Ech hun den Hiescht immens gären, villaicht leiwer ewei Wanter, Freihjoer, secher leiwer ewei den hei an do warmen Summer. Dofir get et vill vill vill Grenn, hei en puer dovunner.
Am Hiescht as et wonnerbar gemittlech sech och schon Nomettes mat engem Tei an enger warmer Decken op eng angenehm Plaatz ze leen, fir ze liesen, ze dreemen, ze schloofen. . .
Schreftsteller an Kenschtler iwwerhaapt gesin den Hiescht als schéin an roueg Inspiratiounsquell un, wonnerschéin Gedichter oder interessant Iwwerleeungen sin iwwer an während deser Joereszait entstaan. An weinie fent sech en passenderen Zaitpunkt fir sech dei Wierker zu Gemitt ze feiren ewei elo?
Am Hiescht krit d’Moudwelt en neien Ustouss, fresch Kollektiounen, gutt oder och manner gutt Idien gin präsenteiert op den sellegen Fashion Weeks, sief et zu London, New York oder Paris. Et leisst sech licht ofgesin waat dei sougenannt Tendenzen fir daat nächst Moudejoer sin, welch Verrecktheeten sech Lagerfeld, Galliano & co. des Joer ausgeduecht hun. Inspireirend kann et och sin fir den eegenen Goût, net nemmen sicht een no neien Stecker, mee villaicht well een jo och selwer eppes bestecken, strecken oder einfach verschéinern. Fir mech as et emmer eng Revelatioun mir op Moudeblogs oder an den entspriechenden Magaziner Artikel duerchzeliesen an mech vun den oftmols immensen Fotoopnahmen afänken ze loossen. Meng Empfehlungen vun besonneschen Ausgaben desen Hiescht sin dei nei Lula, dei aktuell vum Damien Hirst designt Pop an dei daitsch Vogue, dei grad hiren 30. Gebuertsdaag feiert an dofir an drai verschiddenen Ausgaben gedreckt gouf an besonnesch volumineis as.
No Tei, prätentieisen Zeitungen an melancholeschen Gedichter as et fir mech wonnerschéin den Hiescht einfach baussen ze gesin an unzepaaken. Sech an en Mantel paaken, mei oder manner warm Schung an en Schal un an sech vun den fuerwegen Blieder, dem doucen Geroch an der Loft an dem Geraich vun zertreppeltem Laub leeden loossen. Staadt oder Land, Besch oder Avenue, ech fannen beides berouegend an charmant.
Zu lescht birgt den Hiescht am kulinareschen Beraich fir mech nach seng Besonnegheet. Aus freschen Aeppel loossen sech wonnerbar Tarten an Kichelcher baaken. Mengem Grousspass sain “Quetschenkraut” as emmer erem eng Freed an fir den am August hiergestallten Holundersirop as elo eng wonnerbar Genosszait. Mhhh.