On ne naît pas maigre, on le devient?

Daat hei as en Bild, daat an Amerika fir allerhand Furore gesuergt huet. D’amerikanesch Glamour, eng Fraenzeitung fir dei ech insgesamt weineg iwwereg hun weinst usprochsloosem bis hin zu topeschem Inhalt, huet des Foto publizeiert an ounie et ze ahnen, fir allerhand freedeg Mails an Gratulatiounen gesuergt. Vill Leit froen sech villaicht:Gratuleiren? Wouzou? Dozou, dass dei ofgebildt Fra net artifiziell an ausgehongert ewei dei meescht Models ausgesait, mee natirlech an eischter volumineis. Onzähleg Fraen an Meedecher hun dem Magazin geschriwwen, sech gefreet, endlech eng Persoun an der Zeitung ze fannen, mat der sie sech kennen “identifizeiren”. Also duerchaus positiv Reaktiounen.

Weisou schreiwen ech heiriwwer? En Thema, daat schon esou oft opgegraff gouf, sief et vun Marken ewei Nolita, en Label daat probeiert huet mat der heiter Foto op den Messstand vun Models opmierksam ze maachen oder vun Prominenter dei sech fir “normal” Kierperen ausschwätzen, selwer zu hirem stin, hei denkt een schnell un d’Gossip Sängerin Beth Ditto oder manner extrem: un d’Lily Allen, daat bis virun kuerzem mat engem relativ normalen Meedecherskierper op sech opmierksam gemaach huet, elo fir Chanel souguer virun der Kamera steht. Ech schreiwen doriwwer, well ech mech selwer gären an der illusorescher Moudewelt ophaalen, daat heescht gären schéin Kleeder gesin, undoen, begeeschtert sin vun gudden Moudemagaziner ewei Vogue, Lula oder Love. Ech keint stonnelaang duerch den Printemps oder d’Galerie Lafayette laafen fir dei draamhaft Kollektiounen ze bestaunen an ze gesin ewei konschtvoll Kleeder ugefärdegt kennen sin. Mee: Ofgesin vun den onrealisteschen Praiser sin d’Figuren vun den Fraen dei d’Moud präsenteiren sollen net nemmen utopesch, mee och ongesond. Ech liewen den Moment an Frankraich, engem Land an dem dei meescht ennergewiichteg Fraen an Europa liewen, an dem no munchen Statisikten 9 vun 10 Fraen dauerhaft op Régime sin, hiren Kierper also permanent enner strengster Kontroll wellen hun. Ech sin mer am kloeren doriwwer, dass bei sou engem Verhaalen, fir et net “Iesssteirung” ze nennen, net nemmen d’Medien Schold droen, mee och Erzeihung an Psychologie insgesamt vun dem Eenzelnen stark ausschlaggebend sin. Mee ech sin mer secher, dass et net gesond oder positiv fir d’Selbstwertgefill vun enger Fra an nach manner fir daat vun engem jonken an onsecheren Meedchen kann sin, Fraen an Filmer, Werbung, Zeitung, Moud. . . ze gesin, dei net nemmen meeschtens bildschéin mee dobai och nach extrem denn sin. D’Bild daat engem vermettelt get as illusoresch. Fraen an Meedecher fänken un Verglaicher ze zeihen mat hirem eegenen Kierper, entspriechen meeschtens net den “Idealer” an fillen sech folglech oft net wuel an hirem Kierper, souguer wann se normalgewichteg sin, also  net den gerengsten Ulass zu Suergen besteht.

Mech revolteiert desen Fait och aus dem Grond,  dass Fraen dach eigentlech haut net mei primär mat hirem Ausgesin an Verbannung bruecht sollten gin, mee sech duerch aaner “Qualiteiten” ausmaachen missten. An do schwätzen ech net vun dem Urdeel vun Männer, well ech sin mer baal secher, dass Fraen sech selwer mei kritesch gesin. Andem Fraen probeiren sech engem Ideal unzepassen, vergiessen sie oft, dass et dach eigentlech laang net mei dorems geet sech duerch d’Ausgesin als Fra ze defineiren, mee em Qualiteiten dei eischt beim zweeten Bleck zum Vierschain kommen. Ech denken, dass andem Fraen sech weinst hierem Kierper schummen, den nunmol oft net vun Natur aus no dem Modell vum Kate Moss geformt as, sech degradeiren. An aus dem Grond fannen ech et wichteg, dass sie duerch Medienkampagnen drun erennert gin, dass et schlussendlech egal as, ewei een ausgesait, dass all Fra eng natirlech Schéinheet an sech huet an net engem Idealbild noeifern sollt. Dofir gefällt et mir ausgesprach gutt, wann d’Brigitte, eng daitsch Fraenzeitung, sech dozou entschloss huet ab Januar an hiren Fotostrecken komplett op Models ze verzichten, mee nemmen nach “onprofessionell” Fraen verpflicht. Dest mecht et mei einfach fir d’Lieserinnen hiren eegenen Kierper als normal unzegesin, leisst topesch Verglaicher net ereischt opkommen an verhennert weinstens en bessen, dass Fraen ophaalen ze probeiren engem onrealisteschen souwei ongesonden Bild nozeeifern.

Hei eng Foto vun dem bekannten Model Crystal Renn an dem Jean-Paul Gaultier:

 

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s