Renoir au XXe

renoir-au-xxe-siecleLaang as et hir seit ech fir d’leschten Keier hei geschriwwen hun. Seit dem war ech dei meeschten Zait an menger “neier” Staadt, zu Paris. Vill Andreck hun sech nieft mengem duerchwuessenen Universiteitsufang an mir festgesaat. Ech gouf bis elo nach net wierklech enttäuscht vun der aaler, chicer franseicher Madame, d’Flemm haat ech seelen, en bessen mei Rou wenschen ech mir munchmol, mee d’Begeeschterung dei ech all Daag op en neits fir dei lieweg an vielfälteg Plaatz an mir entdecken mecht dann erem esou villes gutt. Bis elo hun ech schon fond:En Lieblingsquartier, en Lieblingskino, eng Lieblingsschwemm an en Lieblingskrimskramsbuttekk. Ech hun welles an nächster Zait mei iwwer all daat ze schreiwen, mei iwwer Paris, iwwer d’omineis Fransousen, iwwer d’franseicht Liewen.

Elo an hei well ech awer iwwer eng Ausstellung berichten dei ech mir leschten Sonnden ugekuckt hun. Virun drai Joer hun wor ech am Summer am franseichen Midi an haat an deser Zait ugefaang main latenten Intérêt un Konscht an eng kleng Leidenschaft ze verwandeln. Ech hun d’Gelegenheet wouergeholl dem Renoir sain Grondsteck zu Cagnes-sur-Mer ze besichen. Ech wor beandrockt vum vasten Gaart, der herrlech roueger Vue op en immens rouegt an douce Mier an virun allem vun dem Haus daat der Famill Renoir geheiert huet, emgebaut zu engem bescheedenen Musée, dem sain Härzsteck gebild get vun dem Moler sengem ehemolegen Atelier. Ech erenneren mech gutt dorun, wei beandrockt ech vun der Rekonstruktioun war, wei d’Staffelei färdeg an der Mett vum Sall stung, wei wann den Artist baussen wir, sech vun der Emgeigend “opfellen” gelooss hätt fir dann en neit Bild unzefänken. . .

Duerch des schéin Erennerung  wollt ech mech dann am Grand Palais un engem Mueren sengen Biller an weinegen Skulpturen hingin. Gelies hun ech, d’geif een Aspekter un dem Här Renoir entdecken dei een virdrun nach nie esou pertinent gewissen krut, Verglaicher mat aaneren, mei modernen Moler geifen gezunn gin, notamment mam Picasso, waat fir mech (bis ech aus der Ausstellung erauskomm sin) onfirstellbar wor. Gespaant sin ech mech an d’Reih stellen gaang, hun eng Stonn an der Keelt gefröstelt fir dann den schéinen Palast ze besichen. Ech kann mech net manner enthusiastesch ausdrecken:Ech wor begeeschtert. D’Ausstellung get ageleet vun engem Zitat vun mengem leifsten franseichen Poet, dem Guillaume Apollinaire, engem groussen Unhänger vum Renoir, wei och vill aaner Schreftsteller. Mir fällt et schweier d’Andreck ze beschreiwen, der Konscht treizebleiwen. Ech hun mech droen gelooss vun den Biller, oft sin et Portraits, dei baal alleguer vun enger Zartheet an Naturverbonnenheet duerchdrongen sin, wei ech se bis elo villaicht just bei dem Paula Modersohn Becker begeint hun. Den Renoir as oft zu der Grupp vun den Impressionisten gezielt gin an d’gin mat Secherheet grouss Parallelen tescht senger Arbecht an der vun munchen impressionisteschen Kenschtler, mee dem Renoir sain Stil as fir mech an kengster Weis mat sengen Molerfrenn glaichzesetzen. Mir as et ewei wann den Monet, Degas, Manet. . . no engem Konzept gemolt hätten an den Renoir sech vun allem frai gemaach huet, gemolt huet fir ze molen. Seng Biller hun op mech gewierkt wei wann nie en Mensch Hand un sie geluet hät, wei wann sie aus der Natur selwer entstaan wiren. D’Menschen dei fir heen Modell gestaan hun woren oft keng “Professioneller”, mee Leit dei hien kant huet, Frenn, seng eegen Kanner, virun allem den Jean (den speider een vun den erfolgraichsten Regisseuren aus dem 2osten Joerhonnert sollt gin) an den Coco, och seng Fra Gabrielle as op etlechen Biller eremzeerkennen. Dem Renoir sain Ziel wor et net d’Menschen esou realistesch wei meiglech ze präsenteiren (wei et bei villen daitschen Kenschtler zu der Zait üblech wor), heen huet zougin, dass “embellir”  fir hien zou senger Arbecht als Moler geheiert huet.  “Ce que j’aime, c’est la peau, une peau de  jeune fille, rosée et  laissant deviner une  heureuse circulation. Ce que j’aime  surtout, c’est la  sérénité. ” Des sérénité spiert een an den meeschten vun sengen Wierker, op mech haaten si eng immens berouegend Wierkung. Virun allem seng Aktportraits hun en immensen Androck bei mir hannerlooss, d’ofgebild Fraen woren oft volumineis, haaten eng zart bleech Haut, wei een sech se bei Nymphen firstellt, d’Baaken waren oft douce korallenfuerwen, heinsto rosa, heinsto schlicht rout. D’Gesten woren mei wei natirlech, sie hun selbstverständlech gewierkt. Seier huet een sech un aalgriechesch Skulptur erennert, d’Harmonie vum dem Kierper als Allegorie vun der Natur, der Fra als finalt Zeechen fir Fruchtbarkeet. Oft hun ech mech als Fra vum Renoir geschmeichelt gefillt, well heen an sengem Wierker onverblimmt en Luewlidd op eis Fraen sengt, op eng Natirlechkeet, Schéinheet an Rengheet wei se engem an der zaitgenössescher Konscht seelen begeint.

Besonnesch sin och d’Farwen dei den Moler emmer an emmer erem benotzt huet, vun pastellegem zartrosa an sengen Portraits bis zu kräftegem Rout an Greng an sengen Landschaftsbiller, dei greisstendeels zu Cagnes-sur-Mer entstaan sin. Wei och schon uewen erwähnt bezüglech den portraiteierten Menschen, sou wierkt och d’Natur bei dem Renoir immens pertinent, immens lieweg an no. Ech sin alles an allem net begeeschtert vun Molerei dei sech mat Landschaft beschäftegt, oft schengt se mir bieder, mee hei wor et erem dei Selbstverständlechkeet dei mir gefall huet, realistesch sin d’Biller net, mee immens staark an hirer Natirlechkeet.
Ech denken, dass des Ausstellung fir Menschen zougänglech as dei den Renoir kennen an fir dei dei en net kennen, fir dei dei en gär hun an fir dei aaner. Ech denken jiddfreen sollt sech wann meiglech eemol en Renoir ugucken, vun Noem. Ech sin en Dreemer, daat as onschweier hei erauszeliesen, mee ech denken, dass et einfach gutt deet sech vun Schéinheet bereiren ze loossen, ze gesin ewei en Mensch duerch Arbecht eppes schaafen kann daat esou no un Natirlechkeet an naturbedingt Schéinheet erunkent. Fir ofzeschleissen en puer Wieder vun dem Meeschter selwer:

“La douleur passe, la beauté reste.”

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s