American Psycho

Dass den Christian Bale zu cholereschen Ufäll an sengem Privatliewen neigt ass gewosst. Am Film “American Psycho” (2000) steigeren sech seng Ufäll allerdéngs zu zyneschen Bluttorgien. Den Bret Easton Ellis, den Mann den dat glaichnamegt Buch geschriwwen huet ass mat enormem Erfolg no dësem Wierk an den USA zum Kultauteur ginn, vergläichbar mam Chuck Palahniuk, den fir säin “Fight Club” bekannt ass. En Buch wei American Psycho lued zur Verfilmung an: New York, attraktiv Mënschen, Drogen an allerhand Blutt.

Den Patrick Bateman, gespillt vum Bale, ass en erfollegräichen Wall Street Mann, den säin Kierper all Dag mat Sport züchtegt, säin Gesiicht mat Masken an véier verschiddenen Crèmes fleegt an am léifsten Valentino Krawatten dreit. Hien ass verlobt mat enger schéiner New Yorker High Society Fra, huet eng nach méi flott Geliebte an schéngt sech an sengem Liewen esou zimlech alles leeschten ze kennen wat säin Yuppie-Häerz begiert. Bei dem Bateman seng Gier kennt Näid séier derzou. Hien fillt sech trotz sengem wuelhabenden Liewen net zefridden, ass frustréiert wéinst sengen Frënn, déi méi chic Visitëkaarten hunn ewéi hien an mierkt awer iergendwann, dass him materiell Erfëllung net méi duer geet, mierkt, dass hien méi well. Aggressivitéit déi sech éischt op seng Gedankenwelt limitéiert brécht aus an manifestéiert sech an sengen Handlungen. Den Bateman fent Gefalen drun Aarbechtskollegen mat enger Aaxt den Kapp ze spalten, Prostituéierter beim Sex ze erstiechen an d’Gehir vun engem Model an sengem Iessen ze veraarbechten. Fro: Wisou?

Gewalt an munchen Filmer kann onsënneg brutal sinn, mee hei ass se et net. Ech wor net geschockt vun den deels splatterartegen Szenen, mee éischter beleschtegt an awer op eng eegenaarteg Weis betraff. Mord an Doutschlag sinn net Haaptthemaen am Film, mee leedeglech Symptomer vun enger Krankheet un der den Bateman leit, genau wei héchstwahrscheinlech Milliounen Mënschen nieft him. Ouni zwangsleefeg en Urteel wëllen ze fällen, ass eis Gesellschaft onverkennbar vun Gier, Näid an konstanter Onzefriddenheet geprägt. 1000 Dieren stinn eis op an muenchmol ass et eben no all dësen Dieren déi 1001t déi mir wëllen. Dem Bateman seng perséinlech Grenzen tëscht moralesch anderei an verwäerflech sinn iergendwann verwëscht, genausou wei et him schwéier fällt tëscht Realitéit an Fiktioun, Phantasien an Tatsaachen ze ënnerscheeden. Hien as am Grond net anescht ewéi seng prententieis Matmënschen, hien lieft leedeglech seng megalomanesch Phantasien aus.

Mir huet den Film immens gudd gefall. En geht op eng ongewinnt Art an Weis op Problemer an, dei menger Meenung no oft vill ze douce zum Ausdrock bruecht ginn. Den Christian Bale ass eng gudd Wiel fir d’Roll, hien wierkt authentesch an éierlech. Spannend an gläichzäiteg déif huet desen Film mech zum Nodenken ugereegt an mech mat senger onmettelbarer Art getraff. Gudd.

Advertisements

3 thoughts on “American Psycho

  1. Ech weess nach ëmmer net ob ech “American Psycho” lo gutt fannen oder net. Mee dofir sinn ech jo awer den eenzege Fan vun enger anerer Bret Easton Ellis Verfilmung (“The Rules of Attraction”), an dat muss dann dee Moment duergoen.

    Mee op jidfer fall ass de Patrick Bateman a brillante Personnage.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s