Torte und Tier

Den Käptn Regener an seng Crew hun en neit Wierk erausbruecht virun kuerzem. “Immer da wo du bist bin ich nie” nennt et sech, an wen och nemmen en puer Lidder vun der Band Element of Crime gelauschtert huet wees: Desen Saatz kann nemmen vun hirem Sänger, dem uewen Erwähnten staamen. Nodems ech virun mei oder manner drai Joer mam Album “Weisses Papier” d’Entrée an hir Musek font hun, hun mech hir wonnerbar melancholesch Melodien, urkomesch an tragesch Texter, souwei dem Regener seng kratzeg Stemm begeeschtert. Den Album “Mittelpunkt der Welt” huet mir an allen meiglechen an onmeiglechen Liewenssituatiounen baigestan, oft hun ech zu absurden Sätz gelaacht an heinsto och dei eng oder aaner imaginär Trein verstoppt, während ech den Seimannsgesang menger Seil zougefouert hun.

Faszineiert vun der Musekkonscht wor ech also onmosseg gespaant ob den neien Album an hun mer en virun en puer Deeg zu Bremen, am Sven Regener senger Heemechtstaadt kaaft. Um Cover as den Titel vum Album ubruecht wei an engem klengen Gedicht, den Herr Regener (den en komesch neimoudeschen iwwergroussen Brell dreiht) an seng Bandfrenn setzen midd op engem Canapé. Aal gesin se aus, mee aus der Fenster virun dem Canapé schengt douce d’Sonn.

Eischt Lauschtern: Mat Kopf aus dem Fenster kent een immens rapid  an d’Wierk eran. Keng lues Melodie, mee schnell, leschteg Sätz vollgepaakt mat regenerschen Metaphern. Een beandrockenden Start. Duerchwuess as den Rescht vun den insgesamt 11 Lidder. Oft fannen sech countryesque Alagen, heinsto erennert et souguer un mexikanesch Drenkmusek. Immens rhythmesch, ongewinnt fröhlech, verreckt surreal hei an do an awer, an awer. Och bei desem Album huet den immens wuertgewandten Sven Regener wonnerschéin Wieder font fir perseinlech, wei et schengt, grouss Gefiller an allgemengt Menschsin ze beschreiwen. Am Ende denk ich immer nur an dich as fir mech en immens douce an schéint Lidd, daat mech duerch herrlech traureg Sätz zum Schmunzeln bruecht huet. Een rouegen Moment tescht Poesie an Alldaagsituatioun. Am Alliteratiounschaos vun munchen Stecker kann een sech d’Lachen net emmer verknaifen, sou gudd maachen sie daat nach emmer. Daat lescht Steck op deem Album as seit langem erem eng engleschsprochegt Kompositioun. En schlecht Englesch as bei esou wonnerschéiner Musek direkt ze verzeihen.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s