We love Lula

lula_7_cv1-431x600Ech wees, dass Fraenzeitschreften, sief et eng Schlank&Kach Zeitung wei d’ “Brigitte” oder en traditionellt Moudemagazin wei d’ “Vogue” en relativ schlechte Ruff bei Männer an wahrscheinlech och bei sou munchen Fraen hun. Wouer as, dass et zu Letzebuerg bis op ganz ganz weineg Ausnahmen erschreckend weineg richteg gudd, onkonventionell an usprochsvoll Zeitungen fir jonk (Fraen) get. Ech gesin nieft Moudfotografien(mat denen ech duerchaus frou sin, falls se dann schéin sin), Tipps fir “fit an gesond” ze bleiwen oder “sech en Mann ze angeln” weineg Artikel dei d’Fra net wei eng Popp duerstellen oder vun den allgemengen Clichés lassloossen. Mech interesseiert et net ob ech 10 Tipps kreien wei ech mech am beschten kann rächen oder ob den Jake Gyllenhaal mam Reese Witherspoon zesummen as. An eiweg Diätempfehlungen an Kalorientabellen sin dach doof. Fro: Get et en Konsens tescht dem waat en Meedchen gär huet an senger Natur als weiblecht Wiesen entsprecht an usprochsvoller Ennerhaalung, Artikeln iwwer Musek, Filmer, Bicher, sprech:Kultur an vertriedbarer Form. Lula.

D’Lula hun ech mir fir d’eischte Keier virun ongefeier drai Joer kaaft. Bis elo gin et siwen Ausgaben, jeweils eemol Ufang Summer an Ufang Wanter kennt eng eraus. Hir Titelblaat as schlicht gehaal, em dei 200 Seiten huet d’Magazine an besteht aus engem immens gudde Material. Huet een d’Lula bis opgeschlo mierkt en seier weivill Meih an Arbecht hanner desem Projet stecht. Keng Foto schengt vernooleissegt, d’Artikeln sin gudd geschriwwen an uerdentlech rechercheiert. Vum Opbau hir vill Fotoen, Berichter, e puer Interviews. Oft get eng Ausgab an den Limiten vun engem bestemmten Thema gehaal. Sief et Retro Moud oder den extravaganten Seventies Stil.

D’Fotoen sin un sech staark no engem Prinzip ausgewielt, genausou wei d’Themen dei an der Zeitung behandelt gin: Ugesprach sollen, wei et mir schengt, Meedecher gin, dei sech latent fir Moud interesseiren, awer dobai net onbedengt fir eng klassesch Vuitton Posch, mee eischter fir verdreemt, fantasievoll an verspillt Stecker. Sou gin dann och öfters Schauspielerinnen oder Models fotografeiert dei genau fir desen Stil bekannt sin (Kirsten Dunst an daat wonnerbart Keira Knightley, fir der zwee ze nennen). D’Maacher vun Lula supposeiren iergendwou, dass Meedecher dei sech eischter fir Vintage an romantesch Moud interesseiren och en Interesse fir Filmer oder Bicher, respektiv Personnagen hun, dei sech ausserhalb vum allgemengen Interesse befannen, ausgefaalen oder schéin op hir eegen Art an Weis sin. Onrecht hun se wahrscheinlech net domat. Mir huet eng Fotostreck an en sech dorun uschleissenden Bericht iwwer “Harold and Maude” immens gudd gefall, en Film den sech gudd an d’Magazine afügt. Ennerstetzt gin och independent Kenschtler, dei hir Wierker iergendwou präsenteiren wellen awer selwer och net genee wessen wei. D’Lula brengt gären hir Arbechten, Zeechnungen oder Fotoen dem Lieser mei no. Hier Auteuren brengen oft Perseinleches an hir Artikeln mat eran, waat immens agenehm as an en gewesst Empathievermeigen vis-à-vis vum Lieser beweist. D’Lula as eng Zeitung dei sech un Meedecher an jonk Fraen(oder jonk Männer) adresseiert, dei sech fir besonnesch Moud interesseiren, sech gär vun schéinen an verdreemtenen Biller alullen loossen an sech einfach an enger wonnerbar meedechershafter an dach clichéfraier Welt verleiren wellen.

Advertisements

One thought on “We love Lula

Leave a Reply

Fill in your details below or click an icon to log in:

WordPress.com Logo

You are commenting using your WordPress.com account. Log Out / Change )

Twitter picture

You are commenting using your Twitter account. Log Out / Change )

Facebook photo

You are commenting using your Facebook account. Log Out / Change )

Google+ photo

You are commenting using your Google+ account. Log Out / Change )

Connecting to %s