Nothing is private

towelheadLescht Woch hun ech mir ‘Towelhead’ ugeguckt. En 13jähregt Meedchen, hallef libanesesch, hallef amerikanesch get vun senger hysterescher Mamm bei sain erzkonservativen muslimeschen Papp no Texas (. . .) verwissen. D’Jasira, daat ounehin fuerchtbar verwirrt matten an der Puberteit steet get zoudem mat der Autoriteit vun sengem Papp an vun texaneschen Firurteeler  geplot. Den grandiosen Aaron Eckhart spillt dem Jasira sain Noper,den Famillienpapp Travis Vuoso, en erwuessenen Mann den sichtlech Gefaalen un dem jonken Meedchen fent. Irriteiert an ängstlech, awer och geschmeichelt an ungezunn verfällt d’Jasira lues dem Mr. Vuoso. 

Ufangs huet den Film mech net besonnesch beandrockt, well en immens vill mat Clichés geschafft huet an net wirklech originell wor. Lues awer huet sech duerch dem Jasira seng komplex Gefillswelt awer eng Spannung opgbaut, dei mech matfillen gelooss huet, hoffen gelooss huet. D’direkt Art an Weis wei Sexualieit, Schaan an Leift am Film behandelt gin gefällt mir gutt, genau wei d’Leeschtung vun den verschiddenen Schauspieler. Subtil an natirlech fügen sie sech an dei dach oft befriemlech Rollen an. Dofir war en groussen Plus fir den Film d’Wandelbarkeet vun den Personnagen an hiren Usiichten, an hiren Gefiller. Ech haalen dest Wierk trotz sou munch gewagtem Emgang mat kriddelegen Themen als warm an menschlech an Erennerung an leen jiddfrengem den Film un d’Härz den sech net duerch gelegentlech Boshaftegkeeten verschrecken leisst.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s