Kennen, Sollen an Hoffen

Fir main Gebuertsdaag hun ech en Buch geschenkt krit. Ech fannen, dass Menschen zu hirem Gebuertsdaag net mat Bicher beschenkt gin sollten oder weinstens: Net mat Saachbicher. Eischt Mierkmaler vun mengem Cadeau: D’war deck, fuerweg an d’Schreft wor iwwergrouss. Brr! Den Titel: “Wer bin ich – und wenn ja wie viele?” huet mir ganz a guer net gefall, huet banal an doof geklong. Den Ennertitel huet sech e bessen besser unheiren: “Eine philosophische Reise”. Awer nach emmer wor ech net begeeschtert. Ereischt no den Informatiounen iwwer den Auteur, Richard David Precht, haat ech Loscht d’Buch unzefänken. Hien as Publizist an Essayist, souwei fraischaffenden Philosoph. Souvill zu den neztlechen Informatiounen. Hei e puer onnetz Geschier: Hien gesait charismatesch an flott aus, wunnt deels zu Köln an deels zu Letzebuerg an as mat der Journalistin Caroline Maart bestued. Oho. Begeeschtert, dass en Bestsell-Auteur zu Letzebuerg wunnt an vun der Beschreiwung op der Recksait hun ech mech dann awer dem Liesen gewidmet.

An der Erwaardung, dass d’Buch engem philosopesch-esoteresch ugehauchten Selbstfannungsprozess glaicht, wor ech schnell iwwerascht souwuel vum Inhalt ewei och vun der Form vum Buch. Den Precht huet eng kloer, präzis an ennerhalsam Art an Weis ze schreiwen an mecht dem usprochsvollem wei och dem eischter ontraineierten Lieser et licht seng Gedanken novollzeihen ze kennen. Onneideg intellektuell Floskeln sou wei iwwerkomplizeiert Definitiounen leisst hien sin an konzentreiert sech op daat Wesentlecht fir dem Duerchschnettsmensch esou all meiglech Phänomener an Denkprozesser nozebrengen. D’Liesen geht relativ rapid virun sech an bereet alleng duerch sain erfreschend ennerhalsamen wei och eeschten Stil Freed. Mei wichteg wei den Kader as awer daat wouriwwer den Här Precht schreift. Heen huet sech un dem Immanuel Kant sengen 4 groussen Froen inspireiert: Was kann ich wissen? Was soll ich tun? Was darf ich hoffen? Was ist der Mensch? Den Precht huet sain Wierk no denen 3 eischten Froen agedeelt, dei 4t huet en op der Sait gelooss an dem Glaawen, dass sie sech duerch d’Beäntwern vun denen aaneren 3 erüblecht. No desem Prinzip geht den Precht op all meiglech Facetten vum menschlechen Wiesen an mat Hellef vun Philosophie, Theologie, Naturwessenschaft an allerhand eegenen Reflexiounen iwwer den Gott an d’Welt. Wichteg fir hien as ze klären wei bedeitent Philosophen (vun Platon iwwer Schopenhauer bis zu Sartre) des Froen, och wann sie sech se aanescht gestalt hun, beäntweren. Klassesch Themen wei d’Existenz vu Gott, eist “Ech”, d’menschlech Fraiheet oder d’Meiglechkeet vun engem gerechten Zesummenliewen gin behandelt, awer och eischter modern an aktuell Kapitel spillen fir den Precht eng wichteg Roll, beispielsweis orienteiert heen sech an senger “Analyse” vum Mensch daitlech un der Forschung, virun allem waat d’menschlecht Gehier ubelaangt. Sou graift heen net nemmen mei op Psychologen wei den Freud oder den Jung zereck, mee ziteiert och reaktionär Forscher an probeiert den Mensch an sain Verhaalen zu engem groussen Deel duerch Prozesser an Virgäng am Kapp ze erklären. Den Neurotransmitter steht an desem Buch dem traditionellen Philosoph an naischt no. Themen dei op enger gewesser Basis all Mensch betreffen graift den Precht an sengem Buch duerchaus och op, sou schreift hien iwwer Frendschaft an Leift oder iwwer Besetz an Konsum. Besonnesch dei contemporaine Sait huet mir um Buch gudd gefall, den(vermeintlechen)Klimawandel, d’Fro vum Zweck vum Krich respektiv vum Fridden oder och d’bedrohlech Laach vun munchen Deirenarten  stellen Themen duer mat denen mir haut (ob mer wellen oder nunmol net) konfronteiert gin an do fannen ech et duerchaus schéin ze liesen, waat Philosophen, Forscher oder Psychologen dozou soen an net nemmen matkreien waat d’Letzebuerger Wort oder RTL News mir do verzielen.  Philosophie, Wessenschaft, Psychologie, Justiz an Theologie dierften an desem Buch mat mei oder manner gudden Usätz zum Zuch kommen.

Mat Secherheet as et nemmen eng minimal Afeirung an dei vaste Wessensgebidder, awer duerchaus informativ an helfraich beim Orienteiren an dem riesegen Seih vun Philosophie an Wessenschaft. Menger Meenung no as dest Buch ounie Ausnahm fir jiddfreen geegnet, den sech och nemmen en bessen um Mensch an sengem Liewen mat an op der Erd interesseiert. Firkenntnisser sin net neideg, besonnesch intensivt Liesen och net. Dohier: Beschaaft iech dest Buch(verleihnen et och gär) an fannt eraus waat den Kant ausser philosopheiren gemaach huet(gudd, daat as wierklech langweileg, den ollen Kant huet nämlech ausser dem naischt gemaach) oder wei dir wuel reageiren geift wann der den Choix tescht dem Doud vun ärer Mamm oder dem vun engem decken Mann op enger Breck hät. Dem Precht sain Wessensduuscht stecht un, also: Hopp Hopp! : )

Advertisements

4 thoughts on “Kennen, Sollen an Hoffen

  1. Ech fanne jo, jidderee soll fir säi Gebuertsdag op mannst ee Buch geschenkt kréien. Am beschte schreift ee vir an d’Buch mat Bläistëft eng perséinlech Widmung dran. Well, Bicher sinn eppes flottes a perséinlech Widmungen nach vill méi.

    An jo, lo hunn ech effektiv Loscht kritt, dat Buch ze liesen. Wier de Cover nëmmen net sou ellen …

  2. Joël, daat waats de sees as jo schon wouer(opwuel ech fannen, dass net all Buch daat een verschenkt eng Widmung enthaalen muss, och net fir den Gebuertsdaag), en Buch as en flotten Cadeau eigentlech. Awer heinsto wenscht een sech nunmol eppes waat (nach) mei Spass brengt ewei en Buch: )

  3. Ech sinn och absolut fir Bicher ze promouvéieren a schenken 🙂

    Hunn dem Precht säi Buch och virun enger Zäit gelies. Fannen et relativ gutt well et Philosophie an Wëssenschaft elegant mateneen verbënnt an trotzdem ziemlech verständlech bléiwt.

    Virun kuerzem hat den Precht jo suguer an 6 Kéieren op der Uni Lëtzebuerg iwwert d’Themen aus sengem Buch do geschwat. Ech woer die eischt 3 Kéieren do. De Sall woer briechend voll an de Precht ass en exzellenten Speaker! Super Stëmm, genau dee richtegen Rythmus, etc. D’Läit woren wéi gebannt … sou stellen ech mer och vir, wéi et fréier an Griechenland woer, wann ee Philosoph eng Ried gehal huet!

    ps. woers de den Gran Torino da lo schon kucken? 😉

  4. Grommel,lo sin ech richteg jalous,dass du hien schon mol an natura gesin hues. Haat virun kuerzer Zait eng Diskussionsronn iwwer Erzeihung vun Kanner gesin un der heen och bedeelegt wor an mir as seng lacker an frai Art ze schwätzen positiv opgefall.

    Jo hun den Gran Torino schon gesin.War mer net wierklech derwert hei driwwer ze schreiwen,obwuel ech en mat Secherheet net schlecht fond hun.D’Themen dei den Eastwood opgegraff huet an och d’Maneier wei en mat denen emgaang as huet mir gudd gefall,ech hun den Film allerdengs vun Zait zu Zait en bessen over the top fond weinst dem Clint Eastwood senger Art ze spillen.Hun ech einfach en Tick ze intensiv fond,virun allem um Ufang.

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s