Les Kings of Convenience au Bataclan

080318_p14_duoGeschter Owend hun d’Kinnegen vun der Bequemlechkeet zu Parais am schéinen Bataclan gespillt. Des Plaatz get et schon seit dem 19ten Joerhonnert, den Numm ugelehnt un en Steck vum Offenbach. En relativ klengen Concertsall, d’Bühn verziert mat purpur fuerwegen Virhäng, d’Logen agerummt vun waissen Seilen. Un den Mauren hänken Biller ewei een sech se an engem Salon aus der Belle Epoque firstellt, ah, Paris.

Den Erlend  Øye an den Eirik Glambek Bøe hun ech ereischt virun kuerzem fir mech entdeckt, mech allerdengs immens seier an hir Lidder verleift. Dem Eirik seng lues an oft zart Stemm as mei wei wueldoend fir main Ouer, ech fannen virun allem den zwee Norweger hir zereckhalend Art immens gutt, hir melancholesch an duerchaus hei an do philosophesch  Texter sin ewei seissen Hunneg an der warmer Mellech vun akusteschen Kläng. 

Den Concert wor fir main Goût immens. Laang gouf gespillt, eng Firband inexistent. Den härzegen an duerchaus witzegen Erlend, den iwwer den ganzen Owend eweg Entertainerqualiteiten opgewisen huet, mengt dozou: “We’re our own opening band”. Sie hun zwee Sets gespillt, mei ewei zwou Stonnen. Schei hun sie gewierkt, leif, den Erlend baal ewei en gudden Frend mat dem een gären an engem Tourbus eremfueren geif, well en esou witzeg as. An den Eirik keint een (oder nemmen ech?) sech verleiwen, seng Stemm huet den ganzen schéinen Sall gefellt, an sengem Gesicht erkennt een wakregen an opmierksamen Geescht, sain Laachen wierkt oft verschmitzt, schéin, heen as daitlech den zereckhalerenden vun den zwee Museker. Meng Heischpunkter vun dem Owend woren: Dem Erlend sain Lidd iwwer den Justin Timberlake (“What if Justin Timberlake moved to Bergen because he read about it in a book?”), dem Eirik seng wonnerschéin Frendin dei den Schluss vun “Know How” matgesongen huet an “I’d rather dance with you” als baal-Ofschloss Lidd. (net an der Reihenfolg) En wonnerbaren Concert den mech nach mei verleift an hir Musek gemaach huet.

“Know How”

 

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s