En Vogue

0316725714 Dest Buch as eng Art Archiv vun Fotografien dei seit Ufang vum 20ten Joerhonnert am Kader vun dem Magazine Vogue entstaan sin. Greisstendeels handelt et sech em Portraitfotoen, wei den Titel et schon beseet. Op der Ausgab dei bei mir doheem leit, ziert d’Kate Moss am Nude Look d’Cover. Sain Gesiicht zeugt op der Opnahm vun enger natirlecher Scheinheet, dei een eischter seelen bei der britescher Ikon ze gesin krit. Villaicht soll dest en dezenten Hiweis drop sin, wei den Fotoband zesummengesaat as. Fotoen vun perfekten Scheinheeten dei net emol en Uflug vun engem Makel hun sin an desem Buch praktesch net ze fannen. Vill mei hun dei zwee Männer(Robin Derrick an Robin Muir) dei d’Wierk zesummengestalt hun Menschen aus villen verschiddenen Kategorien ausgewielt ounie bei der Aesthetik hänken ze bleiwen, respektiv beim reng gudden Ausgesin. Vill Kenschtler sin am Fotoband oofgebild, dei eng besonnesch Fähegkeet haaten kombineiert mat engem markanten oder einfach immens besonneschen Ausgesin.

Niewt Schreftsteller(Dylan Thomas, Tennessee Williams…), Moler(Salvador Dalì, Henri Matisse…) an Politiker(Winston Churchill, Général de Gaulle…) mangelt et -wei keint et bei der Vogue och aanescht sin- natirlech net un glamoureisen Schauspielern, Diven an jonken (domols nach mei oder manner flotten) Musekern(Mick Jagger…). Jiddfreen den eppes duergestalt huet, sief et an der Moudebranche, am Filmgeschäft oder an Kenschtlerbewegungen haat an der Vogue eppes ze sichen, sou huet d’Magazine emmer probeiert en vogue ze bleiwen an sech gesellschaftlechen an munchmol och politeschen Tendenzen unzepassen. D’klengt baal onfaassbar, dass dei gro Eminenz vun den daitschen Schreftstellern aus der eischter Halschent vum 20ten Joerhonnert, den Thomas Mann zu Venedeg op engem Strandstull setzend an der Vogue oofgebild gin as. Genau esou interessant as, dass den franseichen Surrealist André Breton fir d’Vogue Modell gestaan huet, eben esou wei d’ Schreftstellerin Virginia Woolf an den wonnerbaren Fritz Lang.

Besonnesch op den eischten Saiten vum Buch sin eng ganz Reih vun Fotoen eremzefannen, dei vum Edward Steichen, dem “eischten” Moudfotograf gemaach goufen. Alleng weinst der onheemlecher Scheinheet vun desen Biller an villen aaneren lount et sech, dest Wierk ze kaafen. Frai vun iwwerflessegem Prunk as et en fantastescht Beispill fir eng Funktioun dei d’Vogue freiher haat, nämlech d’Verbreedung vun interessantem Gedankengut, sief et politescher oder kenschtlerescher Natur, d’Ennerstetzung vun Talenter wei uewen genannt, dem Steichen oder och den Zougang vun groussen Perseinlechkeeten direkt zum Lieser, sou huet beispielsweis den Aldous Huxley fir d’Vogue Bicher reviewed. Schlussendlech as d’Vogue reckbleckend och en immensen Zaitzeien, hiren Inhalt huet villes eremgespiggelt, waat domols kuturell passeiert as, eremgespiggelt wei d’Welt an hir Awunner sech entweckeln an awer emmer hiren klassesch scheinen Stil gewuert. An mengen Aan wor (an as deelweis och haut nach) d’Vogue vun ausseruerdentlechem ästheteschen an zuglaich intellektuellen Wert. Hei(Orson Welles fotografeiert vum Cecil Beaton) nach en lescht Beispiel fir des These.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out /  Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out /  Change )

Connecting to %s