Dem Schopenhauer seng Tricks

busch1Wien un den Arthur Schopenhauer denkt, dem kennt seier d’Bild vun engem aalen, frustreierten Mann an den Kapp, den seng Matmeschen duerch pessimistesch Gedankengutt belästegt huet. As daat esou oder baseiert des Thèse nemmen op Halfwessen? Wuel wouer as, dass den daitschen Philosoph eng negativ Grondastellung zur menschlecher Konditioun haat an dest och an sengen Wierker manifesteiert huet. Sain Haaptwierk “Die Welt als Wille und Vorstellung” as haut een vun den wichtegsten philosopheschen Wierker aus den leschten Joerhonnerten an huet Kenschtler, speider Philosophen (notamment den Nietzsche den sain Wierk iwwer grouss Stecker op dem Schopenhauer senger Idi vum Wellen baseiert huet) awer och eis alldeeglech Denkweis bewosst oder onbewosst beaflosst.

Nieft komplizeierten Schreften dei tatsächlech nemmen fir eng Minoriteit zougänglech woren huet hien an engem groussen Wierk daat sech “Parerga und Paralipomena” nennt versicht dem “Durchschnettsmensch” seng Idien mei no ze brengen. Ech hun virun…kuerzem een Deel aus desem Wierk gelies, d’Buch nennt sech “Aphorismen zur Lebensweisheit” an huet sech d’Objektiv gesaat dem Mensch an deels abstrakter an oft konkreter Art beizebrengen wei een en glecklecht Liewen feiren kann. Ontypesch fir esou en aalen Pessimist-oder? Eigentlech net. Well selwer den ärmsten Tropf huet et laut dem Schopenhauer nach verdengt sain Liewen esou angenehm ewei meiglech ze gestalten andems en virun allem Leed an Nout aus dem Wee goen sollt. Dest as nämlech dem Schopenhauer seng Haaptidi, wei een sech zefridden stellen kann: D’Ofwiesenheet vun Ongleck.

Weisou ech dest Buch jiddfrengem uroden, och wann een eng eischter optimistesch Approche zum Liewen huet? Well et praktesch Tipps get wei een sain Alldaag mei flott gestalten kann, wei een besser mat sengen Matmenschen emgeht an wei een alles an allem leiert daat bescht aus senger Konditioun ze maachen. Den Schopenhauer geht enner aanerem drop an, wei wichteg et as Langweil an sengem Liewen guer net ereischt opkommen ze loossen an wei vill mei liicht et as sech selwer an sengen Matmenschen frou an heiter ze begeihnen. Heen luewt fortwährend den geeschtraichen Mensch (an zweifellos och sech selwer domat) an sengt en Loblied op d’Fähegkeet vum heischen Intellekt dien sech net mat den aaneren, eischter “onwerten” Menschen oofget an am leifsten Zait mat sech selwer- an sengen wonnerbaren Gedanken an Phantasien verbrengt. Wien d’Wierk liesen well muss mat munchen polemeschen an intoleranten Aussoen rechnen(Meedecher, opgepasst, hien wor net frou mat eis),mee dofir krit en awer tatsächlech intelligent an flott “Tipps” sain Liewen einfach mei liicht ze gestalten.

Dofir: Ech kann d’Buch nemmen weiderempfehlen an der Hoffnung, dass den een oder aaneren sech vun sengen Idien ustiechen leisst an duerch en aalen Pessimist leiert munchmol mei optimistesch ze sin.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s