Maachen an net Maachen

Mei oder manner oft maachen ech mir Gedanken iwwer an em meng Generatioun. Ze erläutern, dass mir duerch an duerch geprägt sin vun eiser Emwelt, dei jo greisstendeels duerch Konsum an schlemmst Mettelmooss bestemmt  get, brauch ech eigentlech net. Et reegt mech net op. Ech geheiren jo selwer zou denen Menschen an drun gewinnt hun ech mech souwisou.

An awer leisst et mech net kaal. Zumols wann ech d’Verhaalen vun villen jonken Menschen hisichtlech den Wahlen am Juni betruechten. D’Non-Foutisme Attitude dei sech all Daag bei eiser Generatioun manifesteiert as – waat kann een aaneres erwaarden? och beim Thema Wahlen präsent. En politesch-orienteiert Gespreich mat engem 19-Jähregen ze feihren schengt onmeiglech, sief et duerch eng flagrant Dommheet oder duerch erhieflechen Mangel un Interesse.

Mee wouhir kennt daat? Weisou fehlt denen meeschten vun eis den Engagement dien bei eiser Eltern-Generatioun nach  do wor? As et net eng Selbstverständlechkeet fir all mündegen Bierger an net nemmen en Recht, sech fir d’politescht Gescheihen ze interesseiren? As et net souguer gefeierlech, wann sech d’Zukunftgeneratioun vun sou zimlech allem ausser Vakanzen an Kleeder fouteiert? Kennen do dei puer Leit helfen dei eppes maachen an dei aaner einfach matzeihen? Oder gesin ech daat alles an mengem jugendlechen Eifer ze schwarz (ohlàlà!) an d’wor freiher genau d’selwescht?

An der Antike wor et deels eng ganz normal Saach, dass Menschen d’Meenung vertrued hun, dass d’politesch Gescheihen vun e puer Gescheiten, beschtenfalls Philosophen dirigeiert gouf. Wir daat haut denkbar? An enger Welt an der et nemmen esou vum Drang no Fraiheet an Individualismus strotzt- och wann een net wirklech wees welch Fraiheet? Sin mir net schon ze laang drun gewinnt, dass hei selwer den ongebildesten Mensch d’Recht huet an der Politik matzebestemmen andems en wielt? An as et letztendlech net einfach nemmen richteg, dass och op politescher Basis keng Differenz tescht domm an intelligent, gebildet an onwessend gemaach get?

Ech denken schon, dass jiddfreen genau daat Recht sollt hun. Awer ech fannen et och zu deifst schued, dass eis Wuelfahrtsgeneratioun net checkt, dass et richteg as bewosst matzebestemmen, well et jo schlussendlech em eis geht. An genau daat as jo eis greisst Suerg: Eis Wuelbefannen, eis Gleck. Ech wees net, ob ech mei glecklech sin wann ech X statt Y wielen, mee ech gesin et als meng Pflicht als Bierger un, ze wessen weisou ech X wielen an net Y. Demokratie as letztendlech eng Staatsform dei fir laang laang Zait net selbstverständlech wor an et wir immens schued, wann mir Menschen liichtfärdeg domat emgoen gengen, och wann eis et hei, zu Letzebuerg, gudd hun an et net vill Grond zum Beschweiren get.

Advertisements

2 thoughts on “Maachen an net Maachen

  1. Daat ass een Grond wiesou ech (mengen ech) net fir d’Wahlpflicht sinn. Et ginn einfach ze vill Leit gezwongen eng Entscheedung ze treffen, déi hinnen “egal” ass bzw. sie just marginal interesséiert. Ech perséinlech froen mech zwar, wéi daat kann sinn, virun allem well mir eis jo awer alleguerten gären beschweieren an gudd Ideen hunn.

    Wourunner et lait, daat ass eng gudd Fro. Politik ged vill vun aale Männer an Costumen gemaach. Daat ass net extrem opreegend, mee aanersaits kann Politik awer och enorm spannend sinn an se betrefft een jo awer baal all Daach. Ech froen mech zum Beispill, waat an Amerika anescht gemaach ged, well do jo enorm vill Jonker fir hier Politiker Volontair spillen, Flyern verdeelen, asw.

    Lait et bei den Politiker? Un denen Jonken selwer? MTV? Facebook? Erzeihung/Prägung? Ech hunn bei Lëtzebuerg oft d’Gefill, ech wier am Disneyland, wou et esou schengt, wéi wann et all Mensch géif gudd goen an keen sech braischt Suergen ze maachen. Dem ass awer net esou an dofir ass et wichteg, daat Jonker net nëmmen wiehle ginn, mee och wëssen wiesou se ween wiehlen. Daat wier schon vill, mee méi Engagement am politischen (an daat muss/soll jo mol net parteipolitisch sinn) Berraich wier natirlech luewenswärt.

  2. Dir kennt mäi Standpunkt: Dat Schéint un der Demokratie ass, dass jiddereen eng Meenung däerf hunn, mä keen eng Anung brauch hunn.

    Ech ginn alt der Desillusionéirung, an der Informatiounsgewalt an Hektik vun eiser Zäit Schold, dass Jonker sech manner fir Saache wéi Politik interesséieren. D’mental Präsenz gëtt haut vill méi séier a vill méi oft vun hinne verlaangt, an do geet e bëssen u Wëllenskraaft verluer, wann d’Aussiichten entweder düster oder egal sinn. Wéi meng Mamm jonk war, gouf et eppes ze kämpfen an et gouf Idealer déi et derwäert waren: wou sinn déi haut? Internetgerechtegkeet? Ze nischenhaft. Ecologie? Mécht dach lo jiddereen. Kanner an Afrika? Dir wësst wourop ech raus wëll…

    @Joël: ech erklären dir um Pianocktail Festen, firwat menger Meenung no an Amerika Jonker fir hir Politiker Volontariat maachen, an hei net.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s