Bastardi Senza Gloria

2009_inglorious_bastards_002Nodems ech den Film “Inglourious Basterds” elo schon zwee mol gesin hun an main filmbegeeschterten Kapp mat allerhand tarantinesquen Informatiounen versuergt hun, hun ech onheemlech Loscht krit ze schreiwen waat ech no dem Film gefillt hun an elo – mat nichterem Kapp, iwwer d’Wierk denken. Virdrun well ech ausdrecklech betounen, dass ech naischt vun enger bluddrünsteger “Vendetta” haalen an Gewalt an all Situatioun, souguer wann et em beis Männer aus dem dretten Raich geet, fir onubruecht haalen. Ech hun aus dem Film keng Leier gezunn an denken, dass en jo och net den moraleschen Zeigefanger auspaaken wollt. Nee, en as cool.

Nodems ech iwwer dem Christoph Waltz seng Roll allerhand Artikelen gelies hun (souguer an esou eeschthaften Zeitungen, bei denen ech mer duecht se geifen den Film aus Veruechtung komplett ignoreiren. . .), war ech selbstverständlech immens gespaant ob den charmanten Wiener, den dann genau esou faszineirend wor, ewei ech mir et erwaard hun. Wann een den Hans Landa mat dem  Amon Göth verglaicht, dien an “Schindler’s Liste” jo relativ beis an fuerchtaflössend  an awer deif portraiteiert gin as, sou fannen ech den Hans Landa einfach mei bestiechend. Keen typeschen “Juddenfeind”, keen iwwerzeegten Nazi, mee en fuerchtbaren Opportunist, sou huet heen fir mech am Film daat verkierpert, daat bei der Geschicht vum dretten Raich oft vergiess get: en Mensch dien net aus fester Iwwerzeegung d’jiddegt Vollek verdaamt, mee aus egoisteschen an eegennetzegen Motiver. Dest huet den Christoph Waltz (dem sain Italienesch ech iwwregens  bewonneren) immens gutt hinkrit. Mat Momenter urkomesch an awer extrem kaal an berechnend. Ech denken, dass den Tarantino bei desem Personnage dei neideg Deift ereecht huet, fir den Film als “gutt” ze verkaafen, eng Deift dei en bei aaneren Personnagen leider oft net rausgeschafft huet an desem Wierk.

Ech wor bei der eischter Szen verkaaft, ech gin et zou. Den Tarantino selwer bezeechent den Ufang, daat eischt Kapitel also, als seng bis elo Bescht. Ech wor direkt am Film dran, wor faszineiert vum Waltz, genau ewei vun dem grandiosen Dialog. Den Tarantino brengt intelligent an gewagt Idien eran, daat as gutt. D’weider Geschicht huet mir aus dem Grond gutt gefall, well ech se (wei primitiv daat elo och klengt) immens ennerhalsam font hun. D’Entwecklung vum Shosanna, den Aldo an seng Männer an awer och dei daitsch Offizeiren hun dem Film fir mech eppes immens leschteges an opreegendes geschenkt. Dem Pitt sain Accent huet mir immens gutt gefall, souwuel am Amerikaneschen ewei och an sengem “Italienesch”. D’Dialoger waren net emmer intelligent an grandios erausgeschafft, mee mat Momenter richteg gutt. Den jonken August Diehl, op den een eigentlech schon opmierksam misst gin sin seit “Die Fälscher”, as fir mech en iwwerzeegenden Schauspieler, den mir nieft dem Waltz am Film am beschten gefall huet. D’Mélanie Laurent an daat ech mech schon während dem “Je vais bien ne t’en fais pas” verleift haat, peekt hei ganz aaner Zich aus an huet mir dofir am Film och gutt gefall. Seng Kompromesslosegkeet huet mir op eng (net pathetesch Sophie Scholl Maneier) imponeiert an, wei schon betount, och wann ech hir Vendetta net wirklech anderei fannen, hun ech seng Idi den Kino un d’Brennen ze brengen einfach interessant font, virun allem mat senger herrlech beiser Ried am Hannergrond.

Schued font hun ech, dass den “Bear Jew”, och nach Sgt. Donny Donowitz am Film, baal ausschliesslech op seng mythesch Roll reduzeiert get. Gär hät ech mei iwwer hien erfuer, sengem Charakter huet definitiv Deift gefehlt. (Den Eli Roth, den den Donowitz spillt huet iwwregens den Film am Film produzeiert, heen as eigentlech mei Produzent ewei Acteur, wien et interesseiert: Heen huet Hostel I an II gedreiht, souwei en puer weider dubios Splatter- an Horrorfilmer. Villaicht misst ech mech schummen daat hei esou oppen zouzegin, mee aus spontaner Begeeschterung fir den Donny, also den Roth, hun ech mir sain Film “Cabin Fever” ugeguckt. Ekeleg an leschteg.) Genuch vun postpubertärer Schwärmerei.

De Soundtrack. Ech sin begeeschtert vum Soundtrack. Den Tarantino huet den Film jo wei bekannt an gesinn mat villen westernartegen Alagen ausgeschmeckt, dass en awer emol rem den Ennio Morricone zum Zuch kommen gelooss huet, huet mir besonnesch gutt gefall. En David Bowie Lidd dernieft spillen ze loossen as einfach nemmen cool. D’Musek huet mech an dem Senn immens an den Film materangezunn, well se einfach catchy, schéin an mat der neideger Tarantino-Coolness agesaat wor.

Lo kann een iwwer main Urteil jugeiren ewei een well, leschtenenns bleift et jo och nemmen eng perseinlech Iwwerleeung, dei alles aanere ewei objektiv as. Ech freen mech iwwer en schéinen Film an hoffen, dass den Quentin mei Plaatz araumt fir leschteg Accenten an franseich Meedecher.

Advertisements

3 thoughts on “Bastardi Senza Gloria

  1. An dass d’Judden sech hei an dësem verhalen wéi d’Nazien, resp. sech op hieren Niveau erofloossen, ass kee Problem fir dech?

    Bréngt esou eng Rachefantasie wierklech eppes? Lo net filmtechnesch, mee aus engem philosopheschen oder gesellschaftlechen Bléckwénkel?

    An dësem Kader ass och dësen Review vun engem Judd interessant: http://www.newsweek.com/id/212016

  2. Fir mech as daat definitiv net okay an ech sin (wei ech un sech Uewen geduecht hun ze betounen) net d’accord mat der Philosophie vun dem Film: )En richt sech an dem Aspekt geint meng perseinlech Idi vun Gerechtegkeet. Den Film as secherlech keen gesellschaftlecht Idealbild an och fir mech net als solcht ze gesin.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s