“It’s a mixed bag”

Blummen bleihen nees, ma nei Musek fir mech och. En Album dien mech an den leschten Wochen begeeschtert huet an daat villaicht nach eng ganz Zait maachen wärt nennt sech “Psyence Fiction” an staamt vun der Band UNKLE. 1998 huet d’Trip Hop Band hir Carrière mat desem Wierk ugefaang an daat zimlech gudd, jo schon baal ze gudd kent et engem beim eischten Heiren fir. En gefällt mir, well en sech net op eng oder e puer weineg Musekrichtungen fixeiert, mee esou munches ausprobeiert. Duerch Hip Hop Afless kent een an den Album eran an get dann duerch immens schéin Beats weidergeleet an begeint op sengem Wee melancholesch an immens besonnesch Stemmen (Thom Yorke, Richard Ashcroft an Badly Drawn Boy hun niewt aanere Kenschtler gefeatured). Den Trip Hop Accent bleift, mee emmer nei Tein an gudd Afäll tauchen am Laaf vum Album op, oft flecken d’Museker Samples  derbei, mat denen sie deelweis en immens staarken Effekt produzeiren(flott Beispiel as do den Schluss vun “Lonely Soul”). Liicht Afless vun Metal oder och Grunge sin net ze iwwerheiren, d’keint een schon baal vun enger klenger Chronik vun Musek an den 80er/90er schwätzen. Als besonnesch heirenswert empfannen ech “Bloodstain” an “Rabbit in your Headlights”, virun allem a leschterem entzückt den Thom Yorke mat senger wonnerbar besonnescher Stemm nieft enger baal perfekter Ofstemmung vun den Instrumenter op sain Gesang.

Main Rood: Wien och emmer daat hei liest, lauschtert iech den Album un. Besonnesch schéin wann een am Bett leit an sech douce vun der Musek aweckeln leisst oder owes no engem Freihjoersdaag iergendwou baussen as, wou et gudd deet ze sin.

Advertisements

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s