“You can never replace anyone because everyone is made up of such beautiful specific details.”

before_sunset_09_1400x927Wou ech 15 oder 16 wor hun ech mech immens an en Film verleiwt. “Waking Life” heescht en, gemaach vum Richard Linklater. Virun kuerzem hun ech mer dem Linklater sain “A Scanner Darkly” ugeguckt, gemaach op dei nämlecht duerchaus interessant Art an Weis ewei den “Waking Life”, am Rotoscope Stil, ähnlech dem vun engem Animatiounsfilm. Och desen Film huet mech bereiert an begeeschtert. Dem Linklater seng spannend an duerch an duerch reflekteiert Weis eng Geschicht ze spannen fannen ech faszineirend. Ugereegt duerch dei zwee Filmer hun ech mech dann un zwee vun sengen “normal” gefilmten Wierker gewot, “Before Sunrise” (1995) an “Before Sunset” (2004).

Seit dem “Two Days in Paris” sin ech begeeschtert vum Julie Delpy an nodems ech munch Interviews mat him gelies hun, sin ech zimlech verzaubert vun senger humorvoller an immens natirlecher Art. An dem Senn sin ech vum “Before Sunrise” an mengen Firstellungen vun senger schauspielerescher Fähegkeet nemmen bestärkt gin. Kuerz: Dei zwee Filmer sin fir mech ganz ganz grousse Kino. Eigentlech as et schon falsch des Bezeechnung auszewielen, well beid Filmer hechstwahrscheinlech guer net grouss wellen sin. Se limiteiren sech op laang, deif, schéin an oft immens witzeg Gespreicher an duerchaus wonnerschéin gefilmten Biller vun den immensen Stiedt dei Wien an Pareis duerchaus sin. Nee, grouss as daat Duebelwierk net, d’geschit net vill an immens spannend sin se villaicht och net, mee ech empfannen se duerchaus als klengen Bijou tescht esou villen flaachen Filmer.

D’Story vum “Before Sunrise” as relativ onspektakulär, wann och secherlech net oninteressant. D’Celine (Julie Delpy) an den Jesse (Ethan Hawke) begeihnen sech dei eischten Keier an engem Zuch dien a Richtung Wien fiert. Si fannen Interesse uneneen, d’Celine, eng jonk franseich Fra, dei eigentlech no Pareis reesen wollt klemmt spontan mam Jesse, engem liicht tollpatschegen an duerchaus härzlech wierkenden Amerikaner, an der charmanter eisterreichecher Staadt eraus. Dei zwee verbrengen en wonnerbaren Daag an eng intensiv Nuecht mateneen. Dass sech “romantesch” Gefiller entweckelen iwwerrascht net wierklech, genausouweineg wei d’Fro ob si sech no desem fir beid immens staarken Erliefnis wärten eremgesin oder ob jiddfreen rem an sain Liewen zereckkeiert. Des Fro wärt am zweeten Deel beäntwert gin. Neng Joer no hirem Séjour zu Wien spillt den “Before Sunset” an beschäftegt sech domadder waat aus denen zwee immens sympatheschen an awer relativ komplizeierten Charakteren gin as.

Wei well gesot, d’Geschicht as net sonnerlech iwwerwältegend. Villmei as et d’Art an Weis wei d’Celine an den Jesse sech mateneen verstin, dei dem Spectateur, jo, ech muss et soen, einfach nemmen d’Härz erwiermt. Hir Gespreicher hun oft philosophesch Zich, wien den Linklater kennt, wees, dass een bei desem Regisseur net dolaanscht kent. All Facett vum Liewen schengt an den schéinen, heinsto trauregen an emmer erem leschtegen Dialoger zum Zuch ze kommen. Den Hawke an d’Joffer Delpy schengen ewei geschaaf fir an d’Haut vun zwee jonken Menschen ze schlüpfen, dei sech Froen stellen an net zereckschrecken fir op d’Sich no Aentwerten ze goen. Als Wierk iwwer Leift, daat et villaicht net an eischter Instanz ze sin schengt bewährt et sech menger Meenung no immens, well den Linklater iergendwou wees, weivill Dosis Romantik anderei as. Seelen hun ech zwee Menschen sech aneneen verleiwen gesin an engem Film an mech dobai esou no drun gespiert. Genoss hun ech och dei natirlech Weis, wei den Jesse an d’Celine mateneen emgaangen sin. Ongekenschtelt an no um Liewen hun sie emmer erem färdeg bruet mir en “Ohje, esou sin ech villaicht och munchmol” gepuert mat engem Schmunzeln ze schenken.

Filmer, dei mech nodenklech, awer net betrübt gestemmt hun. En Steck daat mech laachen gelooss huet an mer heinsto virun Schéinheet och kleng Treinen beschert huet. Ech denken, des Filmer eegnen sech ausnahmslos fir jiddfreen. Menschen dobaussen, guckt Iech se un an freet Iech mat mir, dass den wonnervollen Linklater esou munchen vun eisen Gedanken Ausdrock verleen kann.

Advertisements

5 thoughts on ““You can never replace anyone because everyone is made up of such beautiful specific details.”

  1. Da muss de lo och nach den ‘Before Sunset’ kucken 😉

    Mir hunn beid Filmer gutt gefall. Zumools natierlech den Aspekt vun der Liichtegkeet an der ‘Gléckséilegkeet’, wann een eng aner Persoun nei trëfft mat der een sech super gutt versteet etc …

    Leider hällt dat jo nie un, an dann kënt dat, wat een Alldag nennt 😉

  2. Ech hunn mer déi zwee Filmer ugekuckt: )

    Ech fannen, dass béid Filmer net ze kitscheg wierken an awer eng liicht Hoffnung bestoen loossen, dass villäicht Gléckséilegkeet sech duerchsetzen kann.

  3. Verstéi mech net falsch! Sie SINN wonnerschéin, an sou Momenter sinn och am richtegen Liewen wonnerschéin … leider halen se meeschtens net un, opmanst net an der Intensitéit … den Challenge läit doranner fir déi Gléckséilegkeet à la longue an generell Zefriddenheet oder sou ze verwandelen 🙂

  4. Jo, ech denken, dass du Recht hues. Genau dien Aspekt hunn ech am “Before Sunset” esou schéin fond, dass den Jesse an d’Celine eng aaner Approche zur Léift haaten ewei virdrun, dass si geléiert hun.

  5. sin mat der averstan Céline, fannen dei Filmer op eng natiirlech Art a Weis immens schein. Hues mer Loscht gin mer se rem unzekucken.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s