reenmantel, Kenschtler. . . All hun sie eppes ze soen, eppes an Jarmunschtraditioun philosophesches, geheimnisvolles, verschleiertes. Oft heiert een  en Lueflidd op Subjektiviteit eraus, eng Opfuerderung seng Wahrnehmung net ze iwwerschätzen an awer zuglaich sou weit et geet auszeschöpfen? Den Nihilismus den am Film progageiert get as net ze iwwersin, sou steet “La vida non vale nada” op engem Autoheck an get permanent widderholl. Eng Metapher fir d’Liewen? D’Fueren vun Statioun zu Statioun, net emer coherent an awer emmer kloer, passend? Ech wees net genau, waat desen Film ustrieft, ech well et och net doudanalyseiren, net zevill interpreteiren. Daat geif, denken ech, geint dem Jarmusch seng Firstellung goen. Ech wees just, dass ech vun den beandrockenden Biller, dem Bankolé senger Duerstellung souwei vun der vun den Niewenduersteller, begeeschtert wor. Den Soundtrack as fir mech net manner ewei perfekt. En intelligenten, philosopesches, an awer net schweiren Film. En Wierk daat fir mech ganz grouss as, mech an allen Senner beandrockt huet an daat een sech, Jarmusch Frend oder net, ukucken soll. Ech widderhuelen dem Regisseur seng Wieder, soen waat hien eis virum Ufang mat op den Wee gin huet:”Don’t have any expectations. Just see it as a psychedelic Trip.”

Advertisements

2 thoughts on “Kuerze Reckbleck

  1. Away We Go hunn ech jo fuerchtbar fonnt. Awer sou richteg. An den Doctor Parnassus war ausverkaf, wéi ech e wollt kucke goen, an dofir hunn ech e lo net gesinn…

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s