“Los abrazos rotos” oder: Penélope Cruz als Lichtbleck an spueneschem Wirrwar

CMYK b‡sicoFrouen Gemitts sin ech mer dem Här Almodóvar sain neist Wierk ugucken gaang, en bessen houfreg den Film esou freih ze gesin, do en jo ereischt virun ganz kuerzem zu Cannes firgestalt gouf. D’Filmpouster, daat wei een gesait, d’Penélope Cruz an Pop Art Zich weist, as einfach nemmen wonnerbar. Nach mei wonnerbar awer fannen ech d’Penélope Cruz selwer. An Filmer wei “Volver”, “Vicky Cristina Barcelona” an “Elegy” huet hat mech verzaubert, trotz senger oft impusliver, gefillsgeluedener an iwwerdreihter Roll.

An dem Film geht et em en blannen Schreftstellerden Harry Caine oder och nach Mateo Blanco, den dem jonken Diego seng eemoleg Leift zum Lena, enger Actrice erzielt. Um Ufang get dem Kinobesicher en grousst Wollknäuel präsenteiert daat dann lues an lues vum Narrateur opgeleist get.

No dem Film duecht ech eigentlech nemmen nach, dass d’Penélope an d’Plakat daat schéinst um Film sin.

Fir mech wor “Los abrazos rotos”: Zevill Geschichten aneneengefleckt. Daat kann gudd goen, beispielsweis am 21 Grams oder am Babel, beid Filmer vum Iárritu. Hei as et einfach nemmen onsenneg.

Zevill Cliché. Gefiller ewei Leift, Jalousie an Neid gin langweileg an virhersehbar behandelt, et gouf keen schéinen oder gudd agefügten Iwweraschungsmoment am Film fir mech.

Villzevill Geschwätz. D’Personnagen hun all Gefillslag iergendwei mat Wieder ennerluecht an mat deels eidelem Geschwätz verpaakt. Schued, den Spectateur as dach frou, heinsto eppes ze erroden, net alles op d’Nues gebonn ze kreien.

Ofgesin vun dem Penélope Cruz senger Leeschtung hun ech d’Arbecht vun den Acteuren net gudd fond. Onnatirlech an iwwerspetzt sin dei eischt Begreffer dei mer afaalen, souwei deels schon baal lächerlech. Secherlech as et meiglech, dass an munchen Filmer genau dei Eegenschaften zum Senn beidroen, hei allerdengs hun ech et nemmen onneideg fond.

Schéin wor: Dem Penélope seng licht an selbstverständlech Art an Weis des Roll ze spillen. An e puer Momenter, an denen den Zuschauer ganz douce an ounie vill Wieder an d’Gescheihen mat anbezunn get. Leider sin dei vill ze sielen  firkomm.

Schued.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s